Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cooltongue
Wéi gutt kenns du dech mat Horror-Filmer aus?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mat Horror-Filmer aus?

Halloween réckelt mi no, a vill Leit notzen d’Zäit, fir mat

cool
Volleyball 1. Divisioun: Emol Belair an zréck, wann ech gelift…
International Neiegkeeten

Volleyball 1. Divisioun: Emol Belair an zréck, wann ech gelift…

Et ginn där Deeg, do wär ee besser am Bett

D‘Eurogrupp op der sich no engem neie Chef
International Neiegkeeten

D‘Eurogrupp op der sich no engem neie Chef

D‘Eurogrupp, domatter sinn d‘Finanzminister vun Euro-Zon gemengt, mussen sech am

Israel-Palestina: D‘Onofhängegkeet vun deenen engen ass d‘Katastroph vun deenen aneren

Israel-Palestina: D‘Onofhängegkeet vun deenen engen ass d‘Katastroph vun deenen aneren

De 14. Mee 1948 huet Israel seng Onofhängegkeet deklaréiert. Am deem wat haut als „péché orginell“ vun enger Liewensgemeinschaft ze bezeechnen ass, huet eng Natioun mat Waffegewalt, 800.000 Palestinenser an de Exil gedriwwen, wouduerch Israel eng jiddesch Majoritéit geséchert ginn ass. Domatter ass awer och d‘Fro vun de palestinensesche Refugiéeën opkomm.

Eng programméiert Expulsioun, déi an Israel als „Plang Daleth“ bekannt ass, vun de Palestinenser als „Naqba“ (Katastroph) bezeechent gëtt. Et ass och eng Katastroph déi keen Enn kennt, an haut esouwuel am Westjordanland wéi och a Gaza nach ëmmer Bestand huet.

Déi Joerzéngtelaang Besatzung an eng aggressiv Kolonialisatioun, déi de Mënschen hir Ressourcen entzitt, gëtt zu Lëtzebuerg vum Comité fir e gerechte Fridden am noen Osten (CPJPO) veruerteelt. Si beschëllegen Israel eng ethnesch Säuberung duerchzeféieren, mam Zil sech e Maximum un Territoire mat engem Minimum u Palestinenser unzëeegnen.

E Fakt, esou d‘CPJPO, déi drop hiweist, datt dësen Déifstall trotz an entgéint dem Accord vun Oslo (1993) och haut nach weidergeet. Dobäi war ee sech sengerzäit doriwwer eens ginn, datt no enger Iwwergangszäit vu fënnef Joer, de Staat Palestina sollt entstoen.

Trotz ongezielte Resolutioune vun der UNO, déi vun Israel a sengen Alliéierten ignoréiert ginn, geschitt wéineg dat zu enger Beendegung vum Konflikt kéint bäidroen. Säit e puer Woche feiert Israel säi 70. Onofhängegkeetsjubiläum, a fir de CPJPO war den Depart vum „Giro“ dëse 4. Mee nëmmen eent vun den traurege Beispiller.

Geschloen, verdriwwen a bedréit

Bei de ganze Feierlechkeete vun den Israelien, gëtt séier vergiess, datt d‘Awunner vu Gaza – 65% dovunner si Refugiéeën oder Nokomme vu Refugiéeë vun 1948 – nach ëmmer ënnert der Besatzung ze leiden hunn. An d‘Welt kuckt ewech, wa géint elementar Mënscherechter verstouss gëtt.

De Comité fir e gerechte Fridden am noen Oste mécht awer däitlech, datt och Israel d‘Recht huet a Sécherheet ze liewen. D‘Palestinenser awer och. A beim CPJPO ass een dann och iwwerzeegt, datt et keng Garantie fir d‘Sécherheet ka ginn, wann d‘Kontroll iwwert e ganzt Vollek net ophält. 70 Joer Onofhängegkeet fir Israel, si 70 Joer Ënnerdréckung vu Palestina.

„Et ergëtt sech, datt déi 2.000 Joer Iwwerliewenskampf vum jiddesche Vollek, sech op e Staat vu Kolonie begrenzt, dee vun enger onmoralescher a korrupter Clique geleet gëtt, a weder op d‘Stëmm vu senge Matbierger nach senge Feinde lauschtert. E Staat ouni Justiz kann net iwwerliewen“.

Esou zitéiert d‘CPJPO de fréiere President vun der Knesset (Parlament) a Leader vun der jiddescher Bewegung „World Zionist Organisation“ Avraham Burg. An d‘CPJPO kritiséiert Israel fir seng riets-nationalistesch Politik, säin autoritäre Regimm. Dobäi gëtt et och an Israel Aktiviste fir e gerechte Fridden. Déi fuerdere Sanktiounen, bis internationaalt Recht respektéiert gëtt.

En Opruff

De Comité fir e gerechte Fridden am noen Oste riicht dann och en Appell un d‘Regierung. Déi soll op Distanz zur israelescher Regierung goen, déi faschistesch Zich ugeholl hätt. Déi Lëtzebuerger Regierung sollt och e Staat Palestina unerkennen, deen d‘Palestinenser esou schützt, wéi de Staat Israel, d‘Israelite schützt. De CPJPO riicht dës Virwërf och u Bréissel.

Si maachen dann och en Opruff un d‘Awunner vu Lëtzebuerg, a luede jiddereen an, dee de Palestinenser seng Solidaritéit wëll ausdrécken, un der Aktioun „Pedalléiere fir Palestina“ deel ze huelen. De Rendez-vous ass de 9. Juni um Parvis vun der Stater Gare, an um 13:00 Auer wier den Depart. Méi Informatioune gëtt et via Facebook.

Foto: Palestinensesch Manifestanten hunn sech mat T-Shirte bekleet déi un d‘Lagerkleedung vun de Judden ënnert der Nazi-Herrschaft sollen erënneren. Si wëllen am Kader vum 70. Onofhängegkeetsjubiläum op hir Situatioun opmierksam maachen. © Mahmud Hams/AFP

Ähnlech Sujeten CPJPO, Israel, Onofhängegkeet, Palestina
Nächsten Artikel Virrechten Artikel