Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Onwiederen an Tornado a Lëtzebuerg – D’SLPL hëlleft mat
arduino uno hookup guide Neiegkeeten

dating owen sound

Katastrophal Zoustänn no den Onwiederen an Tornado am Südweste vu

vibe dating site
arduino uno hookup guide Neiegkeeten

NATO-Sommet: d‘Zäit nom INF-Vertrag

Den Donald Trump wollt nei Atomwaffen, dat awer méiglechst ouni

Referendum zum Avortement an Irland: wat seet d’Gesetz a wat ka sech änneren?
arduino uno hookup guide Neiegkeeten

Referendum zum Avortement an Irland: wat seet d’Gesetz a wat ka sech änneren?

Um haidege Freideg mussen sech d’Iren mëttels Referendum fir oder

Istanbul: Oppositioun vereent sech géint d‘AKP

Istanbul: Oppositioun vereent sech géint d‘AKP

No der Annulatioun vun de Wahlresultater huet sech d‘Oppositioun an der Tierkei zesummegedoen, a stellt sech géint d‘Entscheedung vun der héijer Wahlkommissioun. De President, Recep Tayyip Erdogan, huet d‘Decisioun vun der Kommissioun als wichtege Schratt fir d‘Demokratie begréisst.

Interessant an dësem Kontext: déi nationalkonservativ a säkular Partei „Iyi“ stellt sech hannert déi sozialdemokratesch CHP an den eigentlech gewielte Kandidat, Ekrem Imamoglu. D‘Parteicheffin, Meral Aksener, huet d‘Entscheedung vun der Wahlkommissioun virun hirer Partei zu Ankara mat haarde Wierder kritiséiert. D‘Kommissioun hat dem Vollek seng Stëmm geklaut, esou de Resumé.

Istanbul

Och déi pro-kurdesch HDP huet d‘Entscheedung vun der Wahlkommissioun veruerteelt a stellt fest, datt si sech dem Drock vum Regime gefüügt huet. „Hei ass eng Decisioun geholl ginn, déi kee Fonke vun demokratescher Legitimitéit huet“, esou de Message vun der Parteileedung via Twitter.

Wéi geet et weider?

Gëschter ass an der Zentral vun der CHP iwwer déi nächst Schrëtt berode ginn, an den Ekrem Imamoglu huet sech an dësem Kontext och mam CHP-President, Kemal Kilicdaroglu, getraff. Gespréicher soll et elo och mat der Iyi-Presidentin ginn, en Zäitpunkt ass hei net genannt ginn.

De Kandidat vun der islamistescher Oppositiounspartei „Saadet“, Necdet Gökcinar, wier bereet op eng Kandidatur bei de Neiwahlen ze verzichten, hunn tierkesch Medien duerchblécke gelooss. Op Nofro ass eis dat bestätegt ginn, mee et géif nach ob déi endgülteg Decisioun vun der Parteileedung gewaart ginn. Och „Saadet“ huet d‘Entscheedung vun der Kommissioun schaarf veruerteelt.

Istanbul

Säitens de Kommunisten (TKP) gouf gläichfalls bestätegt, datt hir Kandidatin net méi untrëtt an den CHP-Kandidat an de Walen ënnerstëtze wëll. De fréiere Ministerpresident an AKP-Kandidat, Binali Yildirim, deem d‘Entscheedung vun der Kommissioun entgéint kënnt, ass sécher elo ze gewannen.

Sultanat oder Demokratie?

D‘AKP hat d‘Wahlresultat zu Istanbul net unerkannt an huet bei der Wahlkommissioun intervenéiert wéinst „Korruptioun“ an „Onregelméissegkeeten“. Wéi eng Beweiser et dofir gëtt, ass bis ewell nach ëmmer net gewosst. Dofir awer, datt d‘Reklamatioun ugeholl gouf an d‘Wahl widderholl gëtt.

An d‘Neiwahle sinn elo op den 23. Juni festgeluecht ginn. Eng Decisioun déi vum Staatschef mat de Wierder: „et ass déi beschten Entscheedung fir d‘Demokratie am Land“, begréisst huet. Et géif derzou bäidroen, datt „onse Wëllen, d‘Problemer am Kader vun Demokratie a Gesetz ze léisen, gestäerkt ginn ass“. No dëser Logik, gëtt esou laang gewielt, bis d‘AKP d‘Resultat unerkennt…

Istanbul

Den Ekrem Imamoglu, schwätzt an dësem Kontext vu „Verrot“. Et wier selbstverständlech, datt hien sech nees als Kandidat presentéiere wäert, schliisslech wier hie vun de Bierger „bestätegt“ ginn. Och no enger zweeter Auszielung, hat den CHP-Politiker 13.000 Stëmme méi wéi säi Géigner.

mat indymedia/tlv/mow

Foto: Zu Istanbul sinn d‘Bierger duerch d‘Stroosse gezunn, an hu géint d‘Entscheedung vun der Wahlkommissioun protestéiert. © Miki (via twitter)

Ähnlech Sujeten Binali Yildirim, Ekrem Imamoglu, Istanbul, Neiwahlen, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel