Search

You may also like

Europawahlen 2019: D‘Zäit vun de Spëtzekandidaten ass eriwwer
International Neiegkeeten

Europawahlen 2019: D‘Zäit vun de Spëtzekandidaten ass eriwwer

Europa muss sech an de Grëff kréien, wann et soll

E Referendum fir d‘Sandweiler Märei
International Neiegkeeten

E Referendum fir d‘Sandweiler Märei

Dat ronnt Gebai zu Sandweiler, an deem d‘Gemeng ënnerbruecht ass,

Ee leschten Äddi am Palais: D’Undeelnam ass immens!
International Neiegkeeten

Ee leschten Äddi am Palais: D’Undeelnam ass immens!

Nodeems um vergaangene Sonndeg de Sarg vum Groussherzog Jean an

Macron: „Mir musse mat villen Affer rechnen“

Macron: „Mir musse mat villen Affer rechnen“

Den Orkan Irma, vun enger ni erlieften Intensitéit, huet op mannst sechs Mënscheliewe gefuerdert. D‘Insel vu Saint-Martin ass zerstéiert. D‘Regierung zu Paräis fäert, datt de Bilan schwéier a gräisslech wäert sinn.

„Et ass ze fréi fir e bezifferbare Bilan virzeleeën. Ech kann awer elo scho soen, datt de Bilan wäert schwéier a gräisslech sinn, mir musse mat villen Affer rechnen“, esou d‘Deklaratioun vum franséische President Emmanuel Macron um Mëttwochowend, no engem Besuch beim Krisestab am Inneministère.

Wéinstens „sechs Doudeger“ ginn elo schonn zu Saint-Martin bedauert, deelt de Präfekt vun der Guadeloupe, Eric Maire, mat. „De Bilan ass nach net definitiv a mir erwaarden eis nach weider Affer ze fannen“ esou de Präfekt bei der Pressekonferenz. „D‘Gendaarme konnten eréischt am spéide Moien eraus. Mir konnten net, och net mat de Pompjee, déi ganz Insel inspizéieren“.

„D‘Situatioun zu Saint-Martin a Saint-Barthélémy ass dramatesch. Et gëtt keen Drénkwaasser, kee Stroum an déi ëffentlech Gebaier kënnen net genotzt ginn“, esou de Präfekt weider. Enger éischter virsiichteger Aschätzung no, sinn 60 bis 70% vun den Haiser op Saint-Martin zerstéiert.

Eng grouss Katastroph

„Et ass eng grouss Katastroph. 95% vun der Insel vu Saint-Martin sinn zerstéiert. Ech stinn ënner Schock, et ass onverständlech“, huet den Daniel Gibbs, President vum territoriale Rot, deen um Handy vu „Radio Caraïbes International“ erreecht ginn ass.

De Gibbs brauch Verstäerkung, an dat a grousser Zuel, fir ze evakuéiere wat nach evakuéiert ka ginn. „Wann eis e Samschdeg nach ee weideren Zyklon erwëscht, ass et just net méi méiglech. Dann ziele mir net méi déi Doudeg, dann ziele mir déi Lieweg“, esou den Daniel Gibbs.

D‘Ministesch fir den „Outre-mer“, Annick Girardin, ass nach um Mëttwochowend mat „Verstäerkung a Material“ a Richtung Guadeloupe ofgeflunn. Wéinst vum Ausmooss vun de Schied op béiden Inselen, huet de President Emmanuel Macron nach gëschter Owend e nationale Rekonstruktiounsplang ugekënnegt.

Oniwwersiichtlech Situatioun

E Journalist vu Radio Caraïbes International, deen zu Saint-Martin ass a seng Redaktioun iwwert de Satellittentelefon erreeche konnt, huet versicht e Bild vun der Lag ze ginn. „Ëmgeheit Gefierer, Booter, déi vum Mier matten op d‘Stroossen vun der Insel geworf goufen, Haiser, deenen den Dach fortgeflunn ass“, esou eng éischt Beschreiwung vum Journalist, deen och jonk Leit gesinn huet de Stadzentrum ausraiberen.

De Präfekt vun der Guadeloupe bestätegt, datt Geschäfter, déi vum Orkan Irma beschiedegt gi sinn, ausgeraibert goufen.

[blocktext align=”left”]D‘Insele sinn am Moment op Alerte „Gro“ gestallt ginn.[/blocktext]

Mat elo an enger éischter Phas 168 Leit Verstäerkung – Zaldoten, Pompjeeën a medezinescht Personal – déi op der Guadeloupe ukommen, kann sech en éischt Bild vun enger bis dohinner oniwwersiichtlecher Situatioun gemaach ginn. D‘Insele sinn am Moment op Alerte „Gro“ gestallt ginn. D‘Leit mussen net méi an hiren Haiser bleiwen, et gëtt awer ofgeroden sech onnéideg ze deplacéieren.

D‘Rout Kräiz huet e Spendenopruff gemaach an och Leit op d‘Insele geschéckt. Obwuel d‘Schoulen an Administratiounen zougemaach goufen an d‘Awunner vun der Küst evakuéiert gi sinn, haten sech eng ronn 7.000 Leit geweigert a Sécherheet bruecht ze ginn.

Nächsten Arrêt: Florida

Och am hollänneschen Deel vu Saint-Martin sinn d‘Schied enorm. Den hollänneschen Inneminister Ronald Plasterk léisst awer matdeelen, datt et aktuell net méiglech ass Detailer ze ginn.

No de britesche Jungfern-Inselen, ass den Orkan iwwert de Norde vu Puerto Rico gezunn. Mat Wandspëtzte bis 300 Km/h a vill Reen, ass och hei de Schued entspriechend grouss. Laut Météo-France sollten Haiti, déi Dominikanesch Republik a Kuba verschount bleiwen. Trotz allem huet Kuba divers Provënzen an Alerte gesat.

Um Sonndeg misst den Orkan da Florida erreechen. Déi gréisst méiglech Sécherheetsmoossname ginn hei ergraff. D‘Keys gi wäitleefeg evakuéiert an de President huet ugewisen d‘Bewegung vum Orkan ze iwwerwaachen.

mam Laurent Czerniejewski, Saint-Martin; Gemma Handy, Antigua a Cécile Azzaro, Paräis

Foto: De franséische President Emmanuel Macron zitt en éischte virsiichtege Bilan a versprécht schnell Hëllef (© François Guillot/AFP)

Related topics Antillen, Irma, Orkan, Saint-Barthélemy, Saint-Martin
Next post Previous post