Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Rees ënnert engem grousse Schied
International Neiegkeeten

Eng Rees ënnert engem grousse Schied

Aktuell dänzelt eise Premier, de Xavier Bettel, duerch San Francisco

money
Agence-Stierwe bei der BCEE
International Neiegkeeten

Agence-Stierwe bei der BCEE

Wéi e Freideg d‘Spuerkeess (BCEE) géintiwwer de Medie bestätegt huet,

Dem „Secret Service“ ginn d‘Suen aus
International Neiegkeeten

Dem „Secret Service“ ginn d‘Suen aus

Dem Milliardär aus dem Wäissen Haus seng Virléift fir de

Italien hëlt dem Salvini säin „anti-Migranten“ Gesetz un

Italien hëlt dem Salvini säin „anti-Migranten“ Gesetz un

E Mëttwoch huet Italien e kontroverséiert „Gesetz-Dekret“ ugeholl, mat deem d‘Immigratioun an dësem europäesche Memberstaat drastesche Regelen ënnerstallt gëtt. Et war ee vun de wichtegsten Themen, dee vum Matteo Salvini, Leader vun der rietsextremer Lega Nord, am Wahlkampf benotzt ginn ass, an him um Enn de Posten als Inneminister abruecht huet.

D‘Chamber huet also gëschter, nodeems de Senat den Text schonn am November ugeholl hat, mat 396 géint 99 fir d‘Gesetz gestëmmt. Déi als populistesch beschriwwe Regierung (Koalitioun tëscht Lega Nord a Movimento 5 Stelle), hat a béide Kummeren d‘Vertrauensfro zu dësem Gesetz-Dekret gestallt. Interessant ass allerdéngs, datt 14 Deputéiert vum Movimento 5 Stelle (M5S) e Mëttwoch net um Vott deelgeholl hunn.

Mat dësem Gesetz-Dekret, geet déi italienesch Migratiounspolitik verschäerft. Esou gëtt de Permis fir den „humanitäre Sejour“ – dee gëtt aktuell u ronn 25% vun den Demandeure, a fir eng Dauer vun 2 Joer ausgestallt – duerch aner Permisen „ersat“. Et soll dann ënnert anerem e Permis „spezielle Schutz“ (fir 1 Joer) oder „Naturkatastroph am Ursprongsland“ (fir 6 Méint) ausgestallt ginn. Hei ass och virgesinn, eng Drénglechkeetsprozedur anzeleeden, fir all „geféierlech“ Persoun auszeweisen.

Regruppement, Spuermoossnamen a Migratiounspakt

Mam Gesetz gëtt och den Accueil-System fir d‘Asyl-Demandeure reorganiséiert, déi Enn Oktober nach zu hirer 146.000 waren. Si sollen a groussen Zentren zesummegefouert ginn. Dës Mesure gëtt als „Spuermoossnam“ presentéiert. A punkto Sécherheet: d‘Gesetz generaliséiert den Asaz vun den TASER-Pistoulen an erliichtert d‘Evakuatioun vu besate Gebaier.

Déi nei italienesch Regierung ass dann och Konsequent bis an den Detail: esou huet si e Mëttwoch annoncéiert, datt si den UN-Migratiounspakt (Global Compact for Migration) net, wéi et vun der „Mëtt-lénks“ Regierung vum Matteo Renzi 2016 versprach war, ënnerschreiwe wäert. Si ass dann och net beim Marrakech-Sommet vum 10. an 11. Dezember derbäi, wou dëse „Pakt“ soll definitiv ugeholl ginn. De Rotspresident Giuseppe Conte, wëll ofwaarden, wéi sech d‘Parlament ausdréckt.

Den Text zum „Migratiounspakt“ ass, egal aus wéi engem Wénkel een et betruecht, eigentlech just e weidere Beweis, wéi schwaach d‘Institutioun „Vereenten Natiounen“ ass. Dëse Migratiounspakt huet kengerlee verflichtend Wierkung, a versicht op 25 Säiten, eppes wéi en Handbuch ze sinn, dat et erlabe kann, de weltwäite Migratiounsfloss an de Grëff ze kréien.

Am September 2016, haten 190 Länner den Text ënnerschriwwen. Dëse rezenséiert eng Rei Prinzipien: Mënscherechter, Kannerrechter, d‘Unerkennung vun der nationaler Souveränitéit; an enthält nach emol ëm déi 20 Proposen, déi de Länner hëllefe sollen, sech der Migratioun ze stellen, andeems et eng verbessert Informatioun an Integratioun vu de Migrante soll ginn. Zudeem sollten sech d‘Länner entscheeden hir „Expertisen“ auszetauschen.

Déi meeschten EU-Memberlänner, wéi Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg hunn ugekënnegt, datt si den UN-Migratiounspakt ënnerschreiwe wäerten. Éisträich, Polen, d‘Slowakei an Ungarn, hunn sech den USA ugeschloss, a verweigeren dësem Text hir Ënnerschrëft.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Giuseppe Conte, Global Compact for Migration, Immigratioun, Italien, Matteo Salvini, UN-Migratiounspakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel