Search

You may also like

Editorial: Maskeflicht elo awer?
International Neiegkeeten

Editorial: Maskeflicht elo awer?

Datt een a Krisenzäiten zuweilen och muss Entscheedungen zréckhuelen oder

Den Trump verhale virsiichteg géintiwwer Pyongyang
International Neiegkeeten

Den Trump verhale virsiichteg géintiwwer Pyongyang

„Mir wäerte gesinn“ esou déi ongewinnt verhale Reaktioun vum Donald

De Politiker virtuell d‘Box erofgestrëppt
International Neiegkeeten

De Politiker virtuell d‘Box erofgestrëppt

Bei eisen Noperen ass et zum engem „spektakulären“ Hackerugrëff op

Israel: Den Oppositiounsleader soll eng Regierung Bilden

Staatspresident Reuven Rivlin huet no iwwer engem Joer politescher Pattsituatioun decidéiert, dem Benny Gantz als éischt d‘Méiglechkeet anzeraumen eng Regierung ze bilden

Israel: Den Oppositiounsleader soll eng Regierung Bilden

No enger längerer Entrevue mat de Parteien an dem amtéierende Ministerpresident Benjamin „Bibi“ Netanyahu ass d‘Decisioun gefall: de Benny Gantz fréiere Militärchef a President vu Kahol Lavan (Blo Wäiss) soll eng Regierung bilden. Hien huet fir des Aufgab ee ganze Mount Zäit. Den Netanyahu an de Gantz sollen sech op Gespréicher fir eng Eenheetsregierung verstännegt hunn.

Béid hunn an enger Gemeinsamer Erklärung matgedeelt, datt et esou séier wéi méiglech zu Treffen tëscht den Ënnerhändler komme soll. Eng éischt Entrevue um Sonndegowend ass awer ouni grouss Fortschrëtter ofgeschloss ginn. Dobäi wier et gutt wann sech endlech eppes géif doen. Zanter elo méi wéi engem Joer ass d‘Land an engem politesche Patt verfaangen. Eng Majoritéit gëtt et net…

Weder d‘Likud vum Benjamin Netanyahu, nach d‘Kahol Lavan vum Benny Gantz kënnen aus eegener Kraaft eng Regierung bilden, nach gëtt et ee politescht Lager, datt eng Majoritéit kéint stellen. Dorunner hunn och dräi virgezunne Wahlen näischt geännert. Bei de leschte Wahle vum 2. Mäerz, konnt d‘Likud knapp d‘Wahle fir sech entscheeden, mee et geet einfach net duer.

Dat géignerescht Lager kann sech awer op – ouni dat si eng Koalitioun bilden – 62 vun den 120 Mandater an der Knesset beruffen, firwat dem Staatspresident empfuele ginn ass, de Benny Gantz al s Regierungschef ze nominéieren. Eng Schwiereg Aufgab, bezunn op déi grouss Differenzen déi et innerhalb der Oppositioun gëtt. An hei ass et déi „Vereent Arabesch Lëscht“ un där et klemmt.

Net manner schwiereg ass den Ëmgang mat der ultranationalistescher Partei „Israel Beitenu“ vum fréiere Verdeedegungsminister Avigdor Lieberman. Deen an zwee Membere vu Kahol Lavan hunn ugekënnegt, keng Regierung ze ënnerstëtzen, déi op déi „Vereente Lëscht“ ugewisen ass. Dat mécht aus dem Benny Gantz sengem Optrag eng Regierung ze bilden eng onméiglech Erausfuerderung.

RegierungDobäi huet sech den Avigdor Lieberman fir de Benny Ganz als Regierungschef ausgeschwat an huet zudeem gefuerdert, datt wéinst der Coronavirus-Pandemie, et zumindest zu enger Nout-Regierung komme muss, un där och d‘Likud bedeelegt gëtt. Och de Benjamin Netanyahu hat scho leschten Donneschdeg dem Benny Gantz ugebueden, op begrenzten Zäit d‘Kräften ze vereenen.

Eng schrëftlech Propose huet d‘Likud um Sonndeg virgeluecht. Déi huet de Benny Gantz als onseriéis zréckgewisen, wollt awer eng Zesummenaarbecht net ausschléissen. Hannergrond fir dem Chef vu Kahol Lavan seng Haltung, ass de Prozess géint de Benjamin Netanyahu. Dem „Bibi“ gi Korruptiounsvirwërf gemaach an eigentlech sollt säi Prozess an den nächste 14 Deeg stattfannen.

Wéinst der duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste „Kris“ ass den Optakt vum Prozess emol an de Mee verluecht ginn. Fir de Benny Gantz ass et – an dat huet hien esou och ëmmer héich gehalen – ganz onméiglech mat engem politeschen Acteur ze koaliséieren, deen ënner Uklo steet. Géif de Benjamin Netanyahu dem Gideon Saar de Virtrëtt loossen, wier et warscheinlech eng aner Saach.

De Reuven Rivlin huet béide Kontrahenten nogeluecht sech um Rimm ze rappen an d‘Wuel vum Land ze bedenken. „Jiddereen deen d‘Noriichte verfollegt, versteet datt et elo d‘Zäit vun der Prüfung ass. Mir mussen eis an dëser komplizéierter Zäit esou séier wéi méiglech ëm d‘Bildung vun enger Regierung këmmeren“, esou den israelesche Staatspresident um Sonndegowend.

An Israel gëtt et zur Stonn ronn 200 Infektiounsfäll an d‘Regierung huet eng 10.000 Bierger ënner Quarantaine gestallt. Areesen ass – ausser et ass een Israeli an/oder jiddescher Konfessioun – bal onméiglech. Zudeem muss all Israeli deen aus dem Ausland „heem kënnt“ 14 Deeg a Quarantaine.

mat indymedia/tlv

Foto: De fréiere Chef vun der Arméi ass mat der Regierungsbildung beoptraagt ginn. Dat soll hien awer ouni d‘Bedeelegung vun der „Vereenten Arabesch Lëscht“ hikréien. Dat heescht et misst zu enger Minoritéitsregierung kommen, wat awer nëmme mam Accord vun der Likud méiglech ass. © IDF

Related topics Benjamin Netanyahu, Benny Ganz, Coronavirus, Covid19, Eenheetsregierung, Israel, Kahol Lavan, Likud, Regierungsbildung, SARS-CoV2
Next post Previous post