Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Senat zu Roum hieft Immunitéit vum Salvini op
International Neiegkeeten

Senat zu Roum hieft Immunitéit vum Salvini op

Elo wou dem Matteo Salvini seng Immunitéit opgehuewe gouf, ka

Fotogallerie: Autocross zu Helleng
International Neiegkeeten

Fotogallerie: Autocross zu Helleng

Blomeesestierwen zu Lëtzebuerg – Iwwert 370 Villercher betraff
International Neiegkeeten

Blomeesestierwen zu Lëtzebuerg – Iwwert 370 Villercher betraff

Säit Enn Mäerz 2020 konnt och zu Lëtzebuerg e grousst

Israel wëll sech vergréisseren

Virtuellt treffe vun den EU-Ausseminister gëtt zu Sabotage vum internationale Recht

Israel wëll sech vergréisseren

Wéi soll déi europäesch Unioun mat de Pläng vun der israelescher Regierung ëmgoen, déi sech déi besate palestinensesch Gebidder averleiwe wëll? Dorobber konnten d‘EU-Ausseminister dem Jean Asselborn keng zefriddestellend Äntwert ginn.

Nach iert et zur virtueller Sëtzung vum EU-Ausseministerrot komm war, hat eisen Ausseminister Jean Asselborn schonn emol kloer gestallt, datt wann een en Territoire annektéiert, dann ass dat ee schwéiere Verstouss an eng Verletzung vum internationale Recht“. Senge Kolleegen huet hien nach mat op de Wee, datt een dat sengerzäit bei der Annexioun vun der Krim och esou gesinn huet.

Dem Jean Asselborn geet et hei drëms, preventiv Stellung ze bezéien an Drock op d‘Regierung an Israel ze maachen. Et géif him allerdéngs net drëms goen, wéi dat bei Russland de Fall ass, elo hei Sanktioune géint Israel an Erwägung ze zéien. Strofmoossname wollt den Ausseminister awer net ausschléissen, sollt et am Juli zur Annexioun vum Jordandall an dem Westjordanland kommen…

IsraelGrondsätzlech ass dës Haltung richteg, woubäi déi nëmmen ziilféierend ka sinn, wann een sech an der EU op ee gemeinsame Wuertlaut verstännegt géif kréien. Dat ass – wéi eigentlech ëmmer – net de Fall, och well vill Ausseminister esou eng Haltung géint déi israelesch Politik och als Affront géintiwwer den USA betruechten. Sech géing d‘Richtlinne vun den US-Aussepolitik stelle geet net.

Traureg Virstellung

Um freideg Nomëtteg hunn dann d‘Ausseminister sech an der Visiokonferenz iwwert dëst brisant Thema „ënnerhalen“. Den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borrell huet no der Sëtzung d‘Gespréicher wéi follegt resuméiert: „mir wäerte mat der israelescher Regierung ëmfaassend a konstruktiv zesummeschaffen. D‘EU ënnerstëtzt weider eng Zweestaateléisung“.

Iwwersat heescht dat: „Wann Israel Gebidder annektéiert gëtt dat bedauert“. Fir de gläichfalls sozialisteschen Ausseminister aus Däitschland, Heiko Maas, deen an de sozialen Netzwierker ënnerschiddlech „frëndlech“ als Antisemitt an Ënnerstëtzer vum palestinenseschen Terror verkläert gëtt, sollt een d‘Annexioun vun der Krim net mat der gewollter Annexioun vun de palestinensesche Gebidder (Jordandall a Westjordanland) op ee Niveau setzen, béides kéint een hei net vergläichen.

Israel

© Levar Travel / unsplash

Mee zumindest hält dem Jean Asselborn säin däitsche Kolleeg d‘Pläng vu der israelescher Regierung och fir vëlkerrechtswiddreg, mee Berlin wëll seng gutt Bezéiungen zu Israel net onnéideg mat enger eegener Positioun belaaschten. Den Heiko Maas wier awer bereet sech der gemeinsamer Positioun vun den EU-Ausseminister unzeschléissen, wuelwëssend, datt dat eigentlech ausgeschloss ass.

