Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

So eis, wat op däi Chrëschtbam kënnt, a mir soen der, wat fir eng Cadeauen s de kriss
dating your ex boyfriend's brother Neiegkeeten

fake dating au ideas

D’Geschenker waarden ënnert dem Bam op dech. Wat ass dran?

online christian dating uk
dating your ex boyfriend's brother Neiegkeeten

Lovecraft: De Meeschter vum kosmeschen Horror

Dem H. P. Lovecraft säin Afloss op Science-Fiction an Horror

Krisegebitt Mëttelmier: op der Ocean Viking ginn d‘Liewensmëttel knapp
dating your ex boyfriend's brother Neiegkeeten

Krisegebitt Mëttelmier: op der Ocean Viking ginn d‘Liewensmëttel knapp

D‘Ocean Viking, déi vun den Hëllefsorganisatioune SOS-Méditérranée an Dokteren ouni

Israel: Rakéiten aus Gaza féieren zur Reaktioun vun der Loftwaff

Israel: Rakéiten aus Gaza féieren zur Reaktioun vun der Loftwaff

Ugrëff aus Gaza, datt kennt een an den Ofwiersystem vun Israel funktionéiert an dëser Hisiicht och entspriechend gutt. Esou dann och gëschter, wou laut den Informatioune vun der israelescher Loftwaff, aus dem Küstegebitt honnerte Rakéiten ofgeschoss goufen.

Eng vun dësen artisanale Rakéiten ass zu Sha‘ar Hanegev néier gaangen, wou se an den Daach vum Ofer Lieberman e risegt Laach gerass huet. De Bléck duerch d‘Lach an den Himmel geriicht, huet hie gemengt: „Mir woussten net wou a wéini, mee mir woussten datt esou eppes géif geschéien“. An et ass net dee gréisste Schued, deen de Palestinenser hir Rakéiten ugeriicht hunn.

Gaza

An Entspriechend dem Bilan deen d‘Police virgeluecht huet, ware weider Wunngebidder „getraff“ ginn a vill Persoune goufe blesséiert. Si bestätegt, datt no der Alerte, déi ëffentlech Schutzraim fir d‘Bevëlkerung opgemaach, d‘Stroossen an d‘Stränn ofgespaart goufen. D‘Demineure komme bei esou Virfäll natierlech direkt an den Asaz, fir sech de „Blindgänger“ unzehuelen.

Gaza

Dee vun Israel agesaten Ofwiersystem, mat der Bezeechnung „Eise Kuppel“, huet dat schlëmmst verhënnert. Dosende Rakéite konnten ofgefaange ginn. Fir déi israelesch Arméi kënnt fir dësen Ugrëff eenzeg d‘Hamas an den „islameschen Dschihad“ a Fro. Entspriechend „hefteg“ ass dann och reagéiert ginn. Esou sinn déi israelesch Kampffliger aktivéiert a lass geschéckt ginn.

Säitens der Loftwaff gëtt confirméiert, datt iwwer 30 Ziler an der Gazasträif ausgemaach goufen. Zousätzlech gouf och eng Panzerbrigad „iwwert d‘Grenz“ beuerdert. Op de Biller déi vun der israelescher Tëlee iwwerdroe gi sinn, ware schwaarz Dampwolleken iwwer Gaza ze erkennen. Laut de palestinenseschen Autoritéiten, wieren heibäi 4 Mënschen ëmkomm an et géif vill Blesséierter.

Gaza

Ouni datt d‘Terrorgrupp „islameschen Dschihad“ den Ugrëff fir sech eleng géif beusprochen, huet dës d‘Attacke mam Dout vu Palestinenser während de Protester vun de leschte Woche begrënnt. Si huet zudeem däitlech gemaach, datt och den Event „European Song Contest“ e kloert Zil vun de Rakéite war. Dee fënnt dann awer eréischt an zwou Wochen zu Tel Aviv statt…

Gaza

An dësem Kontext – a wien d‘Situatioun, déi ëmmerhin net nei ass, kennt – ass dovunner auszegoen datt „d‘Äntwert“ vun Tsahal fir Kommer a Leed suergt. Sollt et säitens de militante Gruppen a Gaza d‘Hoffnung ginn, datt Israel, wéinst dem Gesangsconcours, d‘Lag „roueg hale wéilten“ an esou vun enger Eskalatioun ofzegesinn, dann hu si sech „geschnidden“. Eng „Äntwert“ gëtt et ëmmer.

Datt d‘Attacken op Israel an der lescht och nees un Intensitéit zougeholl hunn, huet natierlech och eppes mat der ultrakonservativer, jo scho bal faschistescher Politik vun der Regierung ze dinn. Wéi leschte Mount – matten am Wahlkampf – bei Tel Aviv en Haus vun esou enger Rakéit getraff gouf, an déi siwe Bewunner deels schwéier verletzt goufen, war „d‘Äntwert“ radikal an treffend.

Gaza

Den US-Ausseministère huet och „zügeg“ reagéiert. D‘USA, déi Israel zolidd de Réck stäipt, ass un der aktueller Politik awer net onbedeelegt.

Vun der israelescher Loftwaff sinn Ugrëff géint Gebaier vun der Hamas geflu ginn. De fréiere Spriecher vun der israelescher Arméi, Olivier Rofowitz, kann een duerchaus als Expert bezeechen an dee mengt: „Mir kënnen dovunner ausgoen, datt et vun eiser Säit de Wëlle gëtt, fir a Gaza anzemarschéieren an d‘Hamas ee vir allemol auszeschalten. Et ka jo esou net weider goen…“

mat indymedia/tlv/bsh

Foto: Hei eng Iddi vum Schued deen esou eng artisanal Rakéit uriichte kann. Zu Ashkelon ass d‘Geschoss am Virgaart explodéiert. Et ass zum Gléck béi Verletzte bliwwen, an awer ass de Schued entspriechend. Déi israelesch IDF, reagéiert entspriechend… © AuroraIntel (via twitter)

Ähnlech Sujeten Gaza, Hamas, IDF, Rakéiten, Tsahal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel