Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wahlen an der D.R. Kongo: Keng Resultater awer Tendenzen
https://moien.lu/where-to-hook-up-in-hong-kong/

Wahlen an der D.R. Kongo: Keng Resultater awer Tendenzen

An der Demokratescher Republik Kongo (DRK) ass ee Sonndeg gewielt

eso dating
https://moien.lu/where-to-hook-up-in-hong-kong/

Wéini kennt endlech e Changement an der Drogepolitik? (Lieserbréif)

De Staat sollt selwer zum Dealer ginn, esou wéi dat

LAR bréicht Finanzmëttel fir Formatiounen
https://moien.lu/where-to-hook-up-in-hong-kong/

LAR bréicht Finanzmëttel fir Formatiounen

Wann ee Biller vu Bëschbränn am Ausland gesäit, kënnt et

Iranesche President vun der Jugend erëmgewielt

Iranesche President vun der Jugend erëmgewielt

Um Samschdeg gouf de moderéierte President Hassan Rouhani mat enger däitlecher Majoritéit als politesche Leader vum Iran fir eng zweet Amtszäit erëmgewielt. Eng Wal déi den 68 Jäeregen an éischter Linn mat de Stëmme vun der Jugend gewonnen huet. An et war dann och dës Jugend, déi no de Wale bis spéit an d’Nuecht hir Freed zu Teheran zum Ausdrock bruecht huet.

Mat „Ee laangt Liewe fir de Rouhani“ a „Vive d’Reformen“ hunn no Sonnenënnergang an der iranescher Haaptstad d’Leit sech op Strooss begi fir hirer Satisfaktioun Ausdrock ze ginn. Autoskolonne mat massivem Getuuts hunn sech iwwert d’Haaptachse vun Teheran verdeelt a wat et méi déif an d’Nuecht gaangen ass, waren et dann och ëmmer méi Leit, déi sech de Feierlechkeeten ugeschloss hunn.

Jongen a Meedercher sinn zesummen, klappen an d’Hänn, droe mof a gréng Bänner, Foularden a Bandanas, d’Faarf vun de Moderéierten a Reformer déi den Hassan Rouhani ënnerstëtzen. Ongezielten iranesch Fändelen, Portraite vun erëmgewielte President a vum deemolege Reformer Mohammad Khatami (1997-2005) dee immens populär bliwwen ass, trotz de Restriktiounen déi de Regime him operluecht huet. D’Mënsche fuerderen dann och, datt d’Leader vun de Reformen, de Mir Hossein Moussavi a Mehdi Karoubi, déi säit 2011 ënnert Hausarrest stinn, solle fräi gelooss ginn.

Tëscht dem Gejäiz, dem Getuuts, de Gesäng a Museksanlagen déi bis Uschlag opgedréint sinn konnt een d’Supporter „Mir sinn esou frou“ bierelen héieren. Kee Wonner huet deen „Aale“ President säi Kontrahent Ibrahim Raissi – ee konservativ reliéisen deen dem ieweschte Führer Ali Khamenei nosteet – mat fantastesche 57% géint 38% no enger haarder Campagne kloer geschloen.

En ongemittleche Wahlkampf

De Rouhani hat déi Konservativ beschëllegt „Extremiste“ a „Gewaltbereeter“ ze sinn. De Raissi sengersäits huet de Moderéierte virgeworf just un déi räichsten am Land ze denken. „No engem stressege Mount si mir wierklech erliichtert“, seet de 27 Jäeregen Afshin deen a Begleedung vun engem jonke Meedchen ass, deem seng Hoer ganz mof gefierft sinn. De Wëllen sech der Welt opzemaache schätzen déi jonk Leit, déi ganz besiess vun den neien Technologië sinn an all nei Produkter, materiell wéi och kulturell, begieren. „Mir wëlle vun der Welt gutt behandelt ginn an als ziviliséiert Natioun unerkannt ginn“, seet Pegah, eng Studentin vun 21 Joer.

An der helleger Stad Machad, wou d’Concerte vum Imam vum Freideggebiet, dem äerzkonservativen Ajatollah Ahmad Allamolhada a Schwéierpapp vum Raissi, verbuede gi sinn, jäizen déi Jonk „Mir hunn d’Stad net verlooss, mir hunn se zeréckgewonnen.“ „Gitt anzwuersch anescht wann der Concerte wëllt organiséieren“, huet den Ajatollah gefuerdert, mee et huet keen en héieren.

D’Supporter vum Hassan Rouhani hunn dann och de Wonsch, datt d‘Verännerungen an d’Reformen net a véier Joer op en Enn ginn, wann de populäre politesche Leader säin zweet a lescht Mandat beendegt. An de Cortègë vun Teheran war dann och een Transparent ze gesi wou dropstoung „Wann’s de gees, Rouhani, looss d’Schlësselen ënnert dem Teppech fir den (Es-Hagh) Jahanguiri“, säin éischte Vizepresident.

Keen einfache Stand

No der Euphorie gëllt et awer ee Punkt ze maachen an ee Bléck op d’Zukunft vum Hassan Rouhani ze werfen. De steet viru groussen Erausfuerderungen. Als éischt sinn do déi äerzkonservativ déi sech senger politescher Ouverture entgéintstelle wäerten. Direkt derhannert, d’USA, déi sech éischter mat Saudi-Arabien verbonne fillen, en Äerzfeind vum Iran.

Déi juristesch Muecht an d’Wiechter vun der Revolutioun, d’Arméi Elite vum islamesche Regime, eng verbonne mat de radikal konservativen, sinn streng géint eng Erweiderung vun de Fräiheeten an der Gesellschaft och hunn och keen Interessi un enger Zesummenaarbecht mam Westen, déi de Rouhani ustrieft. Dës net gewielten Institutioune „wäerten alles dru setzen dem Rouhani seng Reformen ze verhënneren“, affirméiert de Clément Therme, Analyst vum internationalen Institut fir strategesch Etuden (IISS).

Senger Aschätzung no wäert de Rouhani en Akzent op d’Wirtschaft setzen an „wann et eng zu enger Verbesserung vum Liewensalldag kënnt, stäerkt hien esou seng Positioun fir d’Reformen am Beräich vun den ziville Rechter duerchzesetzen.“ D’Wirtschaft ukuerbelen dierft awer net einfach sinn.

Dat ass dem Fait ze verdanken, datt trotz dem nuklearen Accord dee mat de Groussmuechte fonnt ginn ass, Washington dem Iran feindlech gesënnt ass a Sanktiounen opriicht hält déi den internationale Banken an auslänneschen Investisseuren Angscht maachen. Bedenklech am besonneschen, datt den Donald Trump gedréit huet den nuklearen Accord ze zerrappen. Esou huet den amerikaneschen Ausseminister Rex Tillerson, bei der Staatsvisite vum Trump a Saudi-Arabien gemengt, datt d’Ziel vun den USA wier „dee schlechten iraneschen Afloss“ an der Regioun ze bekämpfen.

Europa an Asien zouversiichtlech

D’Meenung vun dem Amerikaner deelen dogéint eng ganz Rei Regierungen net. Esou hunn sech d’Europäer, d’Russen an vill asiatesch Länner ganz erfreet iwwert d’Victoire vum Hassan Rouhani gewisen a vertrauen dem nuklearen Accord. Si wëllen awer och vum räichen iranesche Maart profitéieren an investéieren. Dat ass säit den internationale Sanktiounserliichterunge vum Januar 2016 méiglech.

Vill Investisseure vun deenen ech säit Méint näischt méi héieren hat hu mech nees ugeruff a schonn hire Fligerbilljee kaf“, bestätegt um Samschdeg der AFP de Farid Dehdilani, Beroder bei der iranescher Organisatioun fir Privatiséierung. „De Rouhani wäert mat enger méi strenger Aart a Weis säin ekonomesche Programm weiderféieren, mat produktiven Investissementer fir auslännescht Kapital unzezéien“ sot hie weider.

Bleift also ze hoffen, datt den Hassan Rouhani, an dee besonnesch d’Jugend am Iran vill Hoffnung setzt, déi net ze ënnerschätze Konservativ am Land an de Grëff kritt. De President huet jiddefalls bewisen, datt hie politesch méi drop huet wéi de Khatami. Och ass hie schonns esou laang am Krees vun den Entscheeder vum Regime, datt hie sollt wësse wéi ee mat senge Géigner ëmgoe muss. Eng Ëffnung vum Iran a méi Fräiraum fir déi folgend Generatiounen ass noutwenneg an de richtege Schratt deen d’Land brauch.

Patrick Kleeblatt/Ali NOORANI (AFP)

Foto: D’Supporter vum erëmgewielte President Hassan Rouhani danzen op der Vanak Plaz zu Teheran fir d’Victoire ze feieren. „Den Iran huet de Wee fir d’Verstännegung mat der Welt gewielt“ sot de Rouhani. Behrouz MEHRI / AFP

 

 

 

Ähnlech Sujeten Hassan Rouhani, Iran
Nächsten Artikel Virrechten Artikel