Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Si halen eis Stad propper – 120 Joer Service Hygiène
International Neiegkeeten

Si halen eis Stad propper – 120 Joer Service Hygiène

De 15. Abrëll huet d’Stad Lëtzebuerg op de Vernissage vun

Mikromobilitéit: Bléiend Landschafte fir elektresch Trottinetten
International Neiegkeeten

Mikromobilitéit: Bléiend Landschafte fir elektresch Trottinetten

A ganz Europa erlieft déi sougenannten „Mikromobilitéit“ en zolitten Hype.

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten? – 2
International Neiegkeeten

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten? – 2

No eiser éischter Ronn lescht Woch hu mer och dës

Grouss Maniff an Israel géint e Gesetz dat „Leihmutterschaft“ fir homosexuell Koppele verbitt

Grouss Maniff an Israel géint e Gesetz dat „Leihmutterschaft“ fir homosexuell Koppele verbitt

Dausenden Israelien hunn e Sonndeg, notamment zu Tel Aviv, géint e Gesetz demonstréiert, dat homosexuelle Koppele verbitt, op eng Leihmutterschaft zréckzegräifen, fir „eege“ Kanner ze hunn. D‘Police huet keng Zuelen iwwert d‘Participatioun verëffentlecht, mee laut der Dageszeitung Haaretz, haten sech eng 60.000 Leit op der Yitzhak Rabin Plaz zu Tel Aviv versammelt.

Nodeems leschte Mëttwoch vun der Knesset e Gesetz gestëmmt ginn ass, datt de Recours op Leihmutterschaft och fir onbestueten oder steril Fraen zouléisst, mee et onbestuete Männer a gläichgeschlechtlech Koppele verbitt, ass zu Manifestatiounen a Streik fir e Sonndeg opgeruff ginn. Bis dohinner hate just heterosexuell a bestuete Koppelen e Recht drop.

Zu Dausenden hunn se sech mobiliséiert: e Sonndeg war eng vun de wichtegste Verkéiersstroossen zu Tel Aviv zougesat ginn. Am Zentrum vu Jerusalem war de Verkéier och zäitweileg ganz zum Stoe komm. Hei sinn zwee Demonstrante vu der Police festgeholl ginn. E sëllechen Entreprise hunn hire Mataarbechter erlaabt ze Manifestéieren ouni hinnen dofir en Dag Congé ofzeknäppen.

En Zeeche setzen

„Et ass eng symbolesch Moossnam, mee si dréckt eng reell Ënnerstëtzung aus“, esou de Julien Bahloul, Spriecher vun der Vereenegung vun den homosexuelle Pappe an Israel géintiwwer der AFP. „Mir fuerderen d‘Gläichheet fir d‘LGBT-Communautéit“, betount d‘Chen Arieli zu Tel Aviv.

Fir d‘Chen Arieli, gëtt hei nieft dem Recht op „Elteren dierfe sinn“, och fir d‘Sécherheet vun den homosexuelle Mënschen demonstréiert. 2015 war déi 16 Joer jonk Shira Banki bei der Gay-Pride vun engem ultra-orthodoxe Judd ofgestach ginn.

Leihmutterschaft

Et war eng friddlech Demonstratioun, géint e Gesetz datt als diskriminatoresch vu villen Israelie betruecht gëtt. © Jack Guez/AFP

Eng ganz Partie Entreprisen hunn sech an dësem Kontext dann och bereet erkläert, homosexuell Koppele finanziell ze ënnerstëtzen, déi op eng Leihmutterschaft am Ausland zréckgräife mussen. Laut dem Julien Bahloul, musse Koppelen eng Leihmutter an den USA oder Kanada fannen, wat bis 100.000 US-Dollar kaschte kann. Wier dat an Israel méiglech, léich ee bei der Hallschent.

De Premierminister soll sech erklären

Un a vir sech eng verréckte Situatioun, well Israel gëtt als „Pionéier“ unerkannt, wat d‘Rechter vu Schwulen a Lesben betrëfft. An dot obwuel d‘Homosexualitéit a reliéise „Kreesser“ nach ëmmer en Tabuthema ass. An déi reliéis Fundamentalisten hu vill Afloss op déi „radikal rietskonservativ“ Regierung vum Benjamin „Bibi“ Netanyahu, wéi een an dësem Fall feststelle muss.

Den Ofer Shelah, en Deputéierte vun der Oppositioun (Zentrum) huet e Sonndeg behaapt genuch Ënnerschrëfte vu Parlamentarier zesummekritt ze hunn, fir de Premierminister ze zwéngen, sech an der Knesset virum Parlament zum Gesetz ze äusseren. Medien hunn zudeem bekannt gemaach, datt den ieweschte Geriichtshaff en Recours géint d‘Gesetz préiwe muss.

mat AFP

Foto: Zu hirer Dausenden hunn se zu Tel Aviv géint e Gesetz demonstréiert, datt homosexuelle Koppele verbitt op Leihmutterschaft zréckzegräifen, fir esou zum Elteregléck ze kommen. © Jack Guez/AFP

Ähnlech Sujeten Israel, Leihmutterschaft, LGBTI, Manifestatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel