Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Washington wëll Ankara wirtschaftlech platt walzen
manhattan 34 speed dating

Washington wëll Ankara wirtschaftlech platt walzen

Nodeems den Donald Trump via Twitter gedreet huet d‘Tierkei „wirtschaftlech

fade dating
manhattan 34 speed dating

Bausecteur: Alles geet… mat eppes guddem Wëlle vu jidderengem

De Gruppement vun den Entrepreneuren aus der Constructioun an dem

Déi douce Mobilitéit: eng Alternativ fir Mënsch an Ëmwelt
manhattan 34 speed dating

Déi douce Mobilitéit: eng Alternativ fir Mënsch an Ëmwelt

Zu Biissen huet e Sonndeg am Kader vun der „Semaine

Isaac Asimov: De Stär am Science Fiction Himmel

Isaac Asimov: De Stär am Science Fiction Himmel

Et gi wéineg Nimm, déi so grouss an nohalteg kléngen wéi deen vum Isaac Asimov. En ass ee vun deene bekanntste Vertrieder vum gëllenen Zäitalter vun der Science Fiction. Mee niewent Romaner a Kuerzgeschichten huet en och vill Sachbicher, mol vir Kanner, mol vir Erwuessener geschriwwen. Den 1920 gebuerene Schrëftsteller huet bis zu sengem Liewensenn iwwer 500 Bicher geschriwwen an editéiert. 1992 ass en un de Folgen vun enge HIV-Infektioun gestuerwen.

Scho fréi huet e probéiert, seng Kuerzgeschichten an Astounding Science Fiction eraus ze bréngen. Leider gouf en ufanks e puer mol refuséiert, bis Marrooned off Vesta 1939 endlech ugeholl ginn ass. Den éischte Klassiker, deen himm zum Duerchbroch verhollef huet, war wuel d’Novelette Nightfall, déi 11941 eraus koum a spéider zu engem Roman weider entwéckelt ginn ass. An der Geschicht geet et em e Planéit, deen normalerweis de ganzen Zäit am Liicht ass, bis eng Sonnen-Eklips kënnt.

Bescht Buchserie aller Zäiten

Zwou Buch-Serien hunn seng literaresch Karrier bestëmmt: D’Foundation Serie and d’Roboter-Sier, déi schlussendlech d’Hugo Auszeechnung fir déi bescht Buchserie aller Zäite krut. Doranner huet en net nëmmen de Begrëff vun der Robotik a vun der Positronik geschafft, mee och déi dräi Gesetzer vun der Robotik beschriwwen. An der Foundation Serie geet et, an de graffsten Begrëffer, ëm den Néiergang an d‘Operstoung vun engem galakteschen Imperium. Et ass eng Buchserie, déi iwwert Joerzengten ewech vum Isaac Asimov erweitert ginn ass mat neie Geschichten.

Vum Schreifstil hier kënnt den Asimov ouni groussaartegt Geschnörkels aus. En ass fir eng gewëssen Kloerheet bekannt, déi en och selwer ëmmer erëm an der Virdergrond gestallt huet, wéi zum Beispill am Virwuert vun enger Editioun vun Nemesis aus dem Joer 1989. Egal wéi huet eleng d‘Mass un exzellente Geschichten aus senger Fieder dofir gesuergt, datt den Asimov eng onvergiesse Persoun an der Geschicht vum Science-Fiction-Genre bliwwen ass.

Ähnlech Sujeten Gernsback-Woch 2017, Isaac Asimov, Science Fiction
Nächsten Artikel Virrechten Artikel