Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ee Mëttel géint HIV – ass et endlech esou wäit?
International Neiegkeeten

Ee Mëttel géint HIV – ass et endlech esou wäit?

No enger Stammzellentransplantatioun konnte bei engem Patient zu London keng

USA-Mexiko: Douanestaxe suerge fir Gejéimers
International Neiegkeeten

USA-Mexiko: Douanestaxe suerge fir Gejéimers

Den US-President hat et déi Woch ugekënnegt: entweder Mexiko fënnt

Dammefussball: Jonglënster mat engem „Remis“ zu Beetebuerg
International Neiegkeeten

Dammefussball: Jonglënster mat engem „Remis“ zu Beetebuerg

Et war um 16 Spilldag an de éischter Liga vum

Haut féiert Italien d‘Biergerakommes an

Regierung feiert milliardeschwéiere Projet als sozialpolitesche Fortschrëtt

Haut féiert Italien d‘Biergerakommes an

Et war ee vun den zentrale Wahlversprieche vum „Movimento 5 Stelle“ (M5S) an dem Aarbechts- a Sozialminister säin Häerzenswonsch. Elo ass et esouwäit, an de Luigi Di Maio, ass erfreet: „Mat dëser Moossnam kann Italien sozialpolitesch nees mat Europa mathalen“.

Richteg ass, datt dat italienescht „Biergerakommes“ vergläichbar ass, mat Sozialzoulagen déi et längst an anere Länner gëtt. Esou wéi bei eis den RMG (elo REVIS), den RSA am Frankräich, oder Hartz-IV an Däitschland. Sënn an Zweck vun dëser Moossnam ass awer net eleng d‘erfëlle vun engem Wahlverspