Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et gëtt „onbequem“ op der A3 tëscht Beetebuerg an der Stad
International Neiegkeeten Stories

Et gëtt „onbequem“ op der A3 tëscht Beetebuerg an der Stad

Am Kontext vum Bau vun der neier Eisebunnslinn tëscht Beetebuerg

Interessanten Debat zur Diktatur an Ungarn
International Neiegkeeten Stories

Interessanten Debat zur Diktatur an Ungarn

Biergerrechter, Pressefräiheet, sexuell Ausriichtung… an natierlech d‘Noutstandsgesetz, datt dem Viktor

Den nationalen Dag vum Bam 2019 – Wëll all Bam zielt!
International Neiegkeeten Stories

Den nationalen Dag vum Bam 2019 – Wëll all Bam zielt!

Scho fir eng 28. Kéier ass gëschter den nationalen Dag

Israel a Vereenegt Emirater reechen sech d‘Hänn

Israel a Vereenegt Emirater reechen sech d‘Hänn

Washington huet vermëttelt an elo soll et zur Opnam vun diplomatesche Bezéiungen tëscht Israel an de Vereenegten Emirater (UAE) kommen. Och ee richtegt Friddensofkommes wier méiglech. Datt et esouwäit komme konnt, wier dem groussaartegen diplomatesche Geschéck vum US-President Donald Trump geschëlt, esou emol déi offiziell Duerstellung vun Dubai, Jerusalem a Washington.

Fir den Donald Trump, deen sech den Ament eppes schwéier domadder deet, sengem Konkurrent am US-Presidentschaftswahlkampf de Bass ze halen, ass dat ganzt allerdéngs éischter eng grouss PR-Aktioun, och wann een him kéint zougestoen, datt ee richtegt Friddensofkommes tëscht Israel an den UAE, esou schlecht net wier. Stellt sech natierlech och d‘Fro, wien de Präis dofir bezilt…

Jiddefalls huet de Krounprënz Mohammed bin Saïd al-Nahjan erkläert, datt dësen Accord zu gudder Lescht am Kontext vun enger Telefonskonferenz mam israelesche Premierminister Benjamin Netanyahu, an dem US-President Donald Trump zustane komm ass. Et wier sech an dësem Kontext drop gëeenegt ginn, datt et net méi soll zur Annexioun vun de palestinensesche Gebidder kommen.

IsraelWoubäi… esou kloer ass dat net an fir den Ament gouf sech emol op eng Roadmap verstännegt, déi zu gereegelte bilaterale Bezéiunge féiere soll. Da géif gepréift a wéi engem Ausmooss et tëscht dëse Länner kann zu enger Zesummenaarbecht kommen. An de „Bibi“, dee moralesch betruecht keen Deit besser wéi de geniaalsten US-Milliardär ass, huet dat mat der „Annexioun“ elo richteg gestallt.

„Et gëtt kengerlee Ännerung vu mengem Plang déi israelesch Souveränitéit auszewäiten, dat an Ofstëmmung mat den USA“, esou den am eegene Land ëmmer méi ëmstriddene Benjamin „Bibi“ Netanyahu, deen net nëmme wéinst Korruptioun an der ugestriefter Annexioun um Pranger steet. D‘Annexioun allerdéngs, kann déi israelesch Regierung net ouni den OK vu Washington maachen.

A wann den israelesche Premierminister vun enger „neier Ära an de Bezéiungen tëscht Israel an der arabescher Welt“ schwätzt, esou muss een och dat eppes „relativiséieren“. Zanter Jore ginn d‘UAE an Israel – zimmlech onopfälleg an dofir onbemierkt – openaner duer. Et ass sech ëmmer nees am „Geheimen“ getraff ginn, et goufe Kontakter geknäppt a gepréift wat wirtschaftlech méiglech ass.

Palestina ass net begeeschtert

Wann elo d‘Annexioun vu palestinenseschem Gebitt emol bis op Weideres ausgesat gëtt, esou ass et net wéi wann sech hei géif Begeeschterung breet maachen. De Géigendeel wier éischter de Fall, dat bezunn op d‘Veruerteelung vun der Opnam vun dësen diplomatesche Bezéiungen, duerch Vertrieder vun de palestinenseschen Interessen. Woubäi och do net ëmmer kloer ass wien dat soll sinn.

IsraelD‘Hanan Aschrawi, eng palestinensesch Politikerin zu dësem Schratt: „Israel ass dofir belount ginn, datt et net oppen erkläert, wat et zanter der Besatzung stänneg illegal mécht. D‘UAE hunn elo hir geheim Bezéiung zu Israel offizialiséiert an déi sollten eis elo keng Gefale maachen, well mir hunn net wëlles iergendengem als Virwand ze déngen, eng Léisung fir en anere Problem ze sinn“.

Och bei der radikaler Hamas, déi eigentlech Muecht am Gazasträifen, ass d‘Regulariséierung vun de Bezéiungen tëscht den historesche Feinden, kee Grond zur Freed. Dëse Rapprochement géif a kéngster Weis de Rechter vun de Palestinenser hëllefen an eigentlech Israel e Fräibréif ausstellen, sech ganz Palestina anzeverleiwen. Eng Zweestaateléisung wier laut Hamas esou net méiglech.

IsraelBei den israelesche Siidler, déi en zolitte, wann och éischter onberechtegten Interêt un dëser jo nach ëmmer gewollter Annexioun hunn, stéisst d‘Verbesserung vun de Bezéiunge mat engem arabesche Land natierlech op Widderstand. Ultranationalistesch – fir net ze soe rietsradikal – haten si de Bibi gewielt, well dësen hinnen den Déifstall vu palestinenseschem Gebitt versprach hat.

An esou ass deen eenzegen, dee sech wierklech freet (ausser dem US-Milliardär) den egyptesche President Abdel Fattah al-Sissi. Via Twitter huet hie verkënnt, datt hien dës Matdeelung mat ganz groussem Interessi verfollegt hätt. Dat géif der Regioun Wuelstand a Stabilitéit bréngen. Egypten war iwwregens dat éischt Land dat mat Israel e Friddensvertrag ënnerzeechent hat (1979).

mat indymedia/was/tlv/lon/cai

Foto: Den Donald Trump mat enger grousser Ukënnegung: „Mir hunn en historeschen Duerchbroch hikritt, mat deem de Fridden am Noen Osten elo wäert zur Realitéit ginn“. © White House

Ähnlech Sujeten Diplomatie, Fridden, Israel, Kooperatioun, UAE, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel