Search

You may also like

Springbreak Luxembourg – D’Foire fir Innovatioun, Kreativitéit an Trends
International Neiegkeeten Stories

Springbreak Luxembourg – D’Foire fir Innovatioun, Kreativitéit an Trends

Vum 14. bis de 17 Mäerz 2019 gëtt an der

Britescht Parlament erzwéngt Fristverlängerung
International Neiegkeeten Stories

Britescht Parlament erzwéngt Fristverlängerung

Déi britesch Regierung huet also am Numm vum Premierminister elo

Qualitative Wuesstem dank engem staarke Secteur vun de Gesondheetstechnologien
International Neiegkeeten Stories

Qualitative Wuesstem dank engem staarke Secteur vun de Gesondheetstechnologien

Bei der Konferenz „Health Technologies @ Luxembourg – Shaping the

D‘Kierch an hir Verbriechen

An Irland si Kanner net nëmme mëssbraucht a verkaf ginn, et huet ee se einfach stierwe gelooss...

D‘Kierch an hir Verbriechen

En Dënschdeg huet déi iresch Regierung de Bericht a vill weider Dokumenter an Analyse vun der „Mother & Baby Homes Commission“ verëffentlecht. Op gutt 2.865 Säite vum schonn am Oktober virleiende Bericht, gëtt eis nees viru Gesiicht gefouert, dat de (reliéise) Mënsch kee Frënd mee den erkläerte Feind vun der Gesellschaft an dem opgekläerten zesummeliewen ass.

Datt an Irland – eng am direkte Verglach zum Islam net manner fundamentalistesch an intolerant Kierch hiert Onwiese gedriwwen huet, a wuel nach plazeweis ëmmer dréift – am leschte Joerhonnert mindestens 9.000 Kanner a sougenannte „Mammen-Heemer“ gestuerwe sinn, steet elo endlech emol schwaarz op wäiss an engem offizielle vun der Regierung gedeckte Bericht.

Esou steet onwidderrufflech fest, datt d‘Stierflechkeet an deene reliéis gefouerten Institutiounen duebel esou héich war wéi am Rescht vum Land. Et geet der Kierch jo och drëms, fir Zuucht an Uerdnung an der Gesellschaft ze suergen. Mënschen déi selbstbestëmmt liewen, sinn dem Klerus (egal a wéi enger Relioun) zuwidder, si sinn de Feind deen hir Muecht a Fro stelle kann.

An esou huet d‘Kierch och an Irland iwwert Joerhonnerten ewech, fir d‘Mënschen entscheet an dëse gesot wéi se ze liewen hunn. D‘Kierch war Räich an déi Regéierend engersäits ëmmer iergendwéi bei dëser verschëlt an anersäits drop ugewisen, datt et der do ginn huet, déi dem Vollek verständlech gemaach, datt et Gottes Wëllen ass, dat si d‘Laaschte vun den Hären ze droen hunn.

Déidlech Diskriminéierung

Datt d‘Kierchemänner Fraen (och datt gëllt fir zimmlech all Relioun) eigentlech ni respektéiert an se am beschte Fall „benotzt“ hunn, datt ass och haut nach wäitverbreet. Mam elo endlech ëffentlech gemaachte Bericht, léisst dat irescht Gesellschaftsbild elo vervollstännegen. An dat ass wierklech kee schéint. Besonnesch bezunn op déi Mammen-Heemer, ginn engem d‘Dronkenellen aus.

An dëse staatlech-kierchlechen Heemer sinn déi onbestuete Frae mat hire Kanner ënnerbruecht ginn. Et muss betount ginn, datt et sech hei ausschliisslech ëm Kanner handelt, déi ausserhalb deem vun der Kierch ugeuerdentem Bestietnes gezeugt goufen. Domadder hunn dës Fraen dann och géint vun der Kierch festgeluechte Gesellschaftsreegele verstouss, firwat „Heem“ net passend ass.

Gewosst ass elo datt et an dësen „Institutiounen“ och keng Kontroll ginn huet, zumindest net säitens staatleche Verwaltungen. Rechter haten d‘Frae scho keng iert se „ageliwwert“ goufen, a wann se bis an d‘Fäng vun der Kierch gerode waren, goufen si zu „Véi“ degradéiert. Dat mam kierchleche „Pardon“ fir d‘Versëndegen huet et wuel a Schrëften, net awer de Käpp vun de Kierchemänner.

Doriwwer eraus, huet déi kathoulesch Kierch schon en ideologesch opgezwongenen Haass géint Kanner, déi net aus engem mam kierchleche Sege versinne Bond entsprangen. Och haut nach, mee ganz esou direkt ersiichtlech ass et net méi. Trotzdeem verweigeren och zu Lëtzebuerg nach ëmmer gewësse Kierchemänner, engem Kand d‘Daf, wann dëst aus enger fräier „Unioun“ entsprongen ass.

Geldgäil war d‘Kierch ëmmer schonn

Aus dem genannte Rapport geet dann och nach ervir, datt am Zäitraum 1922 bis 1998, an dësen nëmme vermeintlech sozialen Ariichtunge vum Staat an der Kierch, eng 57.000 Baaschterten – d‘Kierch hat sengerzäit zimmlech liicht verständlech Definitiounen – also Kanner déi net an enger vun der Kierch zoulässeger Unioun gezeugt goufen, gebuer goufen. Si sollten et net einfach hunn.

Wa kloer ass, datt déi Fraen, déi esou Haiser „opgesicht“ hunn, hire soziale Statut verwierkt haten, esou muss drop higewise ginn, datt et de Kanner net besser ergaangen ass. Wie ganz vill Gléck hat – wann een et esou muss – gouf illegal an d‘USA exportéiert. Do gouf et eng grouss Demande an et huet ee schliisslech och Ersatz fir d‘Sklave gebraucht. Et gouf ee regelrechten Handel bedriwwen.

Eng „Wuer“ huet awer nëmmen dee Wäert, deen dem erwaarten Notze muss a Relatioun gesat ginn. Krank, behënnert oder „schwaach“ Kanner waren der Kierch net „nëtzlech“ an esou gouf kaum, fir net ze soe „prinzipiell“ vu Behandlungen ofgesinn. Et geet zum Gléck net aus dem Bericht ervir, datt d‘Kanner u medezinesch Institutioune verkaf goufen, woubäi et och net ausgeschloss gëtt.

Wie keen Notze bruecht huet ass eben agaangen. An esou war d‘Stierflechkeet an dësen Haiser och duebelt esou héich wéi baussent hire Maueren. D‘Heemer goufe vun der Kierch ënnert der Kontroll a Verantwortung vun der irescher Regierung geleet. Generell an ofschléissend dierf festgehale ginn, datt esouwuel d‘Wuel vun de Fraen, wéi d‘Zukunft vun dëse Kanner keng Sau interesséiert hunn.

mat indymedia/sha

Illustratioun: Och bei eis am Land huet déi kathoulesch Kierch, well d‘Monarchie an d‘Regierung – zumindest bis zur virgetäuschter Trennung vu Kierch a Staat – sech ganz dem Klerus ënnerworf hunn, zu méi Ongléck a Misär bei Kanner bäigedroen, wéi dat bekannt ass. Et interesséiert jo awer och keen, well am Marieland ass gewosst: d‘Kierch ass onfeelbar. © Hennie Stander / unsplash

Related topics Entschëllegung, Irland, Kierch, Réimesch-Kathoulesch, Verbriechen
Next post Previous post