Search

You may also like

Police: Vereedegung vun dräi Membere vum ziville Kader
Neiegkeeten

Police: Vereedegung vun dräi Membere vum ziville Kader

E Méindeg sinn déi dräi Membere vum ziville Kader Claire

D’Haus vum Horror a Kalifornien: 13 Geschwëster agespaart an ugekett
Neiegkeeten

D’Haus vum Horror a Kalifornien: 13 Geschwëster agespaart an ugekett

13 Geschwëster agespaart, dorënner e Bëbee vun zwee Joer. E

Wéi fonctionnéiert en Handelskrich?
Neiegkeeten

Wéi fonctionnéiert en Handelskrich?

Et gëtt dëser Deeg vill iwwert en Handelskrich tëscht den

D‘Personal wäert net noginn

Zolitte Sozialkonflikt op der „International School of Luxembourg“ wéinst dem Kollektivvertrag

D‘Personal wäert net noginn

Haut Moie war den Unterrecht an der „International School of Luxembourg“ (ISL) um Kierchbierg eppes gestéiert ginn, well d‘Gewerkschaften OGBL an LCGB zesumme mam Personal hu missen op d‘Tromm schloen. Grond: d‘Direktioun vun der ISL verweigert sech dem Kollektivvertrag.

De Problem ass net nei, de leschte Kollektivvertrag, deen den d‘Period vum 1. September 2015 bis den 31. August 2018 ofgedeckt huet, gouf och eréischt den 2. Juni 2016 ënnerschriwwen, a gouf vu béide Säiten den 31. Mee 2018 opgekënnegt. Éischt Verhandlungen hat et uschléissend de 27. Juni 2018 ginn, ouni datt dës hätte kënnen ziilféierend ofgeschloss ginn.

Well net ersiichtlech war, datt et séier mat de Verhandlunge viru kéint goen et awer net esouwäit sollt kommen, datt d‘Personal ouni Kollektivvertrag do steet, hat d‘Direktioun vun der ISL der Propos vun de Gewerkschafte Rechnung gedroen a sech op eng „Verlängerung“ agelooss. Dat gouf de 24 September 2019 aktéiert. De Kollektivvertrag gëllt also bis den 29. Februar 2020.

Säitens der Direktioun an de Gewerkschafte war sech awer och drop verstännegt ginn, eng fir all Parteien akzeptabel Léisung, virum Oflafe vun der Prolongatioun, ze fannen. Erënnere mir awer kuerz drun, datt d‘Verhandlungskommissioun vun de Gewerkschaften, am Januar an am Dezember 2019 eng Enquête beim Personal an d‘Wee geleet hat.

Dat war noutwenneg ginn, wëll d‘Direktioun vun der ISL wéineg entgéintkomme signaliséiert huet a besonnesch um neie Barème, mat deem d‘Carrière vun den neien Enseignante däitlech méi schlecht opgestallt ass, festgehalen huet. D‘Salariéeë vun der ISL hunn dann och bei béiden Ëmfroe géint dës „Propos“ gestëmmt. An esou geréit elo alles eppes aus de Fugen.

Et ass wuel richteg, datt d‘ISL Konzessioune gemaach huet wat d‘Aarbechtszäit betrëfft an et och op anere Punkten Offere ginn huet. Leider dat nëmmen ënnert der Konditioun, datt d‘Gewerkschaften sech op d‘Aféierung vun engem neie Barème aloossen. D‘Fuerderung vun de Gewerkschafte, all d‘Salairen en 2% ze héijen, war vun Ufank un vun der ISL ausgeschloss ginn.

Well d‘Gewerkschaften awer net labber gelooss hunn, huet d‘ISL den 29. November 2019 eng nei Propos agereecht. Hei stoung nach een eenzege Barème fir de Corps Enseignant zur Debatt, dat mat reduzéierte Salairen tëscht de Graden 12 a 24, woubäi dem aktuelle Personal Kompensatiounen ugebuede goufe bis, ugesiichts der Indexéierung, d‘Montante gläich oder iwwert deene vum géigewäertege Barème leien.

Dës Offer gouf vun de Gewerkschaften den 13. Dezember 2019 verworf an si hunn entscheet déi legal Prozedur anzeleeden, déi no der Denonciatioun vum aktuelle Kollektivvertrag virgesinn ass. De 16. Dezember huet dunn d‘ISL hirersäits d‘Gewerkschaften informéiert, datt si de Bäistand vum Nationale Conciliatiounsbüro (ONC) ugefrot hunn.

D‘Verhandlungskommissioun vun de Gewerkschaften huet dunn nach emol (tëscht dem 9. an 13. Januar) beim Personal vun der ISL nogefrot, op si de Gewerkschaften e Mandat ginn, fir d‘Propos vum Patronat unzehuelen, oder ob si bereet sinn, falls d‘Propos inakzeptabel ass, ze streiken. Un der Ofstëmmung hunn 71,15% vum Personal deel geholl an 89,19% dovunner hu sech géint dee vun der ISL virgeluechte Barème a fir d‘Prozedur beim Mediateur a seng eventuell Konsequenzen ausgeschwat.

Éischt Aktiounen hat et schonn déi lescht Woch mat „walk-in“ a „walk-out“ um 20. an 21. Januar ginn. Eng Form vum Protest, deen all Woch eppes méi betount soll ginn an dat esoulaang bis sech d‘Direktioun enges Bessere besënnt. Esou ass dann och haut nees ee „walk-in“ a „walk-out“ organiséiert ginn. Muer an e Mëttwoch soll d‘Aktioun renouvelléiert ginn.

Fir d‘Gewerkschaften an d‘Personal heescht et elo d‘Protestaktiounen esoulaang weiderzeféieren, bis d‘Direktioun vun der ISL eng Propos op den Dësch leet, an där keng Verschlechterung fir dat bestoend an zukünftegt Personal enthale sinn.

Foto: © OGBL

Related topics International School Luxembourg, ISL, Kollektivvertrag, LCGB, OGBL
Next post Previous post