Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cargolux – keen Transport vu Schanke vu Léiwen!
International Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-expats-in-cairo/

Säit engem gudde Joerzéngt ass den Trafic un déierreschen Trophäe

https://moien.lu/hookup-bahasa-indonesia/
+5% Netto Profit no Steieren: D‘BIL bitt vill!
International Neiegkeeten

+5% Netto Profit no Steieren: D‘BIL bitt vill!

Net Eleng d‘Cargolux ka sech mat gudden Zuele Bretzen, nee

surprise
Portrait: Vladimir Putin, Patron vu Russland
International Neiegkeeten

Portrait: Vladimir Putin, Patron vu Russland

No iwwer 18 Joer un der Muecht, symboliséiert de Vladimir

Israel: Regierungsbildung onméiglech also Neiwahlen?

An der Knesset ass d‘Majoritéit fir d‘Opléisung vum Parlament

Israel: Regierungsbildung onméiglech also Neiwahlen?

Bei de Parlamentswahlen am Abrëll hat beim Ausgang vun de Wahle keng Iwwerraschung ginn. Déi national-konservativ Likud vum Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu war als stäerkste Fraktioun ervirgaangen, mee seng Koalitiounsméiglechkeete ware beschränkt. Elo stellt sech eraus: d‘Schwieregkeete sinn oniwwerwannbar.

Den Antrag fir d‘Knesset opzeléisen huet d‘Likud-Partei selwer abruecht. Beim engem éischte Vott, esou eng Spriecherin vum Parlament, hunn sech 65 vun den 120 Deputéierte fir d‘Opléisung ausgeschwat. Technesch gesinn, kéint de Benjamin „Bibi“ Netanyahu nach bis e Mëttwochowend eng Regierung bilden, mee dovunner ass net méi auszegoen.

Israel

„Et gëtt kee Grond zu widderhuelten a käschtenintensiven Entscheedungen iwwerzegoen, an déi richteg Regierung ze stierzen. Ech hunn eng Léisung fir de Rekrutement vun den ‚Haredim‘ (Ultra-Orthodoxen) entspriechend den Ufuerderungen an den Zuele vun der IDF (Israeli Defense Forces) esou wéi d‘Bestëmmunge vum Gesetz matbruecht. Mir mussen de Wëlle vun de Wieler respektéieren an eng Regierung bilden.“

Iwwert den Antrag muss nach an zwou Liesungen ofgestëmmt ginn an interessanterweis huet de Regierungschef gëschter gemengt: „Et ass nach genuch Zäit fir esou eng onnéideg Wahl ze verhënneren. Neiwahle géifen e Verméige kaschten an eis alleguerte fir weider sechs Méint zur Ontätegkeet verdamen“, esou de Benjamin Netanyahu no der Ofstëmmung.

Dem „Bibi“ säi Problem: bei de Walen huet seng Partei 35 vun den 120 Mandater erhalen, säin direkte Géigner, de fréiere Generol Benny ganz mam Blo-Wäissen Oppositiounsbündnis „Kahol Lavan“, genee esouvill. Koalitiounspartner am „rietse“ Lager géif et der genuch, besonnesch mat deene „reliéisen“ wier spréchwiertlech „ee Staat ze maachen“.

Israel

Mee grad d‘Fundamentaliste maachen eng Regierungsbildung komplizéiert. Si hu Fuerderungen déi de Benjamin „Bibi“ Netanyahu net erfëlle kann. An dann ass do nach de Sträit ëm e Gesetz, mat deem jiddesch-orthodox Männer zum Militärdéngscht verflicht solle ginn. Déi „streng gleeweg“ si bis ewell eigentlech dovunner ausgeholl, wat am Land fir Onmutt suergt.

Zu Washington kuckt ee sech dat ganzt opmierksam un. Den Donald Trump huet e gewëssenen Interêt dorunner „säi Frënd“ un der Muecht ze gesinn. Hien huet dann och via Twitter d‘Hoffnung zum Ausdrock bruecht, datt de Benjamin Netanyahu eng Regierung bilde kann. Nëmme mat him kéint d‘Allianz tëscht den USA an Israel gestäerkt ginn.

mat indymedia/tlv/was

Foto: (Archiv) © Itzik Edri צילום: איציק אדרי

Ähnlech Sujeten Benjamin „Ben“ Barbaud, Benny Gantz, Israel, Knesset, Kolaitioun, Neiwahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel