Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – RTLplus start zu Lëtzebuerg duerch
who dating carrie underwood how to delete a dating account

latino dating websites free

RTL gehéiert zur Geschicht vun eisem Land wéi de Gromperekichelchen

examples of personal profiles for dating
who dating carrie underwood how to delete a dating account

Mat engem neien Naturschutzgesetz wëll een och dem Mënsch hëllefen

Den Naturschutz wier och zugläich Mënscheschutz. Dëst ginn den Henri

What the Fakt – Alles agepaakt beim Christo?
who dating carrie underwood how to delete a dating account

What the Fakt – Alles agepaakt beim Christo?

Duerch seng speziell Verhüllungskonscht ass de bulgaresche Kënschtler Christo bekannt

Island begrieft Gletscher: Eng Gedenktafel fir den Okjökull

Island begrieft Gletscher: Eng Gedenktafel fir den Okjökull

Den éischte grousse Gletscher an Island ass um Sonndeg fir Dout erkläert ginn. Gutt 500 Joer Wuesstem sinn a manner wéi 50 Joer verschwonnen. Wëssenschaftler a Politiker hunn aus dësem Grond eng Gedenktafel fir den Okjökull presentéiert, mat der een op de Verloscht vun engem Stéck Natur an d’Folge vum mënschlechen Handelen op de Klimawandel opmierksam maache well.

Bei der Zeremonie um Sonndeg warnen ënnert anerem d’Katrín Jakobsdóttir, islännesch Premierministesch, an d’Mary Robinson, ehemooleg Presidentin vun Irland an UN-Héichkomissärin fir Mënscherechter dobäi. Esou ënnersträicht d’Robinson: „Mir Mënschen hunn den Ok-Gletscher um Gewëssen an dat sollt eis beonrouegen. Den Dout vum Gletscher ass eng Warnung fir eis. Dat ass de Moment, fir ze erwächen!“

Okjökull

Ee Bréif un d’Zukunft

Den islännesche Geolog Oddur Sigurðsson, deen d’Ausbreedung vun de Gletscher op der Insel scho méi wéi 30 Joer erfuerscht, erkläert besuergt, datt den Okjökull vill méi schnell verschwonnen ass, wéi ee geduecht hat. Vun enger Fläch vu 16 Quadratkilometer ass d’Äis an de leschte Joren op manner wéi 4 Quadratkilometer geschmolt. Am Joer 2014 krut den Okjökull offiziell seng Bezeechnung als Gletscher entzunn, d’Iwwerreschter sinn zum doudegen Äis ëmbenannt ginn. Och déi knapp 300 nach existent Gletscher op der Insel wäerte wuel a manner wéi zwee Joerhonnerte verschwannen, sou den Sigurðsson.

Dat trauregt Denkmal dréit dat ellent Schicksal an d’Ëffentlechkeet a beschreift: „Den Ok ass den éischten islännesche Gletscher, dee säi Status als Gletscher verluer huet. An den nächsten 200 Joer gëtt erwaart, datt all eis Gletscher de selwechte Wee ginn. Dëst Monument bestätegt, datt mir wësse wat geschitt a wat gemaach muss ginn. Just du weess, op mir et gemaach hunn. August 2019 415ppm CO2“

Okjoküll

335 Milliarden Tonnen Äis verschwannen all Joer

Natierlech gewënnt a verléiert ee Gletscher ëmmer erëm u Fläch, allerdéngs suergt dëse staarke Réckgang vir enorm Beonrouegung. Esou fiert d’Katrín Jakobsdóttir virun: „Mir mussen zesumme schaffen, wéi mir et nach ni virdru gemaach hunn. Mir musse Bierger versetzen, eist Liewen an eis Systemer nei denken.“

Enger Etüd vun „Nature“ no, verléieren d’Gletscher weltwäit all Joer duerchschnëttlech 335 Milliarden Tonnen Äis. Tëscht 1961 an 2016 solle méi wéi 9.000 Milliarden Tonnen Äis verschwonne sinn. Ee weidere Problem besteet doran, datt an Zukunft d’Temperature steigen an domat och d’Gletscher ëmmer méi schnell schmëlze wäerten.

D’Gletscherwaasser fléisst an d’Mier a bréngt de Mieresspiggel zum klammen, wouduerch virun allem d’Küsteregiounen bedreet ginn an et verstäerkt zu extreme Wiederphenomer komme kann. Ëmsou méi wichteg ass et, datt dat trauregt Beispill vum Okjökull sech net un déi Doudeg, mee déi Lieweg wennt.

Ähnlech Sujeten Gedenktafel, Gletscher, Island, Katrín Jakobsdóttir, Klimawandel, Mary Robinson, Okjoküll
Nächsten Artikel Virrechten Artikel