Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Aktioun Öffentlechen Transport bitt en onzefriddestellenden Iwwerbléck
International Neiegkeeten

Aktioun Öffentlechen Transport bitt en onzefriddestellenden Iwwerbléck

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng Vereenegung mam Numm Aktioun Öffentlechen

Home and Living – Alles zum Thema Wunnen an Ariichtung
International Neiegkeeten

Home and Living – Alles zum Thema Wunnen an Ariichtung

Vum 13. bis den 21. Oktober kann een an der

Plëss in Concert
International Neiegkeeten

Plëss in Concert

Um Kiosk op der Plëss – direkt géinteniwwer vum Cercle

Esou kann et kee Fridde ginn

Israelesch Siidlungspolitik verstéisst laut den USA net géint internationaalt Recht

Esou kann et kee Fridde ginn

D‘US-Regierung gesäit am Bau vun israelesche Siidlungen am Westjordanland, kee Verstouss géint internationaalt Recht. Et ass dat eng nei pro-israelesch Decisioun, déi den US-Ausseminister Mike Pompeo gëschter zu Washington annoncéiert huet.

Fir de Mike Pompeo, wier de Bau vu Siidlungen net grondsätzlech onvereenbar mam internationale Recht. Et hätt een déi verschidde juristesch Aspekter gepréift an et wier een zum Schluss komm, datt et de Friddensprozess net virubruecht huet, d‘Siidlungen „illegal“ ze nennen. „Et wäert ni zu enger geriichtlecher Léisung vum Konflikt kommen. Argumenter, wie vëlkerrechtlech Recht huet a wien net, brénge kee Fridden. Méiglech ass nëmmen eng politesch Léisung“, seet de Mike Pompeo.

Et war dem US-Ausseminister awer wichteg ze betounen – wuel fir net falsch verstanen ze ginn – datt d‘US-Regierung mat dëser Decisioun keng Ausso zu eenzele Siidlungsprojeten trëfft. All Fall misst ee fir sech betruechten, an dat wier d‘Aufgab vun de Geriichter op der Plaz. Zudeem géif dës Entscheedung net dem Status vum Westjordanland am Kontext vun engem „Fridden“ virgräifen. Dat missten d‘Palestinenser scho mat den Israelie selwer aushandelen, mengt de Mike Pompeo.

SiidlungspolitikAn dësem Kontext ass et wichteg drun ze erënneren, datt Israel am Sechs-Deeg-krich ënnert anerem och d‘Westjordanland an Ost-Jerusalem eruewert hat. Gebidder déi Israel net gewëllt ass nees hir ze ginn. Haut gëtt et an de besate Gebidder wäit iwwer 200 Siidlungen an deenen eng 600.000 Leit hir „Heemecht“ gesinn. Dat betruechten d‘Palestinenser eppes „differenzéiert“, schliisslech wiere béid Gebidder en Deel vum zukünftege palestinensesche Staat. Ee Staat deen Israel net wëll unerkennen.

Kappzerbrieches fir d‘Vereenten Natiounen

Elo ass jo och gewosst, datt déi israelesch Siidlungspolitik éischter „ëmstridden“ ass an den UN-Sécherheetsrot nach am Dezember 2016 opgefuerdert hat, an de besate Gebidder – inklusiv Ost-Jerusalem -mam Bau vu Siidlungen opzehalen. De bau vu Siidlunge verstéisst entspriechend der Resolutioun 2334 géint internationaalt Recht a gëtt als grousst Hindernis fir de Fridden am Noen Oste bezeechent. Och d‘USA haten d‘Erweiderung vum Siidlungsbau bis ewell veruerteelt.

Mee wat d‘UNO per Resolutioun beschléisst ass éischter als „gutt gemengte Rot“ ze verstoen. Eng Verflichtung fir den israelesche Staat ass et net. A vun den USA haten se an hunn se och weiderhin net wierklech Ierger ze erwaarden. Bezitt ee sech op d‘Date vun der Friddensorganisatioun „Peace Now“, dann huet déi israelesch Regierung eleng am Oktober de Bau vun 2.342 Wunnengen am besate Westjordanland geneemegt. Säit Januar sinn esou 8.337 nei Wunnengen opgeriicht ginn.

