Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ouni Chantiere gëtt et keng Stadentwécklung
Kultur Neiegkeeten

Ouni Chantiere gëtt et keng Stadentwécklung

Eis Haaptstad wiisst, demographesch a wirtschaftlech. Dat bedeit awer, datt

Editorial: Geféierlech Dommheet
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Geféierlech Dommheet

Dat vill Leit déi op Facebook an aner sozialen Netzwierker

Fënnef Deeg „Feierpaus“ fir Nordsyrien (mat Analys)
Kultur Neiegkeeten

Fënnef Deeg „Feierpaus“ fir Nordsyrien (mat Analys)

De „Besuch“ vum US-Vizepresident Mike Pence beim tierkesche President Recep

Irish Christmas Show: Hymnen an Traditiounen am Artikuss

Eng Steppdanzshow ganz am Stil vun der grénger Insel

Irish Christmas Show: Hymnen an Traditiounen am Artikuss

All Land huet seng eegen Aart a Weis fir déi wanterlech Feierdeeg ze feieren. Och Irland ass do keng Ausnam a fir hirem oppene, feierlëschtege Gefill méi no ze kommen, invitéiert den Artikuss Iech fir e Samschdeg, de 7. Dezember 2019 zesumme mat den Danceperados of Ireland an hirer Irish Christmas Show der Traditioun vun der grénger Insel méi no ze kommen.

Dobäi huelen d’Dänzer eis mat an eng Zäit virun der Kommerzialiséierung vum Chrëschtfest an dem iwwerall presente Kleeschen. Ural Hymnen a gälescher Sprooch, déi zum Enn vum Joer hin gesonge ginn, wäerten och bei der Irish Christmas Show erkléngen.

Irish Christmas Show

© Gregor Eisenhuth

Dobäi komme verschidde Lidder an englescher Sprooch, déi och als Carols bezeechent ginn. Ënnert anerem Wexford Carol ass hei weltbekannt. Donieft gi sougenannt Jigs & Reels gespillt, déi och mat festlechen Nimm, wéi Christmas Eve punkte kënne. Danzen a sange steet an enker Verbindung.

Wéi, wat a wou?

D’Danceperados of Ireland trieden de 7. Dezember 2019 um 19 Auer mat hirer Irish Christmas Show am Artikuss zu Zolwer op. D’Ticketen kaschten regulär 35 €, fir Studenten 26 € a Gruppen (> 10 Persounen) bezuelen 29 € op de Kapp. Kafe kann ee säi Billjet ënnert www.luxembourgticket.lu oder an der Gemeng Suessem (Tel.: 59 30 75-1).

Opmaacherbild: © Gregor Eisenhuth

Ähnlech Sujeten Artikuss, Chrëschtdag, Danceperados of Ireland, Danz, Irish Christmas Show, Show, Steppdanz, Traditioun, Zolwer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel