Search

You may also like

Coronavirus: CARE Lëtzebuerg appelléiert un d‘Solidaritéit
International Neiegkeeten

Coronavirus: CARE Lëtzebuerg appelléiert un d‘Solidaritéit

160 Länner si weltwäit vun der Coronavirus-Pandemie betraff. CARE erweidert

Reform bei den Exame fir Gemengefonctionnairen
International Neiegkeeten

Reform bei den Exame fir Gemengefonctionnairen

Zu Lëtzebuerg schreiwen sech all Joer méi wéi 2.000 Persounen

Loossen d‘Stad Lëtzebuerg an de Staat d‘Personal vum Tram am Ree stoen?
International Neiegkeeten

Loossen d‘Stad Lëtzebuerg an de Staat d‘Personal vum Tram am Ree stoen?

Déi lénk kënnen sech just widderhuelen: „Den Tram ass eng

Italien: Autonomie bestriewe vu Venetien an der Lombardei

Italien: Autonomie bestriewe vu Venetien an der Lombardei

Déi räich italienesch Regioune Venetien a Lombardei hunn sech an enger Wahl um Sonndeg, mat enger beandrockender Majoritéit fir eng gréisser Autonomie ausgeschwat. D‘Bedeelegung war grouss genuch, fir de Regiounen eng staark Positioun géintiwwer Roum ze bidden.

Et war eng consultativ Wal, bei där sech 95% vun de Wieler an der Lombardei an 98% zu Venedeg, fir de „Jo“ ausgedréckt hunn. D‘Participatioun soll bei 40, respektiv 57% geleeën hunn. De President vun der Lombardei, Roberto Maroni, hat virun der Wal gemengt, datt eng Participatioun iwwer 37% en Erfolleg wier. A Venetien war een sech eens, datt d‘Wahl nëmmen ze bewäerte wier, wann op mannst 50% drun deel huelen.

Esou ass et dann och de President vu Venetien, Luca Zaia, dee en institutionellen Urknall beim Resultat feststellt. Hien ënnersträicht, datt de Wëllen zur Autonomie „vun der ganzer Bevëlkerung“ gedroe gëtt an net vun enger eenzeger Partei.

Venetien, datt op e räichhaltege Reservoir u klengen a mëttlere Betriber blécke kann, dat besonnesch zu a ronderëm Venedeg, huet dann och eng staark eegen Identitéit. Net ze vergiessenm, datt Venedeg bal 1.000 Joer Onofhängeg war. An och en „Hacker“ Ugrëff konnt d‘Auszielung vun de Resultater just bremsen, net awer stoppen.

Verhandlungsperspektiven

An der Lombardei, wou fir déi éischte Kéier mat der „Tablett“ ofgestëmmt ginn ass, konnt de Roberto Maroni versécheren, datt de System fonctionnéiert huet.

D‘Wieler sollten sech a béide Regiounen dofir (oder dogéint) entscheeden, op hir Regioun „zousätzlech Formen a gesënnert Autonomie-Konditioune“ soll erhalen. Dat awer am Aklang mat der Verfassung. D‘Natur an den Ëmfang vun der Autonomie muss elo mat Roum verhandelt a vum Parlament validéiert ginn.

„Ech hu mat Jo gestëmmt fir Venetien méi Muecht an engem zukünfteg méi staarken a federalen Italien ze ginn. Nee zum Egoismus, jo zu enger gudder Administratioun“, twittert de konservative Buergermeeschter vu Venedeg, Luigi Brugnaro.

De Matteo Salvini, Leader vun der extrem-rietser Lega Nord, där Partei déi a béide Regiounen de politesche Pouvoir huet an d‘Initiative fir de Referendum hat, huet et begréisst, datt Milliounen u Wieler eng méi „no, konkret an efficace Politik gefrot, a sech fir manner Bürokratie a Verschwendung ausgedréckt hunn“.

Woubäi nach ze bemierken ass, datt dem Silvio Berlusconi seng Forza Italia, mee och dem Beppe Grillo säi Cinque Stella an esouguer Gewerkschaften a Patronatsverbänn de „Jo“ ënnerstëtzt hunn. Eenzeg déi demokratesch Partei hat keng Consignen zum Referendum ausginn.

De Räichtum soll bleiwen

Venetien mat 5 Milliounen an d‘Lombardei mat 10 Milliounen Awunner gehéieren zu de räichste Regioune vun Italien. Hire Bäitrag an d‘Staatskeess läit bei 30% vum BIP. Et sinn och déi Regiounen, déi et verstanen hunn mam Geld „beduecht“ ëmzegoen. Dat esouwuel bei der Verscholdung, den ëffentlechen Ausgabe pro Awunner an dem gudde Fonctionnement vum Gesondheetssystem.

Virun allem awer hu béid Regiounen och en zolitte fiskalesche Solde virzeweisen. Also d‘Differenz tëscht deem wat d‘Awunner un Taxen a Steieren abezuelen, an deem wat se fir d‘Ausgabe vun der ëffentlecher Hand kréien, läit bei ronn 70 Milliarden Euro.

Dat ass net grad wéineg a déi Häre Maroni an Zaia hunn dann och ferm wëlles d‘Hallschent vun deem Geld vu Roum zeréckzefuerderen. Parallel dozou hätten se och gäre méi Kompetenzen am Beräich vun den Infrastrukturen, der Gesondheet an der Bildung. Si bekloen nämlech eng schlecht Gestioun vum ëffentleche Geld duerch de Staat. Geld dat vill méi effektiv kéint agesat ginn, och iwwer regional Partnerschaften.

Kee bestriewen no Onofhängegkeet

Wann elo jiddereen un Katalounien muss denken, esou ass et wichteg drop hinzeweisen, datt et kaum „Iwwerschneidunge“ gëtt. „D‘Gefill vun Onofhängegkeet ass weder a Venetien nach an der Lombardei wierklech verbreet“, erkläert de Nicola Lupo, Professer op der Universitéit Luiss zu Roum. Esouguer d‘Lega Nord huet säi bestriewen no Onofhängegkeet längst ad acta geluecht.

Trotz allem gesi verschidden Analysten d‘Fuerderung no méi Autonomie als eng Folleg vum Brexit an der Kris a Spuenien. Et schéngt net méi gewëllt sech dem Diktat vun den Zentralregierungen a Bréissel ënnerzeuerdnen.

Laut dem Lorenzo Codogno, Expert bei LC Macro Advisors, „bedréit de Prozess net d‘Eenheet vum Land, kéint awer d‘Béchs vu Pandora opmaachen an och an anere Regiounen e Bedierfnes no Autonomie ausléisen. „Et ass gutt méiglech, datt sech d‘Fro vun der Autonomie verbreet an vun der Regierung eng generell Approche verlaangt, bis hin zu enger Verfassungsreform“, well d‘Differenzen tëscht de Regiounen net méi ze vertriede sinn.

mam Céline Cornu/AFP

Foto: An engem Wahlbüro zu Venedeg ginn d‘Stëmmziedele virbereet. D‘Fuerderung no méi Autonomie ass staark, och wann et hei e renge consultative Referendum war, deen zudeem konform mam Gesetz an der Verfassung ofgehale ginn ass. Vergläicher mat Katalounien kënne net gezu ginn. © Andrea Pattaro/AFP

Related topics Autonomie, Italien, Lombardei, Venetien
Next post Previous post