Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
D’Buergbrenne mat de Walfer Guiden a Scouten hat Succès
International Neiegkeeten

D’Buergbrenne mat de Walfer Guiden a Scouten hat Succès

De Februar geet op Enn, a mir si „Legioun“ déi

D‘Palestinenser wëlle kee Friddensplang vun den USA unhuelen
International Neiegkeeten

D‘Palestinenser wëlle kee Friddensplang vun den USA unhuelen

„D‘Palestinenser wäerte kee Friddensplang dee vun den Amerikaner virgeluecht gëtt

Déi nei Vignetten 2018 si beim ACL ukomm
International Neiegkeeten

Déi nei Vignetten 2018 si beim ACL ukomm

Fir jiddereen deen och 2018 iwwert Schwäizer an éisträichesch Autobunn

Italien beendegt en emblematescht Beispill un Integratioun

Italien beendegt en emblematescht Beispill un Integratioun

An Italien huet den Inneministère e Samschdeg den Uerder ginn, d‘Migrante vu Riace an dediéiert Opfankstrukturen ze iwwerweisen. Dat nodeems de Buergermeeschter vum Duerf, dee verdächtegt gëtt illegal Awanderer zu „wäissen“ Hochzäite verhollef ze hunn, verhaft ginn ass.

Den Domenico „Mimo“ Lucano, deen dem lénke Parteiespektrum zougerechent gëtt, huet zanter dem Joer 2000, Migranten a sengem Duerf vu Kalabrien opgeholl. En Duerf dat iwwert d‘Jore vill vu sengen Awunner verluer huet. De Buergermeeschter wollt iwwert dëse Wee d‘Wirtschaft nees ukuerbelen an den Aarbechtsmaart dynamiséieren. Ufank Oktober ass hie Verhaft ginn.

Ënner Hausarrest gestallt, gëtt hie verdächtegt déi illegal Awanderung ënnerstëtzt ze hunn, an deem hien Hochzäiten „arrangéiert“ hätt, an esou Fraen, deenen hir Asyl-Demande refuséiert ginn ass, ze erméiglechen an Italien ze verbleiwen. Hie gëtt och beschëllegt Kooperativen, déi Migranten eng Beschäftegung ginn, ouni Soumissioun d‘Offallgestioun vu sengem 1.800 Séilenduerf ginn ze hunn.

Regierungskoalitioun wëll Wahlverspriechen anhalen

Fir de Matteo Salvini (Lega Nord – Rietsextrem), war d‘Verhaftung vum Domenico Lucano e Fest. Hien huet vum Virfall profitéiert fir op e neits „déi gutt Gewëssen ze denoncéieren, déi Italien mat Migrante fëlle wëllen“. An um Blog vum Koalitiounspartner „Movimento 5 Stelle“ (M5S), war ze liesen datt „d‘Regierung vum Changement huet dem Immigratiouns-Business de Krich erkläert“.

D‘Unhänger vum Domenico „Mimo“ Lucano, hunn am Beispill vu Riace e Moyen gesinn, fir déi vill Dierfer déi hir Awunner verléieren, nees mat Liewen ze fëllen, an deem den Asyl-Demandeuren eng Wunneng ugebuede gëtt. Dëse Projet gëtt dann och vun europäeschen an italienesche Fongen, zanter dem Joer 2000, finanziell Ënnerstëtzt. D‘Aktioun vum Inneministère huet dat elo beendegt.

Et ass de Wonsch vum Inneminister, déi Projeten, déi sech vum Beispill „Riace“ inspiréiere gelooss hunn, ze begrenzen. Hie wëll d‘Asyl-Demandeure a groussen Opfankstrukturen zesummeféieren. Den Transfert vun de Migrante vu Riace soll e Méindeg ufänken, an de Ministère enquêtéiert am Kader vun „erwisenen Irregularitéiten“ am System vum Accueil vun de Migrante säit 2016.

Iwwerpréiwung vun den Ausgaben

Déi italienesch Regierung gëtt all Dag a fir all Migrant 35 Euro aus. Domatter sollen deem seng Fraisen (Logement, Iessen, Sproochecoursen an Täschegeld) gedeckt ginn. Vum Buergermeeschter vu Riace gëtt elo verlaangt, dës Depensen ze ventiléieren, also ganz detailléiert nozeweisen. Dem Domenico Lucano seng Affekote bereeden sech vir, géint de Ministère an Appell ze goen.

„Wéi ass et nëmme méiglech, datt de ‚Modell vu Riace‘, dee vun ongezielte Perséinlechkeeten aus Politik, Konscht a Bildung, als eng extraordinär Experienz bezeechent ginn ass, elo esou einfach kann zerstéiert ginn? Si wëllen eis futti maachen“, iergert sech de Buergermeeschter vu Riace. Dee war 2016 vu „Fortune“ als eng vun 100 aflossräichste Persounen op der Welt ernimmt ginn.

Onerbäermlech géintiwwer der Migratioun, huet de Matteo Salvini mat senger Politik, an de leschte Méint zolidd u Popularitéit gewonnen. Virun de Walen am Mäerz, hunn him knapp 10% vun den Italiener zougestëmmt, bei de Wahle waren et scho 17%, an wann elo gewielt misst ginn, géif den italieneschen Inneminister, esou déi rezent Sondagen, iwwer 30% vun de Stëmmen erhalen.

mat AFP

Foto: Den Domenico „Mimo“ Lucano, war den 22. Juni 2011 als beschte Buergermeeschter vun der Welt ausgezeechent ginn. Säin Duerf hat bis dohinner 200 Refugiéeën opgeholl. Bis 2016 waren et der bal 400, an alleguerten hunn nieft engem Dach iwwert dem Kapp, och eng Beschäftegung kritt. Deem huet den Inneministère elo „de Stecker gezunn“, de Buergermeeschter gouf verhaft an ënner Hausarrest gestallt, d‘Migrante ginn elo an Opfankstrukturen „transferéiert“. © Mario Laporta/AFP

Ähnlech Sujeten Domenico Lucano, Italien, Matteo Salvini, Migratioun, Riace
Nächsten Artikel Virrechten Artikel