Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Douanesgewerkschaft: Ongerechtegkeeten féieren zur Onzefriddenheet!
International Neiegkeeten

Douanesgewerkschaft: Ongerechtegkeeten féieren zur Onzefriddenheet!

Am Mee an Dezember 2018 hunn 2 Entrevuë mat der

D‘Associatioun „Mäi Wëllen, Mäi Wee“ begréisst d‘Existenz vum Recht op e wierdegen Dout
International Neiegkeeten

D‘Associatioun „Mäi Wëllen, Mäi Wee“ begréisst d‘Existenz vum Recht op e wierdegen Dout

D‘Gesetz zur „Euthanasie an der Bäihëllef zum Suizid“ ass de

science.lu mécht Reklamm fir den IEE „people counter“
International Neiegkeeten

science.lu mécht Reklamm fir den IEE „people counter“

Ob en Iwwerwaachungssystem vun enger Entreprise méi vertrauenswierdeg ass, wann

Israel wëll Al-Jazeera erausgeheien

En Nieweneffekt vun der Katar-Kris

Israel wëll Al-Jazeera erausgeheien

Gëschter huet de Premierminister vun Israel, de Benjamin Netanyahu, annoncéiert, datt hien den Noriichtesender Al-Jazeera wëll aus dem Land verweisen. Hie beschëllegt de kataresche Sender, d‘Spannunge ronderëm déi helleg Plazen ze verstäerken.

„De Sender Al-Jazeera fuerdert zur Gewalt um Tempelbierg eraus“, schreift den Netanyahu op Facebook. Hien hätt dann och widderhuelt bei den Autoritéiten intervenéiert fir de Büro zu Jerusalem zou ze maachen. De Premierminister geet dann hei och eppes méi wäit: „Wann dat net méiglech ass, wëll net am Gesetz virgesinn, da loossen ech ee Gesetz unhuele fir Al-Jazeera aus Israel erauszegeheien“.

Beschëllegungen sinn net nei

Zanter Jore beschëllegt Israel de katareschen Noriichtesender der eesäiteger Berichterstattung iwwer de Konflikt mat Palestina. Al-Jazeera huet sech bis ewell dann och nach net zu enger Reaktioun op dem Netanyahu seng Äusserungen hiräisse gelooss.

Dem israelesche Premier seng Interventioun ass dann och an Zesummenhang mat der ugespaanter Lag um a ronderëm den Tempelbierg ze gesinn. E Mëttwoch stoungen sech Israelien a Palestinenser nach ëmmer voller Roserei géinteniwwer. Dat obwuel d‘Regierung den Ofbau vun de kontroverséierte Metalldetekteren ugeuerdent huet. Allerdéngs ass d‘Angscht vrun engem Gewaltausbroch beim Freideggebiet verständlech.

Zu Jerusalem-Ost, eigentlech palestinensescht Gebitt, mee vun Israel besat, war d‘Spannung sprongaarteg an d‘Luucht gaangen. D‘Installatioun vun de Metalldetekteren um 16. Juli bei den Zougäng zum Tempelbierg war als Provokatioun interpretéiert ginn.

Begrënnte Moossnam

D‘Palestinenser hunn an der Moossnam de Versuch vun Israel gesinn, nach eng gréisser Kontroll iwwer deen hinnen hellegen Tempelbierg ze kréien. Israel sengersäits huet d‘Moossnamen domadder begrënnt, datt um 14. Juli zwee Polizisten ermuert gi waren. D‘Ugräifer déi hir Dot net sollten iwwerliewen, haten hir Waffen um Site verstoppt.

Al-Jazeera hat a senger Berichter virun allem de Standpunkt vun de Palestinenser opgewisen. Dat ass bei engem moslemesche Sender allerdéngs och novollzéibar. Well awer de Katar mat sengen Nopere Saudi-Arabien, Vereenegt Emirater, dem Bahrain an esouguer Egypten am Clinch läit, huet de Noriichtesender et am Ament net einfach.

Zweeschneideg Diplomatie

Nom Ofbrieche vun den diplomatesche Bezéiungen tëscht den uewe genannte Länner den 5. Juni, sti Sanktiounen un. Och ass gefuerdert ginn, Al-Jazeera zouzemaachen. Déi onséileg Allianz géint de Katar ënnerstellt dem Noriichtesender „d‘Propagéiere vun engem extremen an haasserfëllten Discours“.

Op der aner Säit steet de Benjamin Netanyahu. Deen ass beméit, d‘Relatiounen zu de Länner déi Israel wéinst de Besetzung vu Palestina kritiséieren, ze verbesseren. Net wierklech eng einfach Aufgab, wëll beduecht muss ginn, datt dee Konflikt elo schonn en halleft Joerhonnert unhält. Egypten a Jordanien sinn da bis ewell och déi eenzeg arabesch Länner, mat deenen Israel ee Friddensofkommes ënnerschriwwen huet.

mat AFP

Foto: D‘Palestinenser zelebréiere baussent dem Léiw-Portal vun der Al Aqsa Moschee um 27. Juli dat d‘Barrièren a besonnesch d‘Metalldetektere vun dësem Hellege Site verschwonne sinn. Déi gleeweg Moslemen haten sech geweigert ënnert de genannte Konditiounen den Tempelbierg ze betrieden. (© Ahmad Gharabli/AFP)

Ähnlech Sujeten Al-Jazeera, Israel, Katar
Nächsten Artikel Virrechten Artikel