Search

You may also like

En Hommage un d’Anne-Marie von Arx-Vernon
International Neiegkeeten

En Hommage un d’Anne-Marie von Arx-Vernon

D’Associatioun Stand Speak Rise Up!, eng Initiative sou S.A.R. der

Vincent Reding: Buergermeeschter vu Weiler-la-Tour
International Neiegkeeten

Vincent Reding: Buergermeeschter vu Weiler-la-Tour

Nodeems d‘Cécile Hemmen (LSAP) Enn Oktober d‘Handduch geworf hat –

Finanzministeren op Besuch: De Pierre Gramegna empfänkt seng Amtskollegen
International Neiegkeeten

Finanzministeren op Besuch: De Pierre Gramegna empfänkt seng Amtskollegen

Op Invitatioun vum Finanzminister Pierre Gramegna hu sech um 26.

Et gëtt esou laang gewielt bis et passt!

An Israel ass dem Konflikt tëscht de liberal- an de rietskonservative Parteien net bäizekommen

Et gëtt esou laang gewielt bis et passt!

Eigentlech wollt de Benny Gantz (Kahol Lavan) mam Benjamin „Bibi“ Netanyahu (Likud) eng Regierung vun der nationaler Eenheet. D‘Chance stounge wuel vun Ufank un éischter schlecht, woubäi d‘Hoffnung, datt d‘Agräife vum Coronavirus Covid19 dem „Dissens vun den Ideologien“ géif op d‘Spréng hëllefen, an zumindest fir d‘Dauer vun der Pandemie, sollt bäigeluecht ginn.

Dat ass leider net de Fall, firwat de Benny Gantz, dee jo mat der Regierungsbildung beoptraagt war, sech beim Staatspresident Reuven Rivlin eng „Verlängerung“ ugefrot hat. De Staatspresident awer, deen huet gemengt, datt et ënnert de presenten Ëmstänn net adequat ass, d‘Sondéierungsgespréicher ëm véierzéng Deeg ze verlängeren. D‘Frist zur Regierungsbildung leeft haut um 23.59 Auer aus…

Elo wou dat gewosst ass, an och net méi dovunner auszegoen ass, datt ee vu béide „Kandidaten“ méi „Empfeelungen“ fir sech gewanne kann, geet d‘Mandat zur Regierungsbildung nees zréck un d‘Parlament (Knesset). Do kann dann all Deputéierte bannent 21 Deeg versichen, eng Majoritéit vun 61 Stëmme fir „säi Projet“ ze fannen. Dat ass onwahrscheinlech, Neiwahlen dogéint net.

Israel

Béid „Kandidaten“ fir d‘Mandat vum Ministerpresident, de Benjamin „Bibi“ Netanyahu (lénks) an de Benny Gantz (riets), kréien sech einfach net op eng Regierung „vun der nationaler Eenheet“ gëeenegt, firwat et méiglecherweis schonn am Mee zu Neiwahle komme muss. (Archiv)

Dat heescht datt d‘Israelien elo net nëmmen eng véierte Kéier un d‘Urne geruff ginn, wat ugesiichts der sanitärer Kris dierft komplizéiert ginn, mee si elo gutt berode wieren, mat hirer Stëmm eng kloer Linn ze zéien. Leider ass och déi Erwaardung zimmlech onrealistesch. An Israel geet zur Stonn keen dovunner aus, datt et zu gréisseren Differenze bei der Mandatsverdeelung komme kann.

Israel gëtt esou zanter Enn 2018 vun enger Iwwergangsregierung regéiert, där de Benjamin „Bibi“ Netanyahu – deem zolidd Korruptiounsvirwërf gemaach ginn, firwat dësen sech misst viru Geriicht veräntwerten, falls hien net méi zum Regierungschef gewielt gëtt – säi Stempel opgedréckt huet. Eng Majoritéit bleift esouwuel dem Likud wéi och Kahol Lavan awer bis ewell verwiert.

No de leschte Walen, hat de Benny Gantz, den Optrag zur Regierungsbildung zougesprach kritt, an dësen – virum Hannergrond vun der Pandemie – soll versicht hunn, eng grouss Koalitioun mam politesche Géigner anzegoen. Géif et do net de Risk fir de Benjamin Netanyahu ginn, viru Geriicht ze lande wou hien eng Prisongsstrof riskéiert, hätt et sech kënnen opgoen… esou gëtt et Neiwahlen.

mat indymedia/tlv

Foto: Den Owend leeft dem Benny Gantz (Kahol Lavan) seng Frist zur Regierungsbildung of, an d‘Mandat geet zréck un d‘Parlament (Knesset). Hei hunn d‘Volleksvertrieder dann 21 Deeg Zäit sech awer nach zesummenzerafen, oder et kënnt – wat am wahrscheinlechsten ass – zu Neiwahlen. © Rafael Nir / unsplash

Related topics Benjamin Netanyahu, Benny Gantz, Covid19, Israel, Neiwahlen
Next post Previous post