Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Linn 26 fiert nees ab dem 7. Januar 2019!
International Neiegkeeten

D’Linn 26 fiert nees ab dem 7. Januar 2019!

D’Stad Lëtzebuerg informéiert de Publique doriwwer, datt ab dem 7.

Buedem als Allgemenggutt? Stëftung fir eng méi sozial Landwirtschaft
International Neiegkeeten

Buedem als Allgemenggutt? Stëftung fir eng méi sozial Landwirtschaft

OIKOPOLIS ass eréischt den zweete Lëtzebuerger Betrib mat eegener Stëftung.

Lëtzebuerg huet vill Kënschtler ervirbruecht! Wéi gutt kenns du se?
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet vill Kënschtler ervirbruecht! Wéi gutt kenns du se?

An dësem Quiz konzentréiere mer eis virun allem op d’Moler

Israel huet gewielt

Likud vum Benjamin Netanyahu féiert viru Kahol Lavan vum Erausfuerderer Benny Gantz

Israel huet gewielt

Et ware déi drëtt Parlamentswahlen an Israel bannent engem Joer, an dës Kéier ass et de Benjamin „Bibi“ Netanyahu, deen sech op e bessert Resultat behaapte kann. Ganz offiziell ass et wuel nach net, mee alles deit drop hin, datt de Likud déi stäerkste Kraaft am Land wäert ginn. Fir de Benjamin Netanyahu eng weider Geleeënheet, sech sengem Prozess wéinst Korruptioun nees ze entzéien.

Nom leschte Stand vun den Auszielungen, géif de Likud 36 bis 37 Mandater erhalen, déi Blo-Wäiss (Kahol Lavan) kéimen op ganzer 33. Fir eng Regierungsmajoritéit brauch et mindestens 61 Sëtz, a well eng grouss Koalitioun éischter ausgeschloss ass, muss op en Neits gekuckt ginn, wéi eng Partenariater méiglech sinn. Woubäi et weder fir de Likud nach Kahol Lavan vill Optioune gëtt.

IsraelDat reliéis gepräägte rietsnationaalt Lager, bestoend aus dem ultrakonservative Likud, dem Jamina Parteieblock vum Verdeedegungsminister Naftali Bennett a de streng reliéise Parteien, géif nëmmen op 52 bis 54 Mandater kommen. Dat ass dem Fait geschëlt, datt déi rietsextrem Ozma Jehudit (Jiddesch Kraaft) un der Spärklausel vun 3,25% gescheitert ass. Et geet also och dës Kéier net duer.

Hinne géinteniwwer steet dat sougenannt Mëtt-Lénks-Lager, wou dem Benny Gantz seng Kahol Lavan eendeiteg d‘Leedung iwwerholl huet. Hei si verbonnen: déi lénksliberal Aarbechterpartei, Merez a Gescher. Eigentlech muss een dësem Lager och déi „Vereenegt Arabesch Lëscht“ zourechnen, woubäi arabesch Parteie generell net als (offiziell) Koalitiounspartner ernimmt ginn.

Wien nach un der Auer dréine kann

Fir de korrupte Premierminister Benjamin Netanyahu, geet et elo drëms Allianzen ze sichen, déi hien zum Kinnek maachen an esou virum Prisong schützen. Esou ee kann den ultrarietsen Avigdor Lieberman (Fréiere Verdeedegungsminister) mat senger Israel Beitenu (Onst Haus Israel) sinn, deen 8 Mandater soll erhalen hunn. Gutt fir d‘Welt, Netanyahu a Lieberman kënnen sech net leiden.

IsraelDen Avigdor Lieberman hat dem „Bibi“ d‘Frëndschaft gekënnegt, nodeems et zum Sträit iwwer d‘Wierflicht fir ultra-orthodox Männer komm ass. Ob et dann net awer nach hannert zouen Dieren zu engem Accord tëscht béide Klatzkäpp komme kann? Béid si fir eng Annexioun vun de Gebidder op deenen illegal Siidlungen erriicht goufen an hu ganz gutt Bezéiunge mat den Amerikaner…

Et also gewosst, datt eng Unioun Likud ma Kahol Lavan éischter auszeschléissen ass, an déi radikal riets – eigentlech scho faschistesch – ausgeriichte Parteien ouni Israel Beitenu keng Majoritéit hunn. Dat gëllt och fir dat éischter „moderéiert“ Lager. Déi eenzeg wierklech positiv Informatioun bezitt sech op d‘Wahlbedeelegung, déi mat 65,5% déi héchste Participatioun an de leschten 21 Joer ass…

mat indymedia/tlv

Foto: © Hananya Naftali

Ähnlech Sujeten Benjamin Netanyahu, Benny Gantz, Israel, Kahol Lavan, Likud, Parlamentswahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel