Search

You may also like

Grouss Sonnendäischtert verzaubert d’Amerikaner
International Neiegkeeten

Grouss Sonnendäischtert verzaubert d’Amerikaner

Fir eppes méi wéi 90 Minutte ware Millioune vun Amerikaner

Wat bréngt Netflix eis am Januar?
International Neiegkeeten

Wat bréngt Netflix eis am Januar?

En neie Mount ass ugebrach! Dat heescht, datt mer eis

surprise
QUIZ: Kenns du eis lëtzebuergesch Sportler?
International Neiegkeeten

QUIZ: Kenns du eis lëtzebuergesch Sportler?

[onionbuzz quiz-id=12][/onionbuzz]

Den israelesche Covid19-Paradox

Den israelesche Covid19-Paradox

Israel ass dat Land, datt wéi keen anert seng Bierger impft an awer huet d‘Regierung elo och hei missen d‘Covid19-Moossname weider verschäerfen. Schold dorunner hunn déi immens héich Infektiounszuelen an déi hunn och hir Ursaach. Esou mengt de Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu: „De mutéierte Coronavirus ass ausser Kontroll“.

Mee an Israel ass net nëmmen de Covid19 ausser Kontroll, dat gëllt allgemeng och fir d‘Politik. Mee Problemer, an därer vun haartnäckeger Natur, déi huet et emol an éischter Linn am Kontext vum Gesondheetssystem, deen hoffnungslos iwwerlaascht ass. Sollt een nach gewëllt sinn, dësem Secteur ee Mindestmooss u Spillraum zouzegestoen, muss et zu entspriechende Mesure kommen.

Et ass allerdéngs och net esou, datt näischt geschitt wier. Et gouf confinéiert, awer net wierklech wouergeholl. D‘Crèchen an d‘Schoulen haten „Normalbetrib“, d‘Leit si ganz normal op d‘Schaff gefuer an och d‘Tempel hunn éischter ganz normal geschafft. Dat awer muss sech änneren, an esou huet dat wat als Regierung bestoe bliwwen ass, sech fir wesentlech verschäerfte Mesuren agesat.

Als éischt Mesure bleiwen elo emol d‘Crèchen an d‘Schoule fir zéng Deeg zou. Vill Geschäfter musse weider zou bleiwen an et soll zu bessere Kontrolle vun den Aschränkunge kommen. Esou sollten Israelien sech net ouni wierklech wichtegem Grond méi wéi ee Kilometer vun hirer Adress ophalen. Den Ament hält ee sech net wierklech drun, an eng effizient Kontroll gëtt et och net.

Elo awer!

Bei méi wéi 6.000 Neiinfektiounen den Dag – Tendenz steigend – knäppt een nees mat Wäerter un, déi ee wärend der Pandemie-Spëtzt registréiert huet. Dat ass maximal beonrouegend, heescht et do aus dem Gesondheetsministère, deen och eng Spärstonn gefuerdert huet. A wéi gesot, et ass net wéi wann an een an Israel kee Plang oder keng Anung hätt. Et feelt eppes u Schwarmintelligenz…

Et gëtt wéi gesot kaum een anert Land op der Welt wou esou massiv geimpft gëtt wéi eben an Israel – wann een emol vu China ofgesäit – an dorunner soll festgehale ginn. Op gëschter, esou d‘Zuelen, waren an Israel scho 15% vun de Bierger geimpft (also mat enger éischter Dosis). Dëse Rhythmus awer gëtt vun de Produktiounscapacitéite bestëmmt, an esou lues ginn d‘Reserven zum Rescht.

Zudeem huet sech erwisen, datt och eng Massiv an eigentlech ganz gutt iwwerluechte Strategie, ëmmer nëmmen esouwäit eppes daacht, wéi d‘Leit sech drun halen a matmaachen. An esou konnt och déi massiv Impfcampagne d‘Ausbreede vum Virus net verhënneren. Bedenklech sinn och nach d‘Berichter, wouno Leit sech no der Impfung nach mam Virus infizéiert an dorunner erkrankt sinn.

mat indymedia/tlv

Illustratioun: Mat bieden eleng ass dem Coronavirus net bäizekommen © Joshua Sukoff / unsplash

Related topics Confinement, Covid19-Pandemie, Impfstoff, Israel, Lockdown, Vaccin
Next post Previous post