Kann een dat iranescht Atomofkommes nei Verhandelen?
Den Iran gesäit net wou den Interêt soll leien, mat den USA nees Gespréicher opzehuelen, fir iwwer en Atomofkommes ze verhandelen, dat Washington zerrappt huet. Et géif kengerlee Garantien, datt d‘USA op emol gewëllt wieren, en Accord ze respektéieren. Esou d‘Deklaratioun vum iraneschen Ausseminister, Mohammad Javad Zarif, en Donneschdeg zu Roum.
„Wa mir en neien Accord mat den USA missten ofschléissen, wéi eng Garantie hätte mir, datt dësen Accord d‘Fluchzäit iwwerlieft? Erënnert dir iech u Kanada?“, esou de Mohammad Javad Zarif, bei der Konferenz MED 2018, wou et ëm de mediterrane Raum geet. Am Juni hat den US-President seng Ënnerschrëft vun der Deklaratioun, no engem G7-Sommet am Kanada, zréckgezunn nach iert de Fliger an der Luucht war.
E Mount virdrun, hat den Donald Trump annoncéiert, datt d‘USA sech aus dem Atomofkommes mam Iran géifen zréckzéien. En Accord deen de Milliardär als „desastréis“ bezeechent hat. Hien huet dann och direkt nees d‘Sanktioune géint déi islamesch Republik aktivéiert.
Teheran respektéiert weiderhin den Accord
Den Iran hält sech trotzdeem u seng Engagementer, wéi se am Atomofkommes definéiert sinn. Dat geet aus dem leschte Rapport vun der internationaler Atom-Agence (IAEA) ervir, deen den 12. November verëffentlecht ginn ass. Den iraneschen Ausseminister huet zou Roum widderholl, datt den Iran un dësem Accord wëll festhalen, mee et missten elo, wéi versprach och Handelsbezéiungen opgeholl ginn.
Ouni siichtbar Verbesserungen op wirtschaftlechem Niveau, wier et net méiglech, den Accord géintiwwer der Bevëlkerung ze rechtfäerdegen. Am Austausch, fir d‘Verspriechen sech op d‘Entwécklung vun enger strikt ziviller Nuklear-Industrie ze limitéieren, waren d‘Sanktioune schrëttweis opgehuewe ginn, an och Handelsaccorde goufen ënnerzeechent.
„Mir hunn zweeanenhalleft Joer un dësem Accord geschafft. An dat ass keen Dokument mat nëmmen zwou Säiten, et ass keng Familljefoto. Hei hu mir en Text deen sech iwwer 150 Säiten erstreckt“, erkläert den iraneschen Ausseminister. Hien ënnersträicht, datt dem Donald Trump seng Entscheedung, och eppes mat sengem Haass op de Barack Obama, ze dinn huet.
„Firwat sollte mir aner Diskussiounen ophuelen, just well do een dësen Accord net gären huet, just well hie säi Virgänger net leide kann?“, freet de Mohammad Javad Zarif.
mat AFP