Search

You may also like

Munneref féiert den 20. Anniversaire vun der ISS
International Neiegkeeten

Munneref féiert den 20. Anniversaire vun der ISS

Am Munnerefer Thermalbad, gëtt dësen 10. November e „Weltraum-Nomëtteg“ ofgehalen,

Den Etienne Schneider schéisst zeréck
International Neiegkeeten

Den Etienne Schneider schéisst zeréck

Nodeems d‘CSV d‘Press um Méindegmueren agelueden hat op e Kaffi

Präis Hëllef fir d’Natur 2018 – een emotionalen Owend!
International Neiegkeeten

Präis Hëllef fir d’Natur 2018 – een emotionalen Owend!

Gëschter Owend war am Naturmusée am Gronn déi grouss Feier

Irma bréngt apokalyptesch Zerstéierung

Irma bréngt apokalyptesch Zerstéierung

Tëscht „Albdram“ an „Apokalyps“, de Monsterorkan Irma, dee weider duerch d’Karibik zitt, huet am franséischen Deel vu Saint-Martin den Doud hannerlooss. Dat an d’Verwüstungen, och op Saint-Barthélémy, hunn den Elysée dozou beweegt um Donneschdeg d’Generalmobiliséierung auszeruffen.

Och op den amerikanesche Joffereninselen hu véier Mënschen d’Liewe verluer. Dat geet aus enger Matdeelung aus Büro vum Gouverneur Kenneth Mapp ervir. Dat erhéicht de Bilan op bis elo 10 Affer. Véier an de Joffereninselen, véier op Saint-Martin, een zu Sint Marteens an op Barbuda. Den Orkan Irma huet d’Hell an d’Paradäis bruecht.

Mat Wandstéiss vun iwwer 300 Km/h, wäert „Irma“ en Zyklon vun der Klass 5 op traureg Aart a Weis an d’Geschicht agoen. Saint-Martin a Saint-Barthélémy sinn en eenzegt Bild vun der Verwüstung, alles wat net agemauert war huet de Wand ewechgerappt. Déi Inselen, bekannt fir hir paradisesch Stränn, sinn entstallt.

Just nach d’Ae fir ze kräischen

D’Awunner hunn mat den Opraumaarbechten ugefaangen. An de Stroossen déi entweder iwwerschwemmt oder vu Blecher an iwwerall Booter verstreet sinn, hunn d’Leit oft nëmmen hir Hänn fir ze raumen. Kaum nach e Bam dee géif stoen, net een Dach dee sech op engem Haus hätt kënne festhalen. De Leit bleiwen nach just d’Ae fir ze kräischen.

Orient Bay op der Insel Saint-Martin, och hei huet kaum en Haus dem Orkan resistéiert (© Lionel Chamoiseau/AFP)

„Mir sinn eis ee bëssi selwer iwwerlooss, et ass eng Katastroph. Mir waarden op d’Hëllef“ esou den Olivier Toussaint, en Awunner vu Saint-Barthélémy, géintiwwer der AFP. „Kee Waasser, kee Stroum. Mi hu wuel Reserven ugeluecht, mee déi hale just ee puer Deeg. Dat gëtt net einfach“.

„Et gläicht engem Land am Krich“ esou d’Journalistin vu Guadeloupe 1ère, Maeva Myriam Ponet, zu Saint-Martin. Si schwätzt vun engem Albdram deen 33 Stonne gedauert huet. Dat bestätegt och Météo-France, déi vum längste Wiederphänomen bericht dee jeemools opgezeechent ginn ass.

Onbeschreiflech Gewalt

De Premier Edouard Philippe bestätegt den traurege Bilan, deem nach eng ronn 50 Blesséierter bäifüügt musse ginn. Ënnert de Verletzten, zwee schwéier an eng Persoun déi tëscht liewen an Doud hänkt. Soss wieren déi meescht Blessuren „liicht“.

Zu Saint-Martin wéi och Saint-Barthélémy ass „de Stroum fort, d’Drénkwaasser net verfügbar, an d’Stroossen duerch de Schëtt onpasséierbar“ preziséiert den Edouard Philippe. „Et ass am Ament onméiglech de Schued ze bezifferen. D’Deklaratioun zur Naturkatastroph, déi et erméiglecht de Schued den Assurancen unzemellen, gëtt ee Freideg ënnerschriwwen“, esou de Premier.

Bis an d’Hannerland huet den Orkan Irma d’Schëffer gedroen. D’Kraaft vum Wand war onvirstellbar a Saint-Martin konnt deem och näischt entgéint setzen. (© Lionel Chamoiseau/AFP)

„Frankräich ass getraff a mobiliséiert“ esou d’Reaktioun vum President Emmanuel Macron zu Athen. „“De Schued ass immens… an op e neits ass et eng Katastroph, déi sech op déi auswierkt déi ënner äermleche Verhältnesser liewen“ bedauert de President, deen sech esoubal wéi méiglech op der Plaz en eegent Bild vun der Lag wëll maachen.