Wëllen ouni ze kënnen

Wien mengt, dat et am Fall vun engem Verstouss géint internationaalt Recht an UN-Resolutiounen, elo ënnert den EU-Ausseminister zu engem konsensuelle Beschloss komme kann, wéi dat deemools bei der Krim-Annexioun duerch Russland zimmlech zügeg méiglech war, vergësst, datt och dës Politiker als éischt emol eegen an dann national Interesse verdeedegen. Europa ass eng Niewesaach.

An esou ergëtt et sech, datt beispillsweis Schweden méi no um Jean Asselborn senger Fuerderung ass. Déi sozialistesch Ausseministesch Ann Linde huet sech fir Sanktiounen am Fall vun enger Annexioun staark gemaach, wärend den Heiko Maas, gemengt huet, et géif kee Sënn maachen elo schonn ze dreeën an et sollt et dach vläicht domadder waarden, bis déi ambitiéis Pläng ëmgesat sinn.

IsraelMee och déi aner Ausseminister hunn kaum bis wéineg Interessi sech dem Lëtzebuerger Cyclist unzeschléissen, deen hinne scho mat senger Flüchtlingspolitik gehéierlech op de Geescht geet, well hie stänneg méi Solidaritéit an Zesummenaarbecht fuerdert. Dat do een aus hire Reie gëtt, deem den europäesche Gedanke ganz wichteg ass, verstinn an ënnerstëtzen déi mannst. Och dat ass Europa.

Jordanien liicht veriergert

Wann et sécherlech richteg ass, datt eng Annexioun vum Jordandall an dem Westjordanland an der Unioun kaum bis guer keng Konsequenze wäert hunn, jo net emol dovunner auszegoen ass, datt een sech op de Vereenten Natiounen, a schonn emol guer net am UN-Sécherheetsrot, géint déi vun den USA imposéierter Politik wäert opleenen, esou stellen d‘Pläng awer ee Problem fir d‘Regioun duer.

Esou hätt esou ee Schratt – nieft der erwisener Illegalitéit – en direkten Impakt op d‘Länner an der direkter Noperschaft zu Israel. Datt de jordanesche Kinnek Abdullah II „beonrouegt“ ass, well dat Auswierkungen op seng Autoritéit hätt, an zu massivem Gestreits, jo esouguer bis zum Konflikt a Jordanien féiere kann, interesséiert awer zu Stonn weder Israel nach d‘EU-Aussepolitik.

IsraelDobäi huet de jordanesche Kinnek vollkomme Recht wann hien do feststellt: „D‘Annexioun vun de besate Gebidder féiert de facto zu enger Eestaateléisung an géif zum Zesummebroch vun der palestinensescher Autonomieverwaltung féieren. Dat hätt zur Folleg, datt et nees zur Gewalt kënnt an nei extremistesch Mouvementer entstinn“. Wann hei „d‘Recht vum Stäerksten“ sollt ugewannt ginn, muss et zwangsleefeg zum Flächebrand kommen, e Konflikt deen net méi ze léise wier.

Washington ënnerstëtzt d‘Pläng vum Regierungsduo Netanyahu / Gantz, wéi et jo schonn aus dem „Friddensplang“ vum US-President an senger bockeleger Famill ze enthuelen ass. D‘Palestinenser sinn dem Donald Trump net nëmme suspekt, mee si stéieren och déi israelesch-amerikanesch Frëndschaft. Zudeem huet de „Bibi“ eng Siidlung op de Golanhéichten no him benannt…

mat indymedia/tlv

Illustratioun: © Levar Travel / unsplash

Ähnlech Sujeten Annexioun, EU-Ausseministerrot, Israel, Jean Asselborn, Josep Borrell, Palestina
Nächsten Artikel Virrechten Artikel