Search

You may also like

Weltraumressource notzen, ënner Lëtzebuerger Recht
International Neiegkeeten

Weltraumressource notzen, ënner Lëtzebuerger Recht

Ënnert der Autoritéit vum Wirtschaftsministère, op Ureegung vum Büro vun

USA wëllen a Palestina investéieren awer net dat eegent Geld
International Neiegkeeten

USA wëllen a Palestina investéieren awer net dat eegent Geld

Washington wëll mat engem Milliardeninvestissement a Palestina, den Noen Osten

D‘Kasematte vum Bock mat historeschem Besicher-Rekord
International Neiegkeeten

D‘Kasematte vum Bock mat historeschem Besicher-Rekord

Zanter der Erëffnung fir de Public 1933, kënnen d‘Kasematte vum

Polen wëll sech aus der Istanbul-Konventioun zréckzéien

Dëst Fraeschutzofkommes gëtt vun der rietspopulistescher Regierung als Rechtfäerdegung vun der „homosexueller Ideologie“ duergestallt a stéisst op internationale Widderstand

Polen wëll sech aus der Istanbul-Konventioun zréckzéien

Fir d‘PiS-Partei ass d‘Istanbul-Konventioun déi sech géint Gewalt u Frae riicht, just eng Gender-Theorie hannert där sech eng homosexuell Ideologie verstoppt. An a Polen, wou Gemengen sech erlaben dierfen, hire Landkrees als „Homosexuell-Fräi“ ze erklären, an d‘Rechter vun de Frae generell een „anere Stellewäert“ hunn, ass et nëmme konsequent, esou en Accord ze kënnegen.

D‘Istanbul-Konventioun (Mee 2011) gëllt als internationaalt Rechtsinstrument zur Verhënnerung vu geschlechtsspezifescher Gewalt, an d‘Gewalt géint d‘Fraen ass an de Katalog vun de vun der EU unerkannte Strofdoten opgeholl ginn. Am November 2019 hat d‘EU-Kommissioun nach emol all d‘Memberlänner onmëssverständlech opgefuerdert, dës Konventioun onverzüglech ze ratifizéieren.

Polen hat d‘Konventioun zimmlech fréi ratifizéiert (2012), mee dat war virun der Muechtergräifung vun der onséileger PiS-Partei. Déi reliéis an homophob Partei fir Recht a Gerechtegkeet wëll dat elo réckgängeg maachen, wat am EU-Parlament fir ongewinnt Opreegung gesuergt huet. Dobäi huet déi polnesch Regierung eigentlech nëmme konsequent d‘Rechtsstaatlechkeet weider a Fro gestallt…

Den Afloss vun der Kierch

Leschte Samschdeg hat de polnesche Justizminister Zbigniew Zioboro – e Politiker vun der an der Regierungskoalitioun agebonnener PiS-Ofspaltung „Solidarna Polska“ – annoncéiert, schonn dëse Méindeg d‘Prozedur zum Austrëtt aus der Istanbul-Konventioun anzeleeden. Hien hat d‘Ofkommes als „feministesch Schëpfung zur Rechtfäerdegung vun der homosexueller Ideologie“ bezeechent.

Et weidert Argument: „Du brauchs keng Konventioun, fir ze wëssen, datt eng keng Frae schléit. Du brauchs just den Evangelium ze liesen“. Mam Liesen huet et de Mënsch allerdéngs net méi esou, firwat den Zbigniew Zioboro e Samschdeg nach ënnerstrach huet, datt dat polnescht Recht d‘Frae beispillhaft viru Gewalt schützt, d‘Konventioun awer eng ganz aner Zilsetzung hätt.

Laut dem Justizminister, géif d‘Konventioun d‘LGBT-Familljebezéiunge fërderen an de Kanner bäibréngen, datt dat „biologescht Geschlecht“ archaesch ass. Hien ass de politeschen Aarm vu reliéis fundamentalistesche Gruppéierungen, déi zanter Jore mat falschen Duerstellungen a Lige géint d‘Konventioun virginn. Si sinn och géint Ofdreiwung, Sexualunterrecht an LGBTI-Rechter.

Gestäipt ginn de Minister an dës „Gruppen“ vun der ultrakathoulescher Organisatioun „Ordo Luris“ déi et ronn bruecht huet, ee Gesetzprojet zum Verbuet vun der sexueller Opklärung am Parlament anzebréngen. Dëst gouf am Abrëll an d‘Kommissioune verwisen. Ordo Luris huet eng EU-Petitioun lancéiert, mat där d‘Ratifikatioun vun der Istanbul-Konventioun soll réckgängeg gemaach ginn.

Och ee Wahlkampfthema

An de Presidentschaftswahlen hat sech de PiS-Kandidat Andrzej Duda och dem Kampf géint d’LGBTQI-Communautéit ugeholl. Hien hat dann och direkt seng Familljen-Charta virgeluecht, an där hie sech verflicht d‘Bestietnes als Bezéiung tëscht Mann a Fra ze schützen, d‘Adoptioun fir gläichgeschlechtlech Koppelen an d‘Verbreedung vun der LGBTI Ideologie ze verbidden

Dat wéi och de Virstouss vum Zbigniew Ziobro hat den Europarot alarméiert. D‘Generalsekretärin vun der Stroossbuerger Lännerorganisatioun, Marija Pejcinovic Buric, dozou: „D‘Opkënnege vun der Istanbul-Konventioun wier bedauerlech an ee Réckschrëtt beim Schutz vu Frae viru Gewalt an Europa“. Zu Warschau war et schonn ee Freideg zu enger gréisserer Demonstratioun komm.

Och soss huet et net u Kritik vun der europäescher an internationaler Kritik gefeelt. De Spriecher vun der Regierung, Radoslaw Fogiel, huet d‘Kritik als „emotional Reaktioun“ duergestallt a weist drop hinn, datt fir den Ament „just driwwer nogeduecht“ géif ginn. Zudeem sollten déi aner Länner ophalen sech an d‘Landespolitik anzemëschen. Si wiere jo net déi eenzeg déi esou denken…

Stëmmt! Och an der Tierkei denkt een eeschthaft driwwer no d‘Konventioun ze verloossen. De Virsëtzende vun der Regierungspartei AKP, Numan Kurtulmus (deen e Bestietnes vu ale Männer mat Kanner ab 12 Joer fir selbstverständlech hält) huet Ufank Juli d‘Ënnerzeechnung vun der Konventioun als „ee grousse Feeler an eng Gefor“ bezeechent. Dat misst séier behuewe ginn…

mat indymedia/waw/bru/ist

Related topics Fraerechter, Istanbul-Konventioun, LGBTQI, Ordo Luris, PiS-Partei, Polen, Solidarna Polska, Zbigniew Ziobro
Next post Previous post