Näischt iwwreg gelooss

„95% vun den Haiser si betraff an dovunner op mannst 60% onbewunnbar“ ënnersträicht de Premier, deen sech d’Zuele vun der Kollektivitéit vu Saint-Martin virleeë gelooss huet. Den Hafen, de regionale Fluchhafen an d’Spidäler kéinten awer zum Deel genotzt ginn, esou eng éischt Aschätzung zu Paräis. Mat enger Gewalt déi näischt iwwersinn hätt, huet den Orkan ëm sech geschloen. D’Regierung wier solidaresch mat den Awunner, déi verständlecherweis ënner Schock stinn.

Och déi meeschte Gebaier vun den Administratiounen a Rettungsdéngschter sinn zerstéiert. Eng Feststellung déi keng gutt Aussicht zouléisst, wann ee bedenkt datt déi meeschte Leit a „Häipen“ aus Holz a Blech gelieft hunn.

Prioritéite setzen

Vum Stroumliwwerant EDF war gewuer ze guinn, datt „et Wochen a Méint“ wäert brauche bis een erëm vun enger „normaler“ Stroumversuergung op den Insele ka schwätzen.

Eng aner Siicht op d’Bucht vu Nettle. zu Marigot (Saint-Martin). Och dat „massiivt“ Gebai huet grousse Schued erlidden. (© Lionel Chamoiseau/AFP)

Eng éischt Loftverbindung tëscht der Guadeloupe an béiden Inselen ass um Donneschdeg erméiglecht ginn. D’Ministesch fir den „Outre-mer“ Annick Girardin, déi mat 150 Secouristen op der Guadeloupe ukomm ass, huet als éischt Aufgab de Schued ze evaluéieren. Mat engem Helikopter huet si d’Géigend iwwerflunn.

Ofgesi vun de Rettungsmoossnamen, muss och nees déi ëffentlech Uerdnung hiergestallt ginn. De leschten Informatiounen no, géife vill jonker d’Lag ausnotze vir Haiser a Geschäfter auszeraiberen.

D’Rout Kräiz, de „Secours populaire“, d’Fondation de France an d’Vereenegung vun de Buergermeeschter (AMF) hunn Opriff gemaach, fir de Mënschen op den Inselen zu Hëllef ze kommen.

Mat méi Schued muss gerechent ginn

Schlëmmer wéi den Harvey, deen och schonn 42 Mënschen an den Doud gerappt huet, zitt den Orkan Irma elo weider a Richtung vun de Bahamas, der Dominikanescher Republik an duerno Kuba a Florida. De „National Hurricane Center“ (NHC) ka keng Entwarnung ginn, a réit jidderengem sech a Sécherheet ze bréngen.

Um Donneschdeg, bei der Approche vum Okran, war déi Dominikanesch Republik vu Wandstéiss mat bis zu 285 Km/h duerchgerëselt ginn. Hei hu missten 5.500 Leit evakuéiert ginn.

Miami Beach ass evakuéiert. D’Warnunge sinn batter eescht ze huelen. Den Orkan Irma wäert mat aller Wucht op d’Küst vu Florida aschloen an och hei eng Spuer vun der Verwüstung hannerloossen. Esou d’Previsioune vum „National Hurricane Center“ (© Saul Loeb/AFP)

Op Kuba gëtt Irma um Freidegowend erwaart. Duerno misst en sech a Richtung vun der amerikanescher Küst, am Südoste vun den USA weider bewegen. Säi Wee féiert den Orkan direkt op Florida zou, da weider no Georgia a South-Carolina, esou d’Previsioun vum NHC. Evakuatiounen si fir d’Küstegebidder vu Florida an Georgia ugeuerdent ginn.

Fatal kéinten och d’Folge vun zwee weideren Orkaner sinn, déi sech grad entfalen. Et sinn den „Jose“ an dann den Orkan „Katia“ déi grouss Suerg ausléisen. De Jose, am Moment nach als Orkan vun der Klass 3 bewäert, huet scho Wandspëtzte vun 195 Km/h an zitt a Richtung Karibik. D’Katia ass um Wee a Richtung Mexiko.

mam Lional Chamoiseau, Thomas Thurar an dem Emmanuel Duparcq/AFP

Foto: Eng Opnam vum 6. September op där een d’Iwwerreschter vum Hotel Mercure zu Marigot an der Bucht vu Nettle (Saint-Martin) ka gesinn. Welle vun 12 meter an e Wand dee mat iwwer 300 Km/h geblosen huet, sinn fir dëst Bild verantwortlech (© Lionel Chamoiseau/AFP)

Related topics Irma, Karibik, Orkan, Saint-Barthélemy, Saint-Martin
Next post Previous post