Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nëmmen Olympia-Kenner wëssen d‘Äntwerten op dës 8 Froen!
International Neiegkeeten

Nëmmen Olympia-Kenner wëssen d‘Äntwerten op dës 8 Froen!

D’Wanterspiller si voll am gaangen! Lëtzebuerg ass och erëm mat

Japan wëll nees kommerzielle Walfang bedreiwen
International Neiegkeeten

Japan wëll nees kommerzielle Walfang bedreiwen

Um haidege Mëttwoch huet Japan säin Ausstig aus der internationaler

Editorial: D’Gefor vu Riets
International Neiegkeeten

Editorial: D’Gefor vu Riets

Ronderëm d’Walen a Frankräich ass vill iwwert d’Gefor vu Riets

Israel: Juristescht Koméidistéck mam Premierminister an der Haaptroll

De Procureur werft de Benjamin „Bibi“ Netanyahu Bestiechlechkeet, Verontreiung a Bedruch vir

Israel: Juristescht Koméidistéck mam Premierminister an der Haaptroll

Et wier eng Première an der Geschicht vun Israel, mee alles deit drop hin, datt de Regierungschef sech wäert wéinst „ Bestiechlechkeet, Verontreiung a Bedruch“ viru Geriicht veräntwerte mussen. Aus de Reie vun der Oppositioun gëtt dem Benjamin Netanyahu säi Récktrëtt gefuerdert.

Mee de Premierminister ass net esou liicht kleng ze kréien, a mat politesche Schluechte kennt hie sech aus. Ugrëff gëllt als beschte Verdeedegungsstrategie, an deen huet de Benjamin Netanyahu gëschter Owend zur beschter Sendezäit op der Tëlee duerchgeholl. Zil vun der Attack: d‘Parteien aus dem lénke politesche Spektrum. Problem: Un de Beschëllegungen ass wierklech eng drun.

Un d‘Adress vu sengen Unhänger huet de Regierungschef gesot: „Déi politesch lénk weess, datt si eis net bei Wahle schloe kann. Aus dësem Grond verfollegen si eis säit elo dräi Joer politesch, an dat mam erkläerten Zil déi riets Regierung, mat mir un der Spëtzt, ze stierzen“. Dat ass net Falsch, woubäi de Benjamin „Bibi“ Netanyahu duerch säi Beholl vill Ugrëffsfläch gebueden huet.

Eppes Gejéimers, eng Grimmel Suergen… „Et ass eng Hetzjuegd géint mech a meng Famill“, esou den israelesche Premier, deen taktesch am Ëmgang mat de Medie geüübt ass. Säi Problem awer ass dës Kéier net de politesche Géigner, mee de Procureur Avichai Mandelblit. Deen huet d‘Virwërf géint de Regierungschef gepréift an entscheet, datt de Benjamin Netanyahu muss ugeklot ginn.

Vu Gefällegkeeten an anere Feelgrëffer

Um Donneschdegowend huet de Procureur-General confirméiert, datt d‘Uklo sech op: Bedruch, Bestiechlechkeet a Verontreiung wäert stäipen. Hei gëtt sech op dräi „supposéiert“ Fäll vu Korruptioun bezunn. Dem Benjamin „Bibi“ Netanyahu gëtt ënnert anerem virgeworf, deier Kaddoe vu Geschäftsleit ugeholl ze hunn, an als Géigeleeschtung souzesoen „ee Gefale“ gemaach kruten.

Him gëtt ënnerstallt, datt hien dem groussen israeleschen Telekommunikatiounskonzern Bezeq e Virdeel verschaaft huet, an am Géigenzuch dofir, eng „gutt Berichterstattung am Konzernmedium“ erhalen hätt. Esouwäit eng kleng Iwwersiicht, iwwert all dat wat dem israelesche Premierminister esou virgehäit gëtt. Sollten sech all dës Virwërf als berechtegt erausstellen, kéint et eng deier ginn.

Elo, esou wëll et d‘Gesetz, muss de Beschëllegte gehéiert ginn, iert säitens dem Procureur eng definitiv Entscheedung ka geholl ginn. Et kann ee wuel den Ament nëmme spekuléieren, mee ugeholl et kéim zur Uklo an uschléissend zum Prozess, da wier dat en historescht Ereegnes. Dat huet et an der Geschicht vum Staat Israel nach net ginn, a Bestiechung ass kee Kavaléiersdelikt.

Matten am Wahlkampf ass dat onpassend

Et sollt ee wëssen, datt „Bestiechlechkeet“ mat dat schlëmmste Verbriechen duerstellt, datt engem an Israel zur Laascht ka geluecht ginn. D‘Bedreeung vun enger Uklo, an dat matten am Wahlkampf, dat ass „onpassend“. A seng „Konkurrenten“ de fréiere Chef vun der Arméi Benny Gantz, dee sech mam Journalist Yair Lapid zesummegedoen huet, reiwen sech d‘Hänn. Si leien an de Sondage vir.

D‘Chamberwahlen, déi den 9. Abrëll ofgehale ginn, wäerten natierlech duerch dëse juristeschen Intermezzo beaflosst ginn. Et ass dann och net eleng domatter gedoen, d‘Virwërf zréckzeweisen a sech drop ze behaapten, datt Israel grad säi beschte Joerzéngt hannert sech bruecht hätt. Woubäi dat och ze relativiséieren ass, besonnesch am Kontext vun de Friddensbeméiunge mat Palestina.

An de Benny Gantz notzt dem Premierminister seng mësslech Lag gutt aus. Hien huet dem Benjamin Netanyahu e Message zoukomme gelooss: „Ech ruffen iech op mat den Ugrëff op de Rechtssystem an d‘Justiz opzehalen. Beweist Verantwortung an triet zréck, Wann dir är Onschold bewisen hutt, kënnt dir mat erhuewenem Kapp nees untrieden“. E Récktrëtt wäert et awer net ginn…

mat indymedia/tlv

Foto: De israelesche Procureur General, Avichai Mandelblit (hei en Archivbild) ass sech bewosst, datt mat enger méiglecher Uklo, net eleng an d‘Chamberwahlen agegraff gëtt, mee hei duerchaus e Prezedenzfall um entstoen ass, deen et an der jonker Geschicht vum Staat Israel nach net ginn huet. © Yonatan Sindel

Ähnlech Sujeten Avichai Mandelblit, Benjamin Nehanyahu, Benny Gantz, Chamberwahlen, Israel, Korruptioun, Yair Lapid
Nächsten Artikel Virrechten Artikel