Deem enge seng Freed… deem anere säi Leed

An Israel ass d‘Entscheedung vun der US-Regierung a ganz besonnesch d‘Annonce vum Mike Pompeo, iwwerschwenglech begréisst ginn. De „Bibi“ war ganz aus dem Haischen an huet dës Decisioun ausdrécklech begréisst. Fir den israelesche Ministerpresident ass dës nei Opstellung vun der US-Aussepolitik d‘Korrektur vun enger historescher Feelentscheedung. „Dës Politik spigelt déi historesch Wourecht – datt dat jiddescht Vollek keng auslännesch Kolonialisten a Judäa a Samaria sinn“, esou de Benjamin „Bibi“ Netanyahu.

Israel wier awer weiderhi bereet Friddensverhandlungen opzehuelen. Elo sollt dann awer och domat opgehale ginn, d‘Siidlungen als illegal ze verklären. Op Säite vun de Palestinenser kënnt déi vun den USA gemaachten Ausso net wierklech gutt un. De Generalsekretär vun der palestinensescher Befreiungsorganisatioun (PLO) Saeb Erekat stellt fest: „Israelesch Siidlunge klaue palestinensescht Land, beschlagnahme palestinensesch Ressourcen a beuten se aus. Zudeem beschränken dës Siidlungen d‘Recht op Beweegungsfräiheet vun der palestinensescher Bevëlkerung“.

SiidlungspolitikAn u sech huet de Mann absolut Recht. Am Vëlkerrecht ginn déi israelesch Siidlunge ganz kloer als Rechtswiddreg definéiert. Woubäi d‘Vëlkerrecht natierlech iwwerbewäert gëtt an sech d‘Länner ëmmer nëmmen dann drun halen, wann et déi eegen Interessen arrangéiert. Aus dem Ëmfeld vum President Mahmoud Abbas, heescht et, datt een d‘Ausso vum Mike Pompeo zur Kenntnis geholl huet. Dës „Matdeelung“ géif op kenger verwäertbarer Grondlag fundéieren, firwat ee se veruerteelt. Si widdersprécht dem internationale Recht an ass Contraire zu bestoenden UN-Resolutiounen.

Nëmmen eng vu ville pro-israeleschen Entscheedungen

Datt ënnert dem Donald Trump schonn esou munch verwonnerlech Decisioun getraff ginn ass: d‘USA hu beispillsweis Annexioun vun de Golanhéichten als Rechtméisseg a Jerusalem als Haaptstad vun Israel unerkannt – deit däitlech drop hin, datt d‘USA net un engem Fridden an der Regioun kënnen interesséiert sinn. Si hunn natierlech och militäresch a virun allem kommerziell Interessen an dësem Konflikt. Israel keeft esouvill US-Waffesystemer wéi kaum en anert Land. D‘Palestinenser refuséieren datt d‘USA als „Vermëttler“ bei Friddensverhandlungen optrieden.

Zu Bréissel ass een ugesiichts der Annonce vum Mike Pompeo „verstëmmt“. D‘EU-Kommissärin fir baussenzegt Ugeleeënheeten, Frederica Mogherini, huet erkläert: „D‘Positioun vun der EU zur israelescher Siidlungspolitik an de besate palestinensesche Gebidder ass kloer a bleift onverännert“. D‘EU-Kommissioun hält fest: „All Siidlungsaktivitéiten si vëlkerrechtlech illegal an ënnerhielen d‘Drofäegkeet vun der Zweestaateléisung wei och d‘Perspektive fir en dauerhafte Fridden“.

Déi europäesch Unioun rifft dann och Israel nach emol op, seng Siidlungsaktivitéiten anzestellen, dat am Aklang mat sengen internationale Verflichtungen als Besatzungsmuecht. D‘EU wäert sech och weiderhi fir d‘Opnam vun engem politesche Prozess hin zu enger Zweestaateléisung asetzen. Dat wier deen eenzeg realistesche Wee, wann ee sech drop verstännegt, datt déi legitim Erwaardunge vun esouwuel Israel wéi och Palestina, musse respektéiert ginn. Dat kléngt natierlech super, mee déi politesch Situatioun an Israel an d‘Réckendeckung vun den USA léist dat net zou.

mat indymedia/was/tlv

Foto: © US State Department

Ähnlech Sujeten Israel, Mike Pompeo, Palestina, Siidlungen, USA, Westjordanland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel