Search

You may also like

Doudeg Schof am Raum Nidderaanwen: Et war e Wollef!
International Neiegkeeten

Doudeg Schof am Raum Nidderaanwen: Et war e Wollef!

Viru gutt zwou Wochen sinn op enger Wiss am Raum

Et hält net op: Feier an der ZI Gadderscheier
International Neiegkeeten

Et hält net op: Feier an der ZI Gadderscheier

Gëschter Moien um 10:30 Auer ass beim CGDIS ee Feier

Zu Mamer gëtt nees gebaut
International Neiegkeeten

Zu Mamer gëtt nees gebaut

An der Gemengerotssëtzung vum leschte Méindeg, gouf ee ganz interessante

Irma huet Barbuda voll erwëscht

Irma huet Barbuda voll erwëscht

Haiser déi sech „opgléist“ hunn, Geschäfter opgerappt, Palmen entwuerzelt: Nodeems d‘Awunner den Orkan Irma iwwerlieft haten, hunn se sech um Samschdeg missen evakuéiere loossen. Mam Orkan Jose deen d‘Insel bedréit, an néirewou eng Plaz wou een nach sécher wier, war dës Moossnam déi eenzeg richteg.

Mat senge Wandstéiss vun 300 Km/h, huet den Orkan Irma mat der klenger paradisescher Insel kuerze Prozess gemaach. Laut der Regierung si gutt en Drëttel vun den Haiser einfach „fort“ an d‘Infrastrukturen, d‘Gebaier vun der Regierung, d‘Spidäler an d‘Schoulen, alles schwéier beschiedegt. Glécklecherweis huet den Orkan op der Insel „nëmmen“ een Affer gefuerdert.

Op der ganzer längt vun 20 Kilometer vun der Plage Pink Sand, huet net een Holzhaus dem Irma Widderstand geleescht. Déi aus Bëtong haten deels méi Gléck, do ass just den Dach fortgeflunn. Iwwerall awer leien d‘Trëmmer an der Strooss.

D‘Angscht vum Liewen

Fir vill Insulaner war et den Horror. Ënner Schock, ass et deene meeschten net méiglech d‘Situatioun an dat Erlieften ze beschreiwen. Ni virdru war d‘Insel esou schlëmm vun engem Orkan getraff ginn. D‘Sira Berzas, eng Fra vu 40 Joer huet den Dach vu sengem Haus gesi fort fléien. Ouni aneren Auswee, huet sech d‘Fra mat hirer Frëndin Jackie an engem Wandschaf verschanzt, an drop gewaart, datt et endlech eriwwer ass.

Kaum en Holzhaus dat den Orkan iwwerstanen hätt. Op Barbuda sinn en Drëttel vun den Haiser einfach net méi do. (© Gemma Handy/AFP)

„Ech hat a mengem ganze Liewen nach keng esou eng Angscht. D‘Jackie an ech, mir hunn eis eent um aneren ugehalen an, fir d‘Wourecht ze soen, hunn eis Äddi gesot“, esou Sira géintiwwer der AFP. Wéi d‘A vum Orkan iwwert hinne war, sinn se an der Ënnerwäsch aus dem Haus gerannt an hunn no Hëllef gejaut. Zum Gléck huet e Camion vun der Police se erbléckt, opgeholl an a Sécherheet bruecht.

Alles huet d‘Sira Berzasd verluer, säin Haus, säi Restaurant. D‘Jackie huet dem Kueder nogetrauert. Den Houdini, esou säin Numm, konnt awer schliisslech erëmfonnt ginn. Plätschnaass, vun der Angscht gezeechent, mee lieweg. Et ass wuel nëmmen e klengt Gléck, mee wichteg fir d‘Moral.

Jidderee gëtt evakuéiert

Fir séi ronn 1.600 Awunner vun der Insel ass et awer nach net eriwwer. D‘Regierung huet ugekënnegt, datt jiddereen d‘Insel ze verloossen huet. Et géif näischt méi ze maachen an keng Plaz méi déi sécher genuch wier, sech dem Orkan Jose ze stellen. Schonn um Freideg waren ee puer honnert Leit op Antigua mat engem Fliger vun der venezuelanescher Arméi ausgeflu ginn.

Vill vun de Mënschen hunn Famill bei där si ënner Dach kënne kommen, anerer wëssen net wouhinner. „Ech géif jo léiwer bleiwen, ech fannen dat net gutt mussen ze goen. Et wier besser alles nees opzeriichten“, esou de Beautymey John, dee mat senge fënnef Kanner op e Schëff waart fir evakuéiert ze ginn.

De Maurice George, en Enseignant vun 30 Joer huet just dat néidegst agepaakt. Hie wëll net méi laang wéi onbedéngt néideg op Antigua bleiwen. Seng Heemecht wier Barbuda, an dohinner wëll hien och esou schnell ewéi méiglech nees zréck. Och wann et net einfach géif ginn alles nees opzebauen, „et ass en Doheem an en Doheem kann een net opginn“ esou de Maurice George.

Um Samschdeg huet et ausgesinn, wéi wann de Jose seng Route nach géif änneren, a nërdlech vu Barnbuda kéint laanscht goen. Sécherheet geet awer vir an den Uerder ze evakuéiere bleift.

mam Gemma Handy/AFP

Foto: Codrington op Barbuda huet et grad esou iwwerstane. Et sinn awer just d‘Gebaier aus Bëtong déi dem Irma eenegermoosse konnte Widderstand leeschten. (© Gemma Handy/AFP)

Related topics Barbuda, Irma, Karibik, Orkan
Next post Previous post