Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LCGB – Diskussioune gi virun am Iwwerwachungsschutz
International Neiegkeeten

LCGB – Diskussioune gi virun am Iwwerwachungsschutz

No 10 Méint u Verhandlunge kann den LCGB endlech bestätegen,

Porsche Mobil 1 Supercup: Gutt Leeschtung vum Dylan Pereira zu Monza
International Neiegkeeten

Porsche Mobil 1 Supercup: Gutt Leeschtung vum Dylan Pereira zu Monza

No technesche Problemer zu Francorchamps, wou de Lëtzebuerger Espoir säi

Et ass „Grippenzäit“ denkt drun iech impfen ze loossen
International Neiegkeeten

Et ass „Grippenzäit“ denkt drun iech impfen ze loossen

Et ass Oktober an schonn an esou muncher Entreprise huet

Israel schléit um Mound op!

Landung vu Beresheet-Sond mëssgléckt

Israel schléit um Mound op!

Si haten en Dram an hunn alles dru gesat dësen ze liewen. En techneschen Defekt huet d‘Hoffnunge vun der ganzer Natioun vernicht. D‘Sond hätt sech op der Mound-Uewerfläch a seng Bestanddeeler opgeléist, heescht et säitens IsraelAerospace Industries (IAI).

„Déi geplangte Landung vun der Sond Beresheet ass mëssgléckt. Et huet et Defekt um Raumschëff ginn, d‘Sond ass op der Uewerfläch gecrasht“, esou e siichtlech enttäuschten Doron Offer vun IAI. Wéi déi israelesch Organisatioun SpaceIl mellt, wie e wichtege Motor vun der Sond bei der Landung ausgefall, wat zur Katastroph gefouert hätt. Esou wier dës éischt Missioun gescheitert.

Elo géif et drëms goen d‘Lektiounen aus dësem Virfall ze zéien. Zudeem hätt d‘Missioun awer ee wichtege Bäitrag am Kontext vun der Weltraumfuerschung geleescht. Israel ass elo déi 7. Natioun där et gelongen ass, e Fluchkierper an d‘Ëmlafbunn vum Äerdtrabant erabruecht ze hunn. Et gëtt drop higewisen, datt d‘Erfuerschung vum „onbekannten“ net ëmmer beim éischten Ulaf geléngt.

Interessant war dës Missioun och. Et ass déi éischt aus privater Hand finanzéiert Moundmissioun. Dat berécksiichtegt, ass et verständlech dat den israelesche Premierminister, dee sech fir d‘Landung extra an de Kontrollzenter vu Jahud beginn hat, awer nach Positives aus der Missioun zéie kann. „Mir sinn haut iwwert d‘Grenzen ewech houfreg“, esou de Benjamin „Bibi“ Netanyahu.

Hien ass dann och iwwerzeegt, datt schonn an zwee bis dräi Joer dëse Réckschlag nëmmen nach eng „schlecht Erënnerung“ ass, an en neie Versuch um Mound ze lande kann ënnerholl ginn. Deem kann sech de Milliardär an Haaptsponsor, Morris Kahn, nëmmen uschléissen. Hien huet vun engem grousse Fortschrëtt geschwat an mengt dat d‘Mënschen an Israel hir Dreem liewe sollten.

mat indymedia/tlv

Bild: © SpaceIl

Ähnlech Sujeten Beresheet, Israel, IsrealAerospace Industries, Mound, Moundlandung, SpaceIl
Nächsten Artikel Virrechten Artikel