Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angrytonguecrying
Iwwert 600 Persoune waren 2017 ouni Führerschäi mam Auto ënnerweess a goufen erwéscht
Cool International Stories WTF

Iwwert 600 Persoune waren 2017 ouni Führerschäi mam Auto ënnerweess a goufen erwéscht

Dobäi sinn dës Zuele méi niddreg, wéi nach am Joer

Amerikanesch Procureure wëllen den 3D-Ausdrock vu Waffe verhënneren
Cool International Stories WTF

Amerikanesch Procureure wëllen den 3D-Ausdrock vu Waffe verhënneren

D‘Procureure vun aacht US-Bundesstaaten an der Haaptstad Washington wëllen d‘Justiz

Schluss mat Plastik – d’EU-Parlament plangt een neit Gesetz géint Ee-Wee Plastik
Cool International Stories WTF

Schluss mat Plastik – d’EU-Parlament plangt een neit Gesetz géint Ee-Wee Plastik

Gëschter huet d’EU-Parlament an enger éischter Liesung een neit Gesetz

coolsurprise

Viru 40 Joer: déi iranesch Revolutioun

Viru 40 Joer: déi iranesch Revolutioun

An de Kannerae vum Mohammad Hassan Sharifizadeh huet d’Revolutioun, déi de leschte Schah vu Persien sollt vum Troun stoussen, viru 40 Joer mat enger besonnesch ongewinnter Zeen an enger Moschee vu Ghom ugefaangen…

Den 8. Januar 1978 (18. Dey 1357 am iranesche Kalenner N.v.d.R.) „hat ech aacht Joer a mir haten eng reliéis Zeremonie“ erënnert sech dëse Verkeefer vu Séissegkeeten op der Esplanade vum Sanctuaire vum Fatima Massoumeh, e Wallfaartsuert dee Qom zu enger vun den hellegste Plazen am Iran gemaach huet. Deemools hat de Mullah „säin Turban ausgedoen an op de Buedem geschmass a behaapt, datt een eis Quell vun der Inspiratioun beleidegt hätt“, den Ajatollah Ruhollah Khomeiny.

Symbolesch betruecht, ass dëse Geste, sech engem „hellegen Zeechen“ ze entleedegen, immens staark a kann sech eenzeg duerch eng gewalteg Beleidegung rechtfäerdegen. An deen Dag war den Affront „gewalteg“.

Een Dag virdrun, hat d’Regierungszeitung „Ettelaat“ e Pamphlet mam Titel „Den Iran an de rout-wäisse Kolonialismus“ publizéiert, an deem den Auteur zimlech onverschimmt mam Ajatollah Khomeiny ëmgaange war. Den Ajatollah Khomeiny, eenzeg Oppositioun géintiwwer dem Schah Mohammad Reza Pahlevi, war zanter 1964 am Exil.

Am Artikel ass den Ajatollah Khomeiny, deen de Papp vun der islamescher Republik Iran sollt ginn, beschëllegt ginn e briteschen Agent ze sinn. Et war riets, datt hien net wierklech Iraner wier, mat de Kommuniste géif komplottéieren a versiche géif dem Schah seng reliéis Autoritéit ze diskreditéieren.

Provokatioun

Moies zu Teheran gedréckt, kënnt d’Zeitung eréischt am Nomëtteg zu Ghom (120 Kilometer südlech vun der Haaptstad) un. Enseignant an enger vun den „Hawzat“ (theologesch Seminären), erënnert sech de 70 järegen Ajatollah Seyyed Hossein Moussavi Tabrizi, un d’Aart a Weis wéi hie Kenntnis vum Pamphlet geholl huet.

„Et war Owes siwen Auer, wéi mir zwee oder dräi vu menge Schüler d’Zeitung bruecht a mech gebieden hunn den Artikel ze liesen“, erzielt der AFP dëse fréiere Procureur an zweefachen Deputéierten, deen haut nees zu Ghom enseignéiert. „Et war dat déi Drëps déi de Kiwwel zum iwwerlafe bruecht huet. Esou de Khomeiny ze beleidegen, ze behaapten hie wier de Kniecht vun den Briten, dat war eng Beleidegung fir de ganze Klerus, eng Provokatioun“.

Rapid huet sech d’Géigewier organiséiert. Nach um selwechten Owend, versammelt den Ajatollah Tabrizi eng Dose Geeschtlecher. Hien ass ferm entschloss als Zeeche vum Protest, den Dag drop kee Cours ze halen an den Artikel ze veruerteelen. Eng seele Mesure… Mee schonn um iwwernächsten Dag, huet hien den Enseignement nees opgeholl a Positioun zu Gonschte vum Imam Khomeiny ergraff.

Den 8. Januar gëtt de Streik vun de Studenten, vu Manifestatiounen an Zesummestéiss mat der Police begleet. De 9. Januar erënnert sech den Ajatollah Tabrizi, wiisst de Mouvement mat der Ënnerstëtzung vun den Händler aus dem Bazar, déi och a Streik trieden.

Et waren dausende Mënschen an de Stroossen ënnerwee, déi feindlech Slogane géint d’Regierung an de Monarch geruff hunn. Dem Schah seng Autoritéit gëtt wéinst enger Politik vun de Reformen an der Modernisatioun, déi onheemlech onpopulär sinn, a Fro gestallt. Och seng Allianz mat den USA, an engem Kontext vu sozialer Ongläichheet, enger generaliséierter Korruptioun an autokrateschen Iwwergrëff, stousse beim Vollek oppen Dieren an.

Se hu geschoss

Den Abolfazl Soleimani war deemools 24 Joer jonk. „Ech hunn un de Manifestatiounen zu Ghom deel geholl. D’Police huet ugefaange mat schéissen, fir unzefänken an d’Luucht, mengen ech emol. Dunn ass op d’Leit geschoss ginn. Et gouf Doudeger a vill Blesséierter“.

Zu de Virfäll schreift de Schrëftsteller an Historiker Michael Axworthy a sengem Buch „Revolutionary Iran“: „Déi éischt Informatioune schwätze vun 20 oder 30 Doudegen, mee an der Realitéit waren et der net méi wéi fënnef“.

Wéi och ëmmer… d’Noriicht vun der Repressioun zu Ghom verbreet sech wéi e Laffeier a provozéiert Manifestatiounen uechtert d’ganz Land. Den 18. Februar, konform zu der schiitescher Traditioun, si fir de 40. Trauerdag an 12 Stied Gedenkfeieren zu Éiere vun den Affer vu Ghom organiséiert ginn.

Zu Tabriz (Nordosten) geréit d’Situatioun ausser Kontroll. D’Police schéisst blannemännerches an d’Leit. Laut dem Axworthy stierwen dobäi wéinstens 13 Mënschen. A sengem Buch ass riets, datt sech am Uschloss en Zyklus vu Manifestatioune/déidlech Repressioun vu „véier mol 40 Deeg“ entwéckelt, deen eréischt am Juni ophält, wahrscheinlech aus Angscht virun der ëmmer méi brutaler Gewalt déi de Pouvoir ausüübt.

Mee d’Geschicht kann een net ophalen. An der zweeter Hallschent vun 1978, huelen d’Protester zou. „All repressive Regimm grueft sech säin eegent Graf“, esou den Ajatollah Tabrizi.

De 16. Januar 1979 verléisst de Schah den Iran. Hie sollt ni méi zréck kommen. Den Ajatollah Khomeiny sengersäits verléisst den 1. Februar Frankräich a gëtt zu Teheran vun enger immenser Mënschemass empfaangen. Déi lescht imperialistesch Regierung fält zéng Deeg méi spéit.

Fir d’nächst Joer si grouss Zeremonie zu Éiere vum 40 Jubiläum vun der Revolutioun virgesinn. Et soll en Zeeche setzen a d’Laangliewegkeet vum islamesche Regimm ënnersträichen.

Eckdate vun der islamescher Revolutioun

Islamesch Revolutioun

Den 1. Februar 1979 kënnt den Ajatollah Khomeiny zu Teheran un, wou hie vun enger enthusiastescher Mënschemass no 15 Joer Exil empfaange gëtt.

Den 11. Februar annoncéiert den iranesche Staatsradio d’Enn vun 2.000 Joer Despotismus an de Niddergang vun der Diktatur vun de Kinneken.

Den 1. Abrëll gëtt déi islamesch Republik proklaméiert.

Amerikanesch Geiselen

De 4. November stiermen islamesch Studenten d’US-Ambassade zu Teheran an huelen 52 Diplomaten als Geiselen. Si veruerteelen d’Hospitalisatioun vum Schah an Amerika a fuerdere säi „Retour“. D’Geiselnam dauert 444 Deeg.

Am Abrëll 1980 brécht Washington seng diplomatesch Bezéiunge mat Teheran of a beschléisst e kommerziellen Embargo. 10 Méint virun der Fräiloossung vun de Geiselen.

Krich mam Irak

Den 22. September 1980 schéckt den Irak seng Truppen an den Iran, nodeems Bagdad d’Accorde vun Alger aus dem Joer 1975 gekënnegt huet. Déi Accorde sollten dem Grenzsträit vum Floss Chatt al-Arab bäileeën.

Aacht Joer méi spéit, den 20. August 1988 trëtt de Waffestëllstand a Kraaft. De Konflikt huet ronn eng Millioun Affer gefuerdert.

Rafsandjani

Nom Doud vum Ajatollah Khomeiny am Juni 1989, gëtt den Ajatollah Ali Khamenei, President zanter 1981, de geeschtleche Leader vum Iran.

Am Juli vum selwechte Joer, gëtt de moderéierte konservativen Akbar Hachémi Rafsandjani zum President gewielt. 1993 gëtt hien a sengem Amt bestätegt. Hie baut d’Land nees op a wëll sech politesch dem Westen zouwennen.

1995 verhänken d’USA en totalen Embargo géint den Iran.

E Reformer

Den 23. Mee 1997 gëtt de Reformer Mohammad Khatami zum President gewielt.

Am Juli 1999 kënnt et zu massiven Onrouen, nodeems eng Manifestatioun vu Studenten, déi sech géint d’Schléisse vun enger Zeitung agesat haten, vun der Police brutal opgeléist gi war. Weider Manifestatioune vu Studenten hunn dem Khatami seng Presidence begleet.

Erëmgewielt am Joer 2001, huet de Khatami aacht Joer laang géint de Widderstand vun de Konservative versicht Reformen duerchzesetzen.

D’Achs vum Béisen

Ufank 2002 klasséiert den US-President George W. Bush den Iran als e Land vun der „Achs vum Béisen“ an. Den Iran gehéiert elo mam Irak a Nordkorea zu deene ganz „schlëmmen“ a gëtt beschëllegt den Terrorismus ze exportéieren, a sech wëlle mat Massevernichtungswaffen auszestafféieren.

Ultrakonservativ

De 25. Juni 2005 gëtt den ultrakonservative Mahmoud Ahmadinejad President vum Iran. D’Land wennt sech nees sengem Atomprogramm zou. Den Ahmadinejad stellt den Holocaust a Fro a wënscht sech Israel vun der Kaart ze sträichen.

Am Juni 2009 gëtt hien erëmgewielt, wat zu massive Protester féiert. Mat Gewalt gëtt de Mouvement gestoppt.

Nuklearofkommes

De 15. Juni 2013 gëtt de moderaten Hassan Rohani als President un d’Spëtzt vun der islamescher Republik gesat.

Am September vum selwechte Joer, bei der Geleeënheet vun der UN-Generalversammlung, ënnerhalen sech den iranesche President an de Barack Obama um Telefon. Dat hat et zanter 1979 op deem Niveau net méi ginn.

De 14. Juli 2015 setzt en Accord tëscht dem Iran de Groussmuechten dem 13 järegen Atomsträit en Enn. Den Accord garantéiert déi zivil Notzung vun der Atomkraaft, woufir iwwer zéng Joer déi wirtschaftlech Sanktioune sollen ofgebaut ginn.

Kaméidi mat Saudiarabien

Am Januar 2016 brieche Saudiarabien a seng Alliéiert, nom Dout vun engem saudesche schiitesche Geeschtlechen, hir diplomatesch Relatioune mam Iran of. Saudiarabien beschëllegt den Iran sech an d’Politik vun den arabesche Länner anzemëschen an regional Konflikter ze fërderen.

De 19. Mee 2017 gëtt den Hassan Rohani erëmgewielt, mat der Ënnerstëtzung vun der Reformer an de Stëmme vun den iranescher Jugend. Hie gëtt allerdéngs beschëllegt net seng Wahlverspriechen anzehalen, an d’Leit ginn op d’Strooss fir sozial a wirtschaftlech Reformen. Zesummestéiss mat der Staatsgewalt fuerderen op mannst 21 Mënscheliewen.

mam Marc Jourdier/AFP

Foto (Archiv): Den 1. Februar 1979 kënnt den Ajatollah Ruhollah Khomeiny zu Teheran un, no 15 Joer Exil a Frankräich. © Gabriel Duval/AFP

Ähnlech Sujeten Ajatollah Ali Khamenei, Ajatollah Ruhollah Khomeiny, Hassan Rohani, Iran, Islamesch Revolutioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel