Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

The Punisher mécht et engem net liicht, mee ass awer eng eescht an déif Serie, déi et der Wäert ass
best dating app tinder Neiegkeeten

online free dating site in bulgaria

Et ass net déi éischte Kéier, datt een sech um

dating websites hong kong
pes 2018 matchmaking settings
best dating app tinder Neiegkeeten

De Kampf géint den Acrylamid geet weider an hält net bei der Fouer op

Et héiert een ëmmer nees dovunner: Den Acrylamid gëllt als

Ëmstrukturéierung vum RGTR-Reseau: Gëtt elo alles besser?
best dating app tinder Neiegkeeten

Ëmstrukturéierung vum RGTR-Reseau: Gëtt elo alles besser?

Haut de Mueren huet de Verkéiersminister François Bausch, a Presenz

Den iresche „JO“ zum Schwangerschaftsofbroch ass eng Néierlag fir d’Kierch

Den iresche „JO“ zum Schwangerschaftsofbroch ass eng Néierlag fir d’Kierch

De „massive“ Jo vun den Iren zum Recht op de Schwangerschaftsofbroch ass eng erneit Néierlag fir déi kathoulesch Kierch, déi bis dohinner a groussen Afloss op d’Land ausgeüübt huet. De Referendum gëtt och als Katalysator fir Nordirland betruecht, dat och wéinst der repressiver Gesetzgebung zur Ofdreiwung ënner Drock steet.

Mat 66% hunn sech de leschte Freideg d’Iren fir eng Liberalisatioun vum Schwangerschaftsofbroch ausgeschwat. E neie „Kulturschock“ fir dës kleng Republik mat 4,7 Milliounen Awunner, déi virun dräi Joer d’Bestietnes fir gläichgeschlechtlech Partner ugeholl huet. Dublin gesäit dann elo vir, nach viru Joresenn de Schwangerschaftsofbroch während den éischten 12 Wochen zouzeloossen (bis zu 24 Woche wann et gesondheetlech Grënn gëtt).

Dat huet d’Hoffnung nees an Nordirland erwächt, datt et och hei zu enger Liberalisatioun komme kéint. Nordirland huet am Géigesaz zum Rescht vu Groussbritannien, am Gesetz eng Ofdreiwung nëmmen da virgesinn, wann d’Liewe vun der Fra a Gefor ass. An allen anere Fäll, kënne Fraen déi géint d’Gesetz verstoussen, mat enger Prisongsstrof bis Liewenslänglech veruerteelt ginn. Hiert Gesetz ass dat restriktiivt an Europa, a staamt aus den 19. Joerhonnert.

Eng noutwenneg Reform?

Ënnert de sëlleche Leit déi um Samschdeg de „JO“ beim Schlass zu Dublin zelebréiert hunn, waren och vill Bierger aus Nordirland. Dorënner d’Cheffine vun der republikanescher Partei „Sinn Fein“ aus Irland, Mary Lou McDonald, an aus Nordirland, Michelle O’Neill, déi alledbéid e Plakat héich gehalen hunn „De Norden ass déi nächst Etapp“.

„Mir gleewen drun, datt et e Sprangbriet fir de Mouvement an Nordirland ass“, mengt d’Claire (27) vu Belfast. „Et ass e wierklech klengen Territoire, mir sinn net zu vill a mir kënnen elo nëmme ganz haart jäizen“, füügt Sarah (26) deem bäi.

A knapps datt d’Resultater verëffentlecht waren, huet den Drock op d’Premierministesch vu Groussbritannien zougeholl. Et gëtt gefuerdert, datt Theresa May sech elo der Reform an dëser britescher Provënz, säit 2017 ouni lokal Regierung – déi normalerweis kompetent wier – unhëlt.

Schwangerschaftsofbroch

D’Manifestantinnen um Parvis vum Schlass zu Dublin gesinn als nächst „Zil“ eng Reform an Nordirland. © Paul Faith/AFP

„En historeschen Dag (…) fir Nordirland, an ech hoffen och fir Nordirland“, huet déi britesch Ministesch fir international Entwécklung an Sekretärin fir d’Fraen an d’Gläichheet, Penny Mordaunt getweet. „Dës Hoffnung muss elo erfëllt ginn“, füügt si bäi a spigelt d’Meenung vu villen Deputéierten aus der Oppositioun wéi aus der konservativer Majoritéit erëm.

„D’Situatioun an Nordirland ass elo staark „anormal“ an et musse Moossnamen ergraff ginn. D’Theresa May kann zu dëser Fro net schweigen“, esou de Vince Cable, Chef vun de Liberal-Demokraten.

De Sinn Fein an d’Nationaliste vum SLDP, déi sech allebéid op déi kathoulesch Wielerschaft stäipen, ënnerstëtzen d’Legislatioun. Allerdéngs ass eng schnell Ännerung éischter ausgeschloss. D’Theresa May kann et aktuell net riskéieren, sech mat der klenger awer ultra-konservativer DUP ze streiden. Vun deenen hänkt hir Majoritéit am Parlament of.

Trennung vu Kierch a Staat?

An der Republik Irland, wou een nach ëmmer iwwert de massive „JO“ erstaunt ass, gëtt den Ausgank vum Referendum als eng Néierlag fir déi kathoulesch Kierch gesinn. Déi huet an de leschte Joren un Afloss op d’Gesellschaft verluer, geschwächt vun der wirtschaftlechen a soziale Verännerungen, mee och de ganzen Affäre vu Pedophilie an Mësshandlung an reliéisen Infrastrukturen.

„A menger Jugend konnt e keng Kondomer kafen, homosexuell sinn, sech scheede loossen, nach net emol „The Life of Brian“ (e Film vun de Monty Python) kucken“, huet den Jason O-Mahony, Journalist bei der irescher Ausgab vun der Times, getweet. „Elo si mir eent vun de liberaalste Länner op der Welt. Et ass net ze gleewen“.

An déi iresch Times resuméiert: „D’Illusioun vun engem konservativ an dogmatesch kathouleschem Irland ass zersprongen. Wat sech beim Referendum erginn huet, ass vernichtend, mee nach méi vernichtend ass d’Asiicht, datt dëse Vote éischter de Changement refletéiert huet, wéi datt en deen agelaut hätt. Eis Kraaft läit net an der Vergaangenheet, mee an der Zukunft“.

Zu London huet den Observer „e Broch mat engem vun de leschte Relikte vum Afloss vun der Kierch op de Staat“ gesinn. Eng Siicht déi esou natierlech net vun der Kierch ka gedeelt ginn. Fir si gëtt et kee Grond sech géintiwwer dem Schwangerschaftsofbroch nei ze positionéieren. Den Äerzbëschof vun Dublin huet dat um Sonndeg iwwerdäitlech der Glawensgemeinschaft „erkläert“.

mam Martine Pauwels an dem Julien Lagache/AFP

Foto: An Irland huet de Referendum zum Schwangerschaftsofbroch mat 66% Zoustëmmung eng nei Ära agelaut. Den Afloss vun der Kierch op de Staat ass, esou d’Manifestantinnen um Parvis vum Schlass zu Dublin, gebrach ginn. © Paul Faith/AFP

Ähnlech Sujeten Irland, kathoulesch Kierch, Nordirland, Referendum, Schwangerschaftsofbroch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel