Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ass Luxtram politesch en Erfolleg mee sozial betruecht e Suergekand?
International Neiegkeeten

Ass Luxtram politesch en Erfolleg mee sozial betruecht e Suergekand?

Fir d‘Gewerkschaften OGBL an FNCTTFEL ass et laut Communiqué erfreelech,

surprise
Den ëffentlechen Transport entwéckelt sech zum Wahlthema
International Neiegkeeten

Den ëffentlechen Transport entwéckelt sech zum Wahlthema

Et soll een sech zwar net op d’sozial Netzwierker verloossen,

Mäi Mondschutz, meng Oueren an ech
International Neiegkeeten

Mäi Mondschutz, meng Oueren an ech

Mëttlerweil gëtt et Mondschutzflicht an de Butteker an iwwerall wou

Israel: Net mat eis!

Noutstandskoalitioun tëscht Likud a Kahol Lavan suergt fir massiv Kritik, de Protest forméiert sech

Israel: Net mat eis!

Dräi Walen a knapp 18 Méint huet et gedauert, bis Israel nees esou eppes wéi eng Regierung kritt huet. Et soll eng grouss Koalitioun vun der Eenheethttps://moien.lu/israel-erzwonge-koalitioun/ sinn, déi sech virrangeg ëm Léisungen an der Covid19-Pandemie këmmere soll. Mee dësen „Zesummeschloss“ vun der Äerzfeinden, fënnt net bei allen Israelie gefalen. Zu Tel Aviv sinn se zu dausende géint de Premier op d‘Strooss gaangen.

Et war den éischte massive Protest den sech zu Tel Aviv opgedoen huet, zanter sech d‘Rivalen, de Benny Gantz (Kahol Lavan) an de Benjamin Netanyahu (Likud) no wochelaangem Sträit op eng Noutstandsregierung verstännegt hunn. Déi schwaarz gekleeten Demonstranten hu Gesiichtsmaske gedroen an Ofstand gehalen. Laut den Organisateuren hunn eng 2.000 Leit um Protest deelgeholl.

Déi „schwaarz Kleedung“ bezitt sich op de Numm vum Mouvement: „schwaarze Fändel“. De Protest wennt sech eendeiteg géint de Premierminister, mee och de Koalitiounsaccord, ass den Demonstranten en Dar am A. De Message ass zudeem däitlech: „D‘Vollek géint d‘Regierung“. Si hunn zudeem kee Versteesdemech, datt ee wéinst Korruptioun beschëllegten d‘Land leede soll.

Am Koalitiounsaccord ass vereenbaart ginn, datt de Benjamin Netanyahu no 18 Méint säin Amt mam Benny Gantz tausche soll. Béid Säiten hunn hire Decisioun mat der ugespaanter Lag wéinst der sanitärer Kris erkläert. Zesumme mat den Nationalisten a streng reliéise „Partner“ huet dës Regierung eng stabil Majoritéit. Vir de Benjamin Netanyahu, awer ass dat Ganzt eng Erléisung.

Op der Sonnesäit vum Liewen

Den Accord tëscht de Leader vu Likud a Kahol Lavan, steet awer och dowéinst an der Kritik, well et dem Benjamin Netanyahu erméiglecht, trotz Uklo am Amt ze bleiwen, an esou weider seng ganz eege politesch Immunitéit ze genéissen. Géif elo den ieweschte Geriichtshaff dem Netanyahu den Dicks béien an himm d‘Mandat verbidden, esou géif de Gantz awer net automatesch Premier.

Et wieren dann awer Neiwahlen néideg, woubäi dës Méiglechkeet u sech auszeschléissen ass. Likud huet sech an de Koalitiounsverhandlungen erhieflechen Afloss op d‘Wiel vu Procureuren a Riichter geséchert. Dat suergt fir weideren Ierger, och géint den eigentlechen Erausfuerderer Benny Gantz, dee sech de Virworf muss gefale loossen „d‘Grondrechter vun Israel mat Féiss ze trëppelen“.

De fréiere Chef vum Inlandsgeheimdéngscht (Shin Bet), Karmi Gillon, nhuet dem Premierminister virgeworf, d‘Knesset (Parlament) zerstéiert ze hunn. „Mam Ofkommes geet déi parlamentaresch Autoritéit un eng Regierung mat 52 Memberen. Den ieweschte Geriichtshaff ass dat eenzegt wat iwwreg bleift, fir déi israelesch Demokratie ze verdeedegen, iert se néiergeschloe gëtt“.

Hien appelléiert un de Premier seng Hetzcampagne géint d‘Riichter anzestellen. Dësen hat d‘Ukloe vun de Riichter als „Putschversuch“ verkläert, wat zu Morddreeunge géint d‘Riichter gefouert huet. D‘Chancen awer, datt dës „Koalitioun“ ka réckgängeg gemaach ginn, tendéieren éischter géint Null well och an Israel sinn d‘Mënschen den Ament aus de bekannte Grënn mat sech selwer beschäftegt.

mat indymedia/tlv

Foto: Demonstréieren an de Sécherheetsofstand anhalen ass méiglech, an d‘Police hat et och eppes méi d‘Leit ze zielen. De Protest mécht awer och däitlech, dass bis elo d‘Rechtsstaatlechkeet kann agehale ginn. © Franki Gugliotta (via Twitter) @ Rabin Square

Ähnlech Sujeten Benjamin Netanyahu, Benny Gantz, Israel, Mouvement Schwaarze Fändel, Noutstandsregierung, Protest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel