Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi Lénk: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.
International Neiegkeeten

Déi Lénk: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.

Am décke Verkéier an am Stëbs hunn déi Lénk op dëser

Doudesstrof a Saudiarabien: Kanadesche Premierminister besuergt
International Neiegkeeten

Doudesstrof a Saudiarabien: Kanadesche Premierminister besuergt

De kanadesche Premierminister, Justin Trudeau, huet en Donneschdeg am Bezuch

Dësen Donneschdeg: Jobday vir d’Cloche d’Or!
International Neiegkeeten

Dësen Donneschdeg: Jobday vir d’Cloche d’Or!

De 7. Mäerz 2019 organiséiert d’ADEM, zesumme mam Reseau EURES

Israel: déi erzwonge Koalitioun

No dräi Wahle bannent engem Joer, haten sech d‘Israelie schonn emol de 4. August fir de véierten Urnegang fräigehalen – elo ass et dann awer zum groussen Zesummeschloss vun de Rivale komm.

Israel: déi erzwonge Koalitioun

Der politescher Patt-Situatioun an Israel war net mat Wahle bäizekommen, an nodeems och déi lescht Koalitiounsgespréicher am Sand verlaf waren, hat de Staatspresident d‘Regierungsbildung nees zréck an d‘Knesset geschéckt, wou déi Deputéiert no enger Léisung siche sollten, iert et zu Neiwahle kënnt. Gëschter hunn sech d‘Rivale mat „Partner“ op eng Noutstandsregierung gëeenegt.

Likud a Kahol Lavan hu sech zesumme mat Parteien aus dem nationalisteschen a streng reliéise Lager dorobber verstännegt. Et ass méi eng erzwonge Liaisoun wéi ee Bestietnes vun der Vernonft, mee esou matten an der Covid19-Pandemie brauch et eng Regierung, déi sech den Auswierkunge vun der sanitärer an uschléissender wirtschaftlecher Kris unhuele kann. Dat klengt vernënfteg…

Beim Konsens deen a leschter Minutt zustane komm ass, behalen déi zwee Haaptacteuren, Benny Gantz (Kahol Lavan) an de Benjamin „Bibi“ Netanyahu (Likud) de Kommando. Fir den Netanyahu kënnt den Zesummeschloss grad Richteg, dat erspuert him – den Ament emol – sech viru Geriicht zu de Korruptiounsvirwërf mussen ze äusseren. An eigentlech sollt grad dat verhënnert ginn.

IsraelMee dës Koalitioun vun de Géigesätz ass net ouni Abousse fir de Benny Gantz zustane komm. Hien deen sech bestänneg drop behaapt huet, keen „Handel“ mat Rival anzegoen, muss bannent senger Partei Verloschter verquëssen. En Deel vu senge „Leit“ hunn sech ofgewannt, wéi sech d‘Unioun mam Géigner ofgezeechent huet. D‘Argument eng 4. Wal ze verhënneren hat net genuch Gewiicht

Wat beim „Deal“ erauskomm ass

Bei dësem a gewësser Mooss verständlechem Deal, deen der aktueller Kris geschëlt ass, deelen sech de Netanyahu an de Gantz d‘Muecht op: déi éischt 18 Méint soll de Benjamin Netanyahu d‘Amt vum Premierminister iwwerhuelen, de Benny Gantz iwwerhëlt de Verdeedegungsministère an gëtt Vizepremier. Déi Blo-Wäiss kréien och den Ausseministère, d‘Justiz, d‘Wirtschaft an d‘Kultur.

Fir de Benny Gantz erginn sech bei dësem Deal allerdéngs och zwee Problemer. Zum enge gëtt et keng Garantie, datt de Benjamin Netanyahu säi Mandat wéi ofgemaach ofgëtt an zum anere muss hien sech de veriergerte Wieler géintiwwer rechtfäerdegen, déi et him esou séier net wäerte verzeie säi Wahlverspriechen – den Netanyahu lasszeginn – gebrach ze hunn. Dovunner profitéiert Likud.

IsraelDe fréieren Arméichef huet den Deal mam Argument verdeedegt, datt hien engersäits de Bierger ee véierten Urnegang erspuere wollt, an déi aktuell Situatioun net wierklech Alternativen zougelooss huet. Hien hätt „patriotesch“ gehandelt, andeems hien aus Vernonft noginn huet. An dësen Zäite wier eng Noutstandsregierung als, déi richteg wann och schmäerzlech Entscheedung, gewiescht.

Enttäuschte Wieler gesinn de Benjamin „Bibi“ Netanyahu als „Gefor fir d‘Demokratie“, deen elo an der Kris seng Muecht mëttels Noutstandsgesetzer ausbaue kann. De Jair Lapid, werft dem Benny Gantz „Verrot“ vir. D‘Tamar Zandberg, Fraktiounspresidentin vu Meretz (lénks-ekologesch) zum Deal: „Dat ass keng Noutstandsregierung, dat ass een Noutfall fir eis Demokratie“. Tatsächlech?

De Benny war ni wierklech eng Alternativ

Wann een esou eng Behaaptung opstellt, déi sécherlech net aus der Loft gegraff ass, sollt ee sech awer och de Realitéiten zouwennen. De Leader vu Kahol Lavan kann een politesch betruecht net wierklech als Alternativ vum Benjamin Netanyahu verklären. Esou huet sech de fréiere Chef vun der israelescher Arméi an der Wahlcampagne vun 2019, mat frowierdege Videoen ervirgedoen.

De Benny Gantz huet sech bei senge Wieler domadder gebretzt, datt d‘Arméi ënnert senger Féierung grouss Deeler vu Gaza an d‘Steenzäit zréckgebommt goufen. Zimlech hefteg, mee de Benjamin Netanyahu huet sengersäits och keen Ament eng Deseskalatioun gesicht. Hien huet déi arabesch Staatsbierger ëmmer nees pauschal als Feinde vum Staat Israel bezeechent.

IsraelBeim „Wonsch“ sech d‘Jordandall an gréisser Beräicher vum Westjordanland anzeverleiwen, ënnerscheeden sech béid Politiker eigentlech just am Zäitplang. De Gantz wäert sech der vum Netanyahu gewënschten Annexioun uschléissen, esoubal wéi Washington dëse Schratt ofgeseent huet. Esou wierklech grondverschidde sinn d‘Rivalen also net, woubäi een Ënnerscheet gëtt et.

De Benjamin Netanyahu huet nëmmen eppes am Sënn: d‘Mandat als Premierminister. En Job deen hie mat Hänn a Féiss verdeedegt. Dräi Wahlkämpf huet hien iwwerstanen, well et dem Benny Gantz net gelongen ass eng Regierung ze bilden. Net ze vergiessen, datt den Netanyahu sech och nach op d‘Ënnerstëtzung vum Donald Trump stäipe kann, dee gutt Aussiichten huet erëmgewielt ze ginn.

mat indymedia/tlv

Illustratioun: © Dawid Matyszczyk / unsplash

Ähnlech Sujeten Benjamin Netanyahu, Benny Gantz, Isarel, Kahol Lavan, Koalitioun, Likud, Noutstandsregierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel