Search

You may also like

Wéi Däitschland säi politescht Gesiicht verluer huet, erkläert
International Neiegkeeten

Wéi Däitschland säi politescht Gesiicht verluer huet, erkläert

Um Sonndeg waren eis Noperen opgeruff e neie Bundestag ze

Zesummenaarbecht mat eise belschen Noperen am medezinesche Beräich konventionéiert
International Neiegkeeten

Zesummenaarbecht mat eise belschen Noperen am medezinesche Beräich konventionéiert

Fir de Leit e besseren Zougang zu de Medikamenter an

Keen ëffentlechen Transport op Ouschterméindeg
International Neiegkeeten

Keen ëffentlechen Transport op Ouschterméindeg

Duerch déi aktuell Situatioun mam Covid-19 si weider Upassungen am

Israel: De Likud huet säin Här a Meeschter

A der parteiinterner Wahl huet sech de Benjamin „Bibi“ Netanyahu géint de Gideon Saar duerchgesat an ass domat och de Spëtzekandidat vum Likud fir d‘Parlamentswahlen am Mäerz

Israel: De Likud huet säin Här a Meeschter

Datt deem wéinst Korruptioun ugeklote Premierminister säi „Stär“ nach ëmmer stralend hell liicht, ass nom ausziele vun de Stëmmen onwidderrufflech bewisen. 72,5% vun de Likud-Parteimembere waren och dës Kéier iwwerzeegt, datt de Benjamin Netanyahu de richtege Leader ass. Säi Géigner, de Gideon Saar huet sengem „Chef“ zur Victoire gratuléiert.

LikudKuerz no Mëtternuecht hat de Benjamin Netanyahu – zu dësem Ament war seng Victoire net méi a Fro gestallt – via Twitter verkënnt: „Eng Grouss Victoire! Merci un d‘Likud-Membere fir hiert Vertrauen, d‘Ënnerstëtzung an d‘Léift“. De Gideon Saar, fréiere Bannen- an Erzéiungsminister huet dem Premier per Twitter seng Ënnerstëtzung fir d‘Campagne zougeséchert.

Net kleng ze kréien

Eigentlech hätt ee sech – vun engem strikt politesche Standpunkt aus – erwaart, datt et dem „Bibi“ säin Erausfuerderer ass, deen dës parteiintern Wahlen hätt solle gewannen. Mee déi ronn 116.000 Wieler loossen sech vum „Korruptiounsskandal“ net beandrocken an si sinn och net der Usiicht, datt et um Benjamin Netanyahu geleeën ass, datt 2 Regierungsbildunge gescheitert sinn.

LikudAn et ass dann och dës Loyalitéit déi iwwerweit, nach ni ass en amtéierende Parteivirsëtzenden ofgewielt ginn. An de Benjamin Netanyahu geet an der Likud schonn zanter Joerzéngten den Toun un. Hie war Parteichef vun 1993 bis 1999 (vu 1997 bis 1997 och Regierungschef) war awer no der Wahlnéierlag zréckgetrueden. Säi Nofolger war den Ariel Sharon.

Den Ariel Sharon huet 2005 de Likud verlooss fir seng eege Partei, d‘Kadima, ze grënnen. Esou ass de Benjamin Netanyahu nees un d‘Spëtzt vun der Partei gelaangt. E Leadership deen hie bis haut net méi verluer huet. Wann se elo an der Partei mat dësem Resultat ganz zefridde sinn, esou huet dat och Konsequenzen op déi national Politik. Den Ament befënnt déi sech an enger Pattsituatioun.

Schwiereg Parlamentswahlen

Eng Regierung an Israel ass realistesch nëmmen dann hinzekréien, wann et esou eppes wéi eng Koalitioun vun der Vernonft gëtt. Béid Haaptlager, also dat riets-reliéist an dat mëtt-lénks, stinn sech schlecht gesënnt géinteniwwer, a keent vun dëse Lager kann sech op eng Majoritéit beruffen.

Esou ass et weder dem Benjamin Netanyahu nach sengem uergsten Erausfuerderer Benny Ganz (Kahol Lavan) gelongen eng Regierung opzestellen. Dat huet zur Folleg, datt den 2. Mäerz schonn déi drëtt Parlamentswahle bannent engem Joer ofgehale ginn. An hei kann ee sech dréinen a kéiere wéi ee wëll, och no dësem Wahlgang dierft et komplizéiert – wann net onméiglech – ginn eng Regierung ze bilden.

LikudKee vun de méigleche Koalitiounspartner vun der Likud, wëll e Partenariat an deem de Benjamin Netanyahu de Premierminister ass. Och an der Bevëlkerung gëtt den aktuelle Premier als „dee“ Verantwortleche fir dës drëtt Parlamentswahl gesinn. Eng Regierungsbildung schéngt also nëmme méiglech, wann de Likud sech op eng Koalitioun mat Kahol Lavan ouni de „Bibi“ aléisst.

Mee deen huet nach „Visiounen“ an déi fannen zuweile vill Zousproch. Esou huet de Benjamin Netanyahu nach virun der parteiinterner Wahl verkënnt: „Ech wëll eng US-Unerkennung vun eiser Souveränitéit am Jordandall an vun all eise Siidlungen a Judäa a Samaria (Westjordanland) erreechen“. D‘Golanhéichten huet den Donald Trump jo schonn als israeleschen Territoire unerkannt, firwat och eng Siidlung nom 45. US-President benannt ginn ass.

mat indymedia/tlv

Related topics Benjamin Netanyahu, Gideon Saar, Israel, Likud, Parlamentswahlen, Parteiinternwahlen
Next post Previous post