Search

You may also like

Coronavirus: Nee et ass keng Schoulvakanz!
International Neiegkeeten

Coronavirus: Nee et ass keng Schoulvakanz!

Datt am Kontext vun der Coronavirus-Pandemie all d‘Schoulen an d‘Foyeren

Neiséiland: Schéisserei a Moscheeën zu Christchurch
International Neiegkeeten

Neiséiland: Schéisserei a Moscheeën zu Christchurch

Während dem Freideg-Gebiet ass et zu Christchurch (Neiséiland) zu Attacken

Russland-Affär: Keng Beweiser?
International Neiegkeeten

Russland-Affär: Keng Beweiser?

Et war eng laangwiereg a komplex Enquête, déi dem Sonnerermëttler

IRHA: Een Treffen zum 75. Joresdag zur Befreiung vum Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau

IRHA: Een Treffen zum 75. Joresdag zur Befreiung vum Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau

Am Kader vum 75. Joresdag zum Enn vum Zweete Weltkrich an der Befreiung vum Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau huet den Aussen- an Europaminister Jean Asselborn un der Konferenz vun der International Holocaust Remembrance Alliance (IRHA) deelgeholl. A Gedenken un den Holocaust erënnert een hei un d’Vergaangenheet: 75 Joer ass et hir, datt Doudesfabrik Auschwitz-Birkenau befreit ginn ass a virun 20 Joer ass d’Deklaratioun vu Stockholm ugeholl ginn.

Ganzer 35 Länner an 8 Organisatiounen, déi all Partner vun der Allianz sinn, ware Mëtt Januar zu Bréissel op der Konferenz vertrueden. Fir d’Representante war dës Zesummekonft d’Geleeënheet sech zu de momentan politeschen Erausfuerderungen auszetauschen. Zum aneren ass awer och déi ministeriell Deklaratioun ugeholl ginn, déi ënnert der Leedung vu Lëtzebuerg steet. Zil ass et neie politeschen Elan opzebauen, de kollektiven Engagement ze stäerken, d’Negatioun an d’Verzerrung vum Holocaust, wéi och den Antisemitismus, Antiziganismus, Rassismus an all aner Forme vun Diskriminatioun ze bekämpfen.

IRHA

(v.l.n.r.) Yehuda Bauer, Éierepresident vun der IHRA; Jean Asselborn, Aussen- an Europaminister © MAEE

Weltwäit hëlt Antisemitismus ëmmer méi u Stäerkt zou a presentéiert sech a ganz neie Formen. Esou erkläert de Jean Asselborn, datt et ëmsou méi wichteg ass, datt Regierungen zesummeschaffen a géint d’Iwwel ukämpfen. „Lëtzebuerg schafft och weiderhi mat der IHRA zesumme fir ze garantéieren, datt eis kollektiv Léisungen net u Wand verléieren a mir ermanen all Memberen d’Deklaratioun, déi mir ugeholl hunn, aktiv ëmzesetzen. Dës Deklaratioun déngt an den nächste Joren als Inspiratioun, Manung a Motivatioun fir d’Aarbecht vun der Allianz.“

D’Feeler vun der Vergaangenheet dierfen net widderholl ginn.

Opmaacherfoto: © MAEE

Related topics Antisemitismus, Auschwitz-Birkenau, Deklaratioun vu Stockholm, Diskriminatioun, Holocaust, International Holocaust Remembrance Alliance, IRHA, Rassismus
Next post Previous post