Search

You may also like

De Grupp Saint Paul annoncéiert ee Sozialplang
International Neiegkeeten

De Grupp Saint Paul annoncéiert ee Sozialplang

Um 17. September sinn den LCGB an d‘Personaldelegatioune vum Personal

What the Fakt – D’Geschicht vun der “Beweegung 2. Juni”
International Neiegkeeten

What the Fakt – D’Geschicht vun der “Beweegung 2. Juni”

An de 70er Joer huet déi lénksextremistesch terroristesch Vereenegung „Beweegung

Nei fir d’Rentrée 19/20: De BTS „Assistant médico-administratif“
International Neiegkeeten

Nei fir d’Rentrée 19/20: De BTS „Assistant médico-administratif“

De Maacher Lycée wäert bei der kommender Rentrée 2019-2020 mam

Aus Israel e jiddeschen Nationalstaat gemaach?

Aus Israel e jiddeschen Nationalstaat gemaach?

Wat fir déi eng d‘Bestätegung ass, gesinn déi aner als d‘Enn vun der Demokratie. An Israel gëllt elo e Gesetz, mat deem dat jiddescht betount an d‘Arabesch erofgesat gëtt.

Et ass en ëmstriddent Gesetz, datt en Donneschdeg an der Knesset vun den Deputéierte gestëmmt ginn ass. D‘Gesetz definéiert Israel als Nationalstaat fir jiddesch Mënschen an als Heemecht vun de Judden. De jiddesche Charakter vum Land soll gestäerkt an Hebräesch als offiziell Landessprooch definéiert ginn. Arabesch als Amtssprooch gëtt ofgeschaaft an erhält e gesënnerte Status. De Statut vu Jerusalem als Haaptstad vun Israel ass bekräftegt ginn.

Mat 62 derfir a 55 Géigestëmmen, ass no stonnelaangem, deels heftege Gestreits, de Gesetzprojet am israelesche Parlament ugeholl ginn. De Ministerpresident Benjamin „Bibi“ Netanyahu nom Vote: „Et ass en entscheedende Moment an der Geschicht vum israelesche Staat“. Aus der Siicht vun der Regierung, gëtt mat dësem Schratt, de bestoende Charakter vun Israel an e Gesetz gepaakt.

Wat hei awer geschitt, ass datt déi arabesch Israelien un de Rand vun der Gesellschaft gedrängt ginn. Ëmmerhi sollt ee bedenken, datt ee Fënneftel vun der israelescher Bevëlkerung Araber sinn. Net verwonnerlech, datt den Ajman Odeh, Fraktiounschef vun der „Vereenter Lëscht“ – engem Zesummeschloss vun haaptsächlech arabesche Parteien – a senger Ried vun engem „béise Gesetz“ geschwat huet. Et ass dann och ee rassistescht Gesetz, an domatter gëtt d‘Demokratie zerstéiert.

De Plang war eigentlech en aneren…

An eigentlech hätt et nach schlëmmer komme kënnen. Den éischten Entworf vum sougenannten Nationalitéitegesetz ass glécklecherweis amendéiert ginn. An enger ëmstriddener Passage war festgehale ginn, datt et just méiglech sollt sinn, ausschliisslech jiddesch Wunngéigenden ze erriichten. Gemengen hätten esou Leit wéinst hirer Relioun oder Nationalitéit dierfen ausschléissen.

Dat hat an der Knesset zum Opstand gefouert, arabesch Deputéiert hunn offen hiren Desaccord gewisen an de Gesetzestext, als symbolesche Geste, zerrappt. Wéi sech dann d‘Gemidder nees berouegt haten, ass dëse Passage ofgeännert ginn, an elo heescht et an der neier Versioun: „De Staat gesäit d‘Entwécklung vu jiddesche Gemengen als nationale Wäert un, wäert dës ermonteren a fërderen“. Um eigentleche Gedanken deen hannert dësem Saz stécht, ännert et näischt.

An der vergaangener Woch hatt Israel sech dann och iwwert den EU-Ambassadeur, Emanuele Giaufret opgereegt, well deen sech ugemooss huet, déi rassistesch Tendenzen, déi an dësem Gesetz eendeiteg sinn, kritesch ze begleeden. Hie war awer net eleng, well och de Procureur vun Israel huet virun internationale Konsequenze gewarnt an de President Reuven Rivlin wollt den Text och net.

mat AFP

Foto: De Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu waart entspaant op den Debat zum Gesetz, mat deem d‘Land als de Nationalstaat vum jiddesche Vollek soll definéiert ginn. Enger Diskriminéierung vun arabesche Bierger ass hei d‘Dier ganz grouss opgemaach ginn. © Marc Israel Sellem/AFP

Related topics Benjamin Nehanyahu, Israel, Knesset, Nationalitéitegesetz, Sprooch
Next post Previous post