Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

laughing
14 Gifs, déi einfach perfekt op däi Chrëschtdag passen
Cry International Neiegkeeten

14 Gifs, déi einfach perfekt op däi Chrëschtdag passen

Di eege Famill ze besichen, fir mat hinnen den Helleg

love
Stockcar Meeschterschaft: D‘Entscheedungen si gefall
Cry International Neiegkeeten

Stockcar Meeschterschaft: D‘Entscheedungen si gefall

Um Sonndeg war bei frëschen Temperaturen zu Alzeng eng weider

Loftschléi géint Syrien: Wat ee bis ewell weess
Cry International Neiegkeeten

Loftschléi géint Syrien: Wat ee bis ewell weess

D‘USA, Groussbritannien a Frankräich, hunn an der Nuecht vum Freideg

crying

Israel huet op e neits géint Rakéiten aus Gaza ripostéiert

Israel huet op e neits géint Rakéiten aus Gaza ripostéiert

Déi israelesch Loftwaff huet zéng Objektiver vun der Hamas bombardéiert. Dat als Äntwert op de beschoss mat Rakéiten aus der Gazasträif, dee vum islamesche Mouvement kontrolléiert gëtt, esou de Communiqué vun Tzahal um Sonndegmueren.

„Kampffliger hunn zéng terroristesch Site an dräi Militärkomplexer ugegraff, déi dem terroristesche Mouvement Hamas an der Gazasträif gehéieren“, deklaréiert déi israelesch Arméi a füügt bäi: „Ënnert den Objektiver waren zwee Standuerter wou Munitioun hiergestallt a gelagert ginn ass, en och e Militärkomplex“.

Dës Loftschléi sinn eng Riposte op de Beschoss mat Rakéiten, mee och op déi „ënnerschiddlech terroristesch Aktivitéiten, déi de Weekend iwwer vun der Hamas orchestréiert oder guttgeheescht goufen“. Palestinensesch Quellen hu bis ewell keng Informatiounen iwwert eventuell Affer vun dëse Loftschléi gemellt.

Vun der „eisener Kuppel“ geschützt

Um Samschdegowend waren aus der Gazasträif Rakéiten op de Süde vun Israel ofgeschoss ginn, wou d‘Sireenen d‘Awunner opgefuerdert hunn sech a Sécherheet ze bréngen. Déi „eise Kuppel“ den israelesche Rakéitenofwiersystem, hat eng vun dësen ofgefaangen. Déi aner hat hiert Ziel net erreecht a soll nach zu Gaza selwer ageschloe sinn.

An de fréier Stonne vum Sonndeg, sinn dann op e neits zwou Rakéiten op Israel ofgeschoss ginn, déi allebéid konnten ofgefaange ginn, wéi Tzahal am Communiqué bestätegt huet. Bis ewell huet awer nach keng vun de bewaffente Gruppen zu Gaza (Hamas an/oder Islameschen Dschihad) d‘Verantwortung fir de Beschoss mat Rakéiten iwwerholl.

Fir alles gëtt et e Grond…

Déi bis elo leschten Ausenanersetzung huet am Uschloss un d‘Begriefnes vun enger fräiwëlleger palestinensescher Secouristin stattfonnt. Si war um Freideg vun israeleschen Zaldoten zu Khan Yunis un der Grenz zum Gazasträifen erschoss ginn. Dausende Palestinenser hunn déi 21 Joer jonk Razan al-Najjar um Samschdeg op hirem leschte Wee begleet.

Et ass dann och direkt nom Begriefnes zu Ausschreidunge komm. Beim Grenzposte si nees Steng op israelesch Zaldote geworf ginn, déi sech der Provokatioun gestallt hunn. Laut den Autoritéite vu Palestina sinn heibäi eng Rei Palestinenser blesséiert ginn. Déi hunn och gemellt, datt e Panzer op en Observatiounsposte vun der Hamas „geziilt“ hätt, ouni datt et hei Affer ginn hätt.

Tzahal hat kuerz virdru gemellt, datt eng „terroristesch Zell“ sech aus dem Süde vu Gaza infiltréiert hat. Et wier den Zaldoten dann awer gelongen d‘Ugräifer zeréck ze drängen.

Et ass datt dann och bannent enger Woch déi zweete Kéier wou Tzahal Kampffliger géint d‘Hamas an den Islameschen Dschihad asetzt. An der Nuecht vum 29. op den 30. Mee ware 35 militäresch Ziler vun der Loftwaff zerstéiert ginn. Déi jéngst Ausenanersetzunge ginn als déi schlëmmst zanter 2014 bezeechent. Am UN-Sécherheetsrot ass dann och e Freideg eng Motioun zum Schutz vun de Palestinenser mam Veto vun den Amerikaner zréckgewise ginn.

mat AFP

Foto: An der Nuecht vum Samschdeg op e Sonndeg huet déi israelesch Loftwaff op e neits militäresch Ziler zu Gaza ugegraff. Laut Tzahal sinn zéng Objektiver vun der Hamas zerstéiert ginn. Et gëtt keng Informatiounen iwwer méiglech Affer. © Mahmoud Hams/AFP

Ähnlech Sujeten Gaza, Hamas, Israel, Palestina, Tzahal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel