Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

coollaughinglove
Wéi gutt kenns du Esch?
Cry International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Esch?

Esch ass eis zweet gréisste Stad a stoung an de

What the Fakt – Firun 49 Joer koum Abbey Road vun de Beatles raus
Cry International Neiegkeeten

What the Fakt – Firun 49 Joer koum Abbey Road vun de Beatles raus

Bang! Bang! Maxwell’s silver hammer – dës Zeil misst quasi

D‘LSAP wëll de Flüchtlingen d‘Liewen erliichteren a se Integréieren
Cry International Neiegkeeten

D‘LSAP wëll de Flüchtlingen d‘Liewen erliichteren a se Integréieren

Während Europa seng „Mënschlechkeet“ am Mëttelmier versenkt, Italien mat drastesche

crying

Israel féiert zu Gaza Loftschléi géint den Hamas duerch

Israel féiert zu Gaza Loftschléi géint den Hamas duerch

Déi israelesch Arméi huet bestätegt an der Nuecht vum Dënschdeg op e Mëttwoch, 15 militäresch Ziler, déi dem Hamas zougeschriwwe ginn, ugegraff ze hunn. Et wier dat d’Äntwert op e Beschoss mat Rakéiten an Mörser, bei deene Persounen zu Schued komm sinn.

Ënnert den Ziler waren Ateliere fir d’Hierstellung vu Rakéiten, Schutzariichtunge fir Dronen, esou wéi militäresch Infrastrukturen. Et ass dann och déi gréissten Ausenanersetzung tëscht Israel an bewaffente palestinensesche Gruppe säit dem Konflikt vun 2014.

Um Dënschdeg, den éischten Dag vun dëser Operatioun, huet Israel deklaréiert iwwer 35 militäresch Ziler vum islamistesche Grupp – deen d’Muecht an der Gazasträif huet – an dem islameschen Dschihad mat senger Loftwaff ugegraff ze hunn.

Am spéiden Owend huet e Communiqué vun der Arméi preziséiert, datt um Dënschdeg eng 70 Rakéiten a Mörsergranaten dagsiwwer op Israel ofgeschoss gi sinn. Eng gewëssen Unzuel vun de Rakéite konnt vun der israelescher Loftofwier interceptéiert ginn.

Gaza

Israel huet sech géint d’Ugrëff mat Rakéiten aus Gaza gewiert. Op eisem Bild gesäit een den Asaz vun der Loftofwier (Iron Dome Air Defence System) vun enger Positioun bei der israelescher Stad Ashkelon. Als Äntwert op d’Aggressioun vun der Hamas an dem islameschen Dschihad, huet déi israelesch Loftwaff militäresch Ziler an d’Viséier geholl. © Menahem Kahana/AFP

Duerch de Beschoss mat Rakéite a Mörsergranate sinn op mannst dräi israelesch Zaldote blesséiert ginn. Bis ewell ass awer net bekannt op et och zu Gaza Affer ginn huet. Vu palestinensescher Säit huet et an dësem Zesummenhang och nach keng Informatioune ginn.

Eenzeg den islameschen Dschihad hat am Verlaf vum Dënschdegowend annoncéiert, datt et zu engem Accord fir e Waffestëllstand komm wier. En Accord dee vun Egypten tëscht Israel an de palestinenseschen Organisatioune vermëttelt gi wier.

„Kee Kommentar“ huet et dozou vun der israelescher Arméi geheescht. Kuerz virdrun hat d’Arméi gemellt, datt si hir Operatiounen an der Gazasträif, dësem Territoire deen tëscht Israel an Egypten agequëtscht ass, an deen eenzegen Zougang zum Mier fir d’Palestinenser ass.

mat AFP

Foto: Aus Gaza-Stad klammen Dampsailen op, nodeems déi israelesch Loftwaff militäresch Positiounen an Infrastrukture vun der Hamas an dem islameschen Dschihad beschoss huet. Déi jéngsten Ausenanersetzung gëtt als déi heftegst zanter 2014 bezeechent. © Mahmud Hams/AFP

Ähnlech Sujeten Gaza, Hamas, islameschen Dschihad, Israel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel