Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Migratioun: Zypern fuerdert Hëllef vun der EU
International Neiegkeeten WTF

Migratioun: Zypern fuerdert Hëllef vun der EU

Zypern huet d‘Hëllef vun der EU ugefrot, well se de

Den Donald Trump denoncéiert eng politiséiert Justiz
International Neiegkeeten WTF

Den Donald Trump denoncéiert eng politiséiert Justiz

E Mëttwoch huet den US-President Donald Trump d‘Existenz vun enger

Poetry Slam déi Drëtt! Vun Toleranz, iwwer Léift bis zum Kachkéis
International Neiegkeeten WTF

Poetry Slam déi Drëtt! Vun Toleranz, iwwer Léift bis zum Kachkéis

Vergaangene Samschdeg stoung am Ale Kino zu Veianen nees ee

surprise

Israel interesséiert sech fir den Äerdtrabant

An der Nuecht huet Israel d‘Sond Beresheet (בראשית) op de Mound geschoss

Israel interesséiert sech fir den Äerdtrabant

Um 3.45 Auer zu Cape Canaveral, war de Countdown ofgezielt, an eenzeg en technesche Problem kann dat klengt Raumschëff vu sengem Zil, de Mound, ofhalen. D‘Erwaardungen si grouss, firwat dës Moundlandungsmissioun vun der Regierung zu engem nationalen Ereegnes erkläert ginn ass.

Den israelesche Wëssenschaftsminister, Ofir Akunis, dee sech et net huele gelooss huet, beim Start vun der Rakéit op der Plaz derbäi ze sinn huet erkläert: „Wann dëst onbemannte Raumschëff um Mound lant, dann ass dat ee vun de wichtegste Momenter an der Geschicht vun der Natioun Israel“. Et si Wierder, déi och vum Houfert beaflosst sinn, mee et flitt een och net all Dag op de Mound.

Eppes méi realistesch – wann och net mann houfreg – ass do den Ido Antebi, Direkter vu „Space IL“. Hie geet eppes méi pragmatesch vir: „Et wäert dat klengste Raumschëff sinn, dat jeemools um Mound gelant ass. Mat zwee Meter am Duerchmiesser a grad emol annerhallwe Meter héich, ass et kee Ris. D‘Sond weit beim Start 585 Kilo, a wa se um Mound lant, sinn et der nach 180“.

Israel

© Space IL

D‘Sond Beresheet, déi ënner Insider och als „Frigo“ bezeechent gëtt, géif, wa se da ganz ukënnt, Israel zur véierter Natioun maachen, déi no den USA, Russland a China, hire „wëssenschaftleche Foussofdrock“ um Mound géifen hannerloossen. Interessant: mat dëser Sond gi keng wirtschaftlech Ziler verfollegt. Dës Missioun huet ganz aner Objektiver, wéi den Ido Antebi erkläert.

Den Optrag: Bildung a Fuerschung

„Beresheet“, wat iwwersat esouvill wéi „den Ufank“ bedeit, soll der Bildung an der Fuerschung zerguttst kommen. „Mir wëllen israelesch Kanner a Jugendlecher un technesch an wëssenschaftlech an Fächer interesséieren, an hoffen, datt dës Missioun derzou bäidroe kann. Si soll awer och eiser Raumfaartindustrie notzen“, esou de sichtlech zefriddenen Direkter vu Space IL. Bei der Fuerschung, geet ëm d‘Gewanne vun Erkenntnisser iwwert de Magnetismus vum Mound-Gestengs.

Esou eng Missioun kascht Geld, vill Geld. An dësem Fall hu misse ronn 100 Milliounen US-Dollar opgedriwwe ginn. De gréissten Deel vun de Finanzmëttel konnt iwwert Spenden erageholl ginn, a wann „Beresheet“ um Mound – virgesinn ass den 11. Abrëll – gelant ass, soll als alleréischt Aktioun den israelesche Fändel an de Moundbuedem gestach ginn. Wéi gesot, den Houfert flitt mat…

Israel

© Space IL

mat indymedia/tlv/mia

Foto: Déi israelesch Moundsond Beresheet, ass vu Cape Canaveral (Florida) mat enger SpaceX Falcon 9 Rakéit ofgeschoss ginn. © Space IL

Ähnlech Sujeten Äerdtrabant, Bildung, Fuerschung, Ido Antebi, Israel, Mound, Space IL, Weltraumressourcen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel