Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ADEM vereinfacht d‘Aschreiwen
International Neiegkeeten

ADEM vereinfacht d‘Aschreiwen

Fir et de Leit, déi sech um Aarbechtsamt (ADEM) aschreiwe

Wann si „reesen“ dierfen d‘Kanner net spillen
International Neiegkeeten

Wann si „reesen“ dierfen d‘Kanner net spillen

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert de Public, datt den Eecheprëssessiounspënner sech temporär

Treffen tëscht Asselborn a Goffin: Komplett Beweegungsfräiheet ass d’Zil
International Neiegkeeten

Treffen tëscht Asselborn a Goffin: Komplett Beweegungsfräiheet ass d’Zil

Gëschter huet de Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn de

Israelesch-syresche Grenzkonflikt beonrouegt d‘UNO

Israelesch-syresche Grenzkonflikt beonrouegt d‘UNO

Well eng iranesch Drone vu Syrien aus an den israelesche Loftraum agedronge soll sinn, huet déi israelesch Loftwaff Stellungen a Syrien ugegraff. Dobäi ass hinnen e vun de Fliger ofgeschoss ginn, eng Situatioun déi et zanter 30 Joer net méi ginn hat, a beweist, datt déi syresch Arméi sech zur Wier setze kann.

Den Tëschefall hätt ee vu ville kënne sinn, deen esou eigentlech kaum opgefall wier, an elo awer wéi et sech erausstellt, e grousst Konfliktpotential mat sech bréngt. Zudeem war d‘Warnung vun den USA an Israel a Richtung Syrien an Iran, däitlech ze héieren. Russland an d‘UNO fuerderen dann och all d‘Acteuren op sech nees ze berouegen.

D‘US-Regierung huet sech a gewinnter Manéier hannert Israel gestallt, nodeems et zu engem Loftugrëff op maassgeeblech Stellunge vun der syrescher Arméi an dem iranesche Militär komm war. Aus dem US-Ausseministère war matgedeelt ginn, datt ee wéinst dem zouhuele vun der Gewalt besuergt ass, een awer entscheet dat souveräänt Recht op Verdeedegung vun Israel ënnerstëtzt.

A well déi Drone, wéinst där et zu dësem bedreelechen Tëschefall komm ass eng iranesch soll sinn, riicht Washington entspriechend Virwërf géint Teheran. D‘Heather Nauert, Spriecherin vum US-Ausseministère erkläert: „Déi iranesch kalkuléiert Eskalatioun vun der Bedreeung“ a seng Muecht Uspréch an anere Länner „bréngt all d‘Mënschen – vum Jemen bis an de Libanon – a Gefor“.

Israel ass net un engem Konflikt interesséiert

Den israelesch Ministerpresident Benjamin „Bibi“ Netanyahu huet och virun enger Eskalatioun gewarnt. Israel wier um Fridden an net um Krich interesséiert, mee géif sech all Ugrëff erwieren an all Versuch, mat deem seng Souveränitéit a Fro gestallt gëtt, bekämpfen. „Den Iran wëll syrescht Gebitt dofir benotzen, Israel unzegräifen, mam erkläerten Zil, Israel ze zerstéieren“.

An dësem Kontext huet de Benjamin Netanyahu och mam russesche President Vladimir Putin, a mam US-Ausseminister Rex Tillerson telefonéiert. Mat Moskau hätt ee sech drop verstännegt, datt déi militäresch Koordinatioun tëscht béide Länner weidergefouert gëtt. Aus dem Kreml war gewuer ze ginn, datt de President dozou oprifft all Schratt ze vermeiden deen zu enger Konfrontatioun kéint féieren.

Dat ass och de Message deen den UN-Generalsekretär Antonio Guterres um Samschdeg un déi concernéiert Konfliktparteie geriicht huet. Laut sengem Spriecher, Stéphane Dujarric, verfollegt den UN-Generalsekretär mat grousser Opmierksamkeet d‘Entwécklung vum Konflikt an der Regioun, a ganz besonnesch d‘Auswäitung vun dësem iwwert d‘Grenze vu Syrien eraus.

Iranesch Ziler a Syrien zerstéiert

Laut Informatioune vun der israelescher Arméi, hat d‘Loftwaff um Samschdeg eng Dose Stellunge vun de syresche Regierungstruppen an der iranescher Arméi bombardéiert. Domatter hätt een op d‘Andréngen an den israelesche Loftraum vun enger iranescher Drone reagéiert, déi vu Syrien aus gestart a gesteiert gi wier.

Um Réckfluch, wier ee vun den israeleschen F-16 Kampfjets vun der syrescher Fluchofwier esou ënner Beschoss geholl ginn, datt dësen eppes méi spéit am Norde vun Israel erofgefall wier. Béid Pilote konnten „ofsprangen“ a gerett ginn. De Kommando vun der israelescher Arméi huet bestätegt, datt béid Piloten an e Spidol gefouert goufen an, datt een méi schwéier blesséiert wier.

Den Iran dementéiert eng Drone iwwer Israel gesteiert ze hunn, an hieft ervir, datt Syrien d‘Recht huet sech géint Attacken aus Israel ze wieren. Mam agräife vun Israel an de syresche Konflikt kéint hei dann awer eng weider Front entstoen. Et ass dann déi éischte Kéier zanter 2011, datt Israel zougëtt, maassgeeblech iranesch Ziler a Syrien ugegraff ze hunn

mat AFP

Foto: Israelesch Zaldote besetzen hir Stellungen op de Golan-Héichten bei der syrescher Grenz. No engem Ugrëff op syresch an iranesch Stellungen, huet déi israelesch Loftwaff een F-16 Kampfjet verluer. © Jalaa Marey/AFP

Ähnlech Sujeten Benjamin Nehanyahu, F-16, Iran, Israel, Rex Tillerson, Syrien, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel