Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bei de Walen a Slowenien hunn déi riets-konservativ d‘Favoritteroll sécher
International Neiegkeeten

Bei de Walen a Slowenien hunn déi riets-konservativ d‘Favoritteroll sécher

Haut gëtt a Slowenien e neit Parlament gewielt, an de

What the Fakt – Box erof! Et ass Feierdag!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Box erof! Et ass Feierdag!

Dëst Uso war kee Witz, obwuel een et scho mat

Den Internet ass kee rechtsfräie Raum
International Neiegkeeten

Den Internet ass kee rechtsfräie Raum

Eng Ausso déi een esou an der Raum stelle kéint

Islamesche Staat: Wann et doheem dach am schéinsten ass

Britesch Fra wëll hiert Kand a Groussbritannien op d‘Welt setzen

Islamesche Staat: Wann et doheem dach am schéinsten ass

Mat zaarte 15 Joer hat dat jonkt Shamima Begum mat zwou Schoulfrëndinne London verlooss, fir sech den Islamesche Staat (IS) unzeschléissen. Am Kalifat huet si sech mat engem hollänneschen Islamist bestuet, dee mëttlerweil a Gefaangenschaft ass. Mat hirem „Mann“ hat si zwee Kanner, déi – esouwäit et bekannt ass – un Ënnerernierung gestuerwe sinn.

An engem nordsyresche Flüchtlingslager, ass e Reporter vun der „Times“ op déi jonk Fra gestouss, déi viru véier Joer hir Heemecht verlooss hat. Si huet sech radikaliséiert, bereit hir Entscheedung net, an ass och weiderhin iwwerzeegt, de richtege Choix getraff ze hunn. Elo ass Shamima Begum am 9. Mount schwanger, an hofft drop d‘Kand a Groussbritannien op d‘Welt ze bréngen.

Wat d‘Wuel vum Kand betrëfft, wär et bestëmmt déi „besser“ Entscheedung, mee de Ben Wallace, Staatssekretär am briteschen Inneministère, huet an engem BBC-Interview däitlech gemaach: „Ech riskéieren net d‘Liewe vu Brite fir Terroristen an engem gescheiterte Staat ze betreien. (…) De Message vun der Regierung ass säit Joren däitlech: Handelen huet Konsequenzen“.

Et gi Limitten

De Staatssekretär huet allerdéngs och betount, datt de britesche Staat verflicht ass seng Bierger ze schützen, och déi am Ausland. „Mir hunn awer och d‘Flicht d‘Bierger hei am Land ze schützen“, esou de Ben Wallace, deen den Ëmgang mat briteschen IS-Kämpfer als Erausfuerderung gesäit. Am Fall vun der schwangerer Fra, weess de Politiker, d‘Meenungen am eegene Land verschidde sinn.

Géif der Fra d‘Heemrees erméiglecht ginn, géif si sech automatesch Ermëttlungen aussetzen a kéint fir hir Bedeelegung (och wa se nëmme passiv war) zu enger laanger Prisongsstrof veruerteelt ginn. Woubäi keen an der Regierung et wëll drop ukomme loossen. Zudeem kënne verschidde Mesure géint den Terrorismus ergraff ginn, wéi den Entzuch vun der Nationalitéit, wat hei dierft zoutreffen.

Am Interview mat der „Times“ war den Inneminister Sajid Javid iwwerdäitlech: „Ech wäert alles maache wat a menger Muecht steet, fir e Retour vun dëser Fra ze verhënneren. Briten déi sech dem IS ugeschloss hunn haasse Groussbritannien. Mir hu keng Verwendung fir esou Mënschen“. Dat ass dann allerdéngs nees eng Siichtweis, déi esou net vun der britescher Gesellschaft gedeelt gëtt.

Eng zweet Chance?

Et sollt bei allem wat den IS duerstellt awer net vergiessen, datt am Fall vun dësen dräi Fraen, déi als Teenager eng verdammt schlecht Entscheedung getraff hunn, et och hir Famillje gëtt. E Papp vun engem vun de Meedercher mengt: „Mäi Message un d‘Regierung ass: Loosst déi Teenager zréckkommen. Als Teenager kënnen se Feeler maachen. Dat muss d‘Regierung verstoen“.

D‘Reaktioun vun dësem Papp ass esou verständlech wéi novollzéibar, mee de Familljen hir Noperen an och déi aner Awunner vun dësem aarmséilege Quartier Londoner Osten, hu fir d‘Eltere vun de Meedercher kee Versteesdemech. Si hätten hiert Land verroden, fir sech mat Terroristen anzeloossen. Esou Mënschen dierft een net méi zréckloossen, ze schrecklech wieren hir Doten.

An u Meenunge feelt et bei esou enger „Geschicht“ net. De Public huet ënnerschiddlech Siichten, d‘Gesellschaft drift ausenaner. Eng jonk Fra huet gemengt: „Mir sollten dem Bëbee eng Chance ginn hei opzewuessen. Mir maachen et jo net fir d‘Mamm“. Esou einfach kéint et sinn, woubäi ee sech muss bewosst bleiwen, vu wéi enger Aart „Mënsch“ hei rieds ass, an et kee Bedauere gëtt.

mat indymedia/lon/Joe Blake

Foto: (Archiv) Fir datt ee sech eens ass, wiem sech déi jonk Fra, déi elo am néngte Mount schwanger ass, sengerzäit ugeschloss huet. Si huet wuel géintiwwer dem Times-Reporter gemengt, ni selwer Hand ugeluecht ze hunn. Si hätt nëmmen ofgeschnidde Käpp an Dreckskëschte gesinn, wat et awer net weider gestéiert huet. Hir Schratt bereit déi jonk Fra net, wëll elo awer trotzdeem nees Heem…

Ähnlech Sujeten Ben Wallace, islamesche Staat, Sajid Javid, Schwanger, Shamima Begum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel