Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Omega 90 kann e produktiivt Joer virweisen
International Neiegkeeten

Omega 90 kann e produktiivt Joer virweisen

Bei de Generalversammlung am „Omega Haus“ huet de President vun

Fräi Tribün: De PAP-Lidl veriergert engagéiert Bierger
International Neiegkeeten

Fräi Tribün: De PAP-Lidl veriergert engagéiert Bierger

1) eise Comité d‘Action huet schonn zanter Joren (e.a. a

Televisiounschaîne Russia Today en „Agent vum Ausland“
International Neiegkeeten

Televisiounschaîne Russia Today en „Agent vum Ausland“

Déi vun der russescher Regierung „kontrolléiert“ Televisiounschaîne Russia Today (RT)

Istanbul: De Sultan léisst d‘Wahl zum Buergermeeschter widderhuelen

Wahlkommissioun huet Reklamatioun vun islamescher AKP-Regierung ugeholl

Istanbul: De Sultan léisst d‘Wahl zum Buergermeeschter widderhuelen

Wéi déi staatlech Noriichtenagence an der Tierkei, „Anadolu“ gëschter gemellt huet, gett d‘Wahl zum Buergermeeschter zu Istanbul widderholl. Hei hat bei de Kommunalwahlen den 31. Mäerz iwwerraschend de Kandidat vun der Oppositioun gewonnen, dat awer zimlech knapp. Dem Recep Tayyip Erdogan seng AKP (Partei fir Justiz an Entwécklung) war net erfreet an huet reklaméiert.

De Kandidat vun der CHP (Republikanesch Vollekspartei), Ekrem Imamoglu, war mat ronn 24.000 Stëmme virum AKP-Kandidat a fréiere Ministerpresident, Binali Yildirim, als Gewënner ervirgaangen. Dogéint hat d‘Regierungspartei Reklamatioun agereecht, an et ass nogezielt ginn. An e puer Bezierker sinn dann och Stëmmen ewech gefall, mee et sollt nach ëmmer net duer goen.

Onbeandrockt, ass säitens der AKP d‘Widderhuelung vun der Wal gefuerdert ginn. A wann „esou schlecht gezielt gëtt“ ergëtt sech vum selwen, datt et och zur enger Iwwerpréiwung vun de Wahlhelfer kënnt. Eng Method, déi de Regime zanter dem gescheiterte Putsch vum 16. Juni 2016 ganz erfollegräich ëmgesat kritt. D‘Neiwahle solle laut Wahlkommissioun den 23. Juni stattfannen.

Zouversiicht bei der Oppositioun, Kritik vum EU-Rot

Bei der CHP ass d‘Opreegung grouss, mee d‘Partei huet seng Unhänger a Militanten opgeruff sech roueg ze verhalen: „Loosst ons zesummestoen, loosst eis roueg bleiwen. Mir sinn zu méi, an mir wäerten och nach eng kéier gewannen“. An tatsächlech bleift d‘CHP och weiderhin déi favoriséiert Partei zu Istanbul. Et dierf een och dovunner ausgoen, datt de Regime sech dees bewosst ass…

Aus Bréissel dann d‘Kritik vum EU-Rot. De Generalsekretär Thorbjorn Jagland huet a senger Stellungnam kloer gestallt: „D‘Entscheedung vun der Wahlkommissioun huet d‘Potential d‘Vertraue vun den tierkesche Wieler an d‘Autoritéite schwéier ze schiedegen“. D‘Viraussetzung fir fräi a fair Walen, hätt ee virum Wahldag misse préiwen, an net eréischt wann déi ofgehale goufen.

Et muss dann awer erkläert ginn, datt d‘Néierlag vun der AKP zu Istanbul „e politeschen Affront“ fir de Sultan ass. D‘Stad um Bosporus war schliisslech 25 Joer laang ënnert der Kontroll vun der islamesch-konservativer Partei (esouguer den Erdogan war scho Buergermeeschter). Landeswäit ass d‘AKP bei de Kommunalwahlen als stäerkst Partei ervirgaangen. Eenzeg an de Metropolen (4 vu 5 dorënner och d‘Haaptstad Ankara) huet sech d‘Oppositioun duerchgesat kritt.

mat indymedia/tlv/lon

Foto: Den tierkesche President, Recep Tayyip Erdogan, ass net gewëllt Istanbul de Sozialdemokrate vun der CHP ze iwwerloossen. Elo muss d‘Wahl vum Buergermeeschter widderholl ginn. Bréissel ass net erfreet. Ben Kerckx /Pixabay

Ähnlech Sujeten AKP, CHP, Ekrem Imamoglu, Istanbul, Kommunalwahlen, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel