Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ettelbréck diskutéiert ouni déi Jonk an d‘Francophone
International Neiegkeeten

Ettelbréck diskutéiert ouni déi Jonk an d‘Francophone

E Mëttwoch ginn zu Ettelbréck Atelieren an am Uschloss d’Presentatioun

Den éischte Stee fir de Centre Mosellan zu Éinen gouf gesat
International Neiegkeeten

Den éischte Stee fir de Centre Mosellan zu Éinen gouf gesat

D’Ëmweltministesch, Carole Dieschbourg, huet gëschter assistéiert fir den éischte Stee

Juristesch Néierlag fir den US-President
International Neiegkeeten

Juristesch Néierlag fir den US-President

Bannent wéinegen Deeg, ass et fir zweet, datt den ieweschte

Israelesch Noutstandsregierung steet

Obwuel de Premierminister deemnächst en Termin viru Geriicht huet, gëtt et nees eng Regierung mat enger parlamentarescher Majoritéit. De Präis dofir: 36 Minister! Kann dat sech nach opgoen?

Israelesch Noutstandsregierung steet

Et war schonn eng spannend Sëtzung vun der Knesset um Sonndegnomëtten, well si ass de leschten Akt vun engem politeschen Drama mat dräi Wahlgäng. Den amtéierende Premierminister a Leader vun der nationalkonservativer Likud, Benjamin „Bibi“ Netanyahu an säi politesche Kontrahent, de Leader vun der liberalnationalistescher Kahol Lavan, Benny Gantz, hu sech jo verstännegt kritt.

Israel

Interessant och, datt en enger Demokratie e Premierminister, dee wéinst Korruptioun ugeklot ass, a sech deemnächst viru Geriicht dofir ze veräntwerten huet, toleréiert gëtt. Schéngt wuel net esou wichteg ze sinn, an esou bléift de „Bibi“ zumindest emol fir déi nächst 18 Méint – da soll hie am Benny Gantz d‘Mandat tauschen – Premierminister vun Israel. Vereedegt gouf hie jo elo schonn.

Ageschränkt Begeeschterung

Eng Zeremonie, déi un a fir sech och an Israel éischter eng Formalitéit ass, mee d‘Ëmstänn sinn eppes besonnesch, an esou huet et bei der Aussprooch, déi der Vereedegung ëmmer virausgeet, opgereegten „Interventioune“ ginn, an eng Rei Deputéiert vun der Oppositioun hu missen aus dem Sall verwise ginn. De fréiere Partner vum Benny Gantz, Yair Lapid, ass elo Oppositiounsleader.

IsraelSeng Siicht op dës Regierung ass zimmlech däitlech: „De Coronavirus-Noutstand ass zum Virwand vun enger korrupter Partei zu Laaschte vum Steierzueler verkomm“, esou de Yair Lapid dee noleet „No den eidele Riede vun enger Noutstandsregierung, ass hei eng Regierung mat 36 Minister a 16 Vizeminister opgestallt ginn. An dat nennt dir eng Noutstandsregierung?“. Do ass schonn eng drun.

Jidderengem säi Bonbon

Fir dës, och als „Regierung vun der nationaler Eenheet“ verkläerten Noutstandsregierung awer esou zesummenzestellen, datt si och méiglechst laang hält, firwat eng parlamentaresch Majoritéit jo och esou wichteg ass, huet et vill „Kaddoen“ a politesch Mandater gebraucht. De politesche Spektrum vun dëser Regierung erstreckt sech vu mëtt-lénks (säkular) bis extrem riets (orthodoxesch).

Israel

Eng Zesummenaarbecht war also nëmme méiglech, andeems ee méi Ministerposte geschafen huet, wéi et den normale Verstand zouléisst, mee et war de Präis deen den Duo Netanyahu/Gantz bereet waren ze bezuelen. Fir de Benny Gantz awer kéint et sech als dee schlechtsten Deal vu senger politescher Carrière ausweisen. Hien hat nach bis viru Kuerzem mam Yair Lapid eng kooperéiert.

De Wäert vu politesche Verspriechen

Hie war mam Verspriechen ugetrueden, den Benjamin „Bibi“ Netanyahu aus dem Amt ze verjoen an dofir ze suergen, datt dëse senger gerechter Strof géif zougefouert ginn. Dat huet zum Broch mam fréieren Alliéierte gefouert an och vill vu sengen Unhänger hu sech mëttlerweil vum Benny Gantz a Kahol Lavan (Blo-Wäiss) ofgewannt. Dat deels mat ganz spektakulären Optrëtter…

Israel

An der Knesset huet sech de Benny Gantz nach emol fir seng Decisioun gerechtfäerdegt. Hie wier sech duerchaus bewosst datt vill vu sengen Unhänger enttäuscht wieren, an natierlech wier him eng aner Regierung léiwer gewiescht. Et wier keng einfach Entscheedung gewiescht, mee eng 4. Wahl hätt wuel näischt un de Muechtverhältnisser verännert, firwat et net wierklech anescht goe konnt.

Annexioun vu besater Gebidder

Eng vun de wichtegsten Entscheedungen – nieft Covid19 – déi dës Noutstandsregierung an den nächste Woche muss an dréchen Dicher bréngen: d‘Annexioun vum Jordandall an Deeler vum Westjordanland. Dat war d‘Wahlversprieche vum Benjamin Netanyahu, an de Benny Gantz ass deem och absolut net ofgeneigt. Schonn an dësem Summer, soll den Territoire vergréissert ginn.

Israel

Den US-Ausseminister Mike Pompeo war déi lescht Woch nach op Besuch an Israel. Offiziell ass et drëms gaangen ee Joer US-Ambassade zu Jerusalem ze zelebréieren an och iwwert de Virus Covid19 soll sech ënnerhale gi sinn. Informell dierft awer och nach emol d‘Annexioun vun den ausgewisene Gebitter geschwat gi sinn, wat ganz oppe vun der Trump-Regierung ënnerstëtzt gëtt. © State Department (Handout)

An der Knesset sot de „Bibi“: Hei kënnt d‘Wourecht: an dëse Regiounen ass dat jiddescht Vollek gebuer ginn. Et ass un der Zäit do elo israelescht Recht unzewennen an weidert grouss Kapitel an d‘Anale vum Zionismus anzeschreiwen“. Grouss Ënnerstëtzung huet de Benjamin Netanyahu vu Washington. Den Donald Trump huet deem längst zougestëmmt an och d‘EU ass net dergéint…

mat indymedia/tlv

Foto: Ganz ouni Gejäiz ass d‘Nominatioun an d‘Vereedegung vun de 36 Minister a 16 Vizeminister net an der Knesset ofgelaf. Mee fir de Benny Gantz vu Kahol Lavan (r) an de Benjamin Netanyahu (l) ass ee wichtege Schratt gemaach ginn. Elo heescht nees Politik fir d‘Land ze maachen, an déi an d‘A gefaassten Ziler séier ze erreechen. © Knesset IL

Ähnlech Sujeten Annexioun, Isarel, Kahol Lavan, Likud, Noutstandsregierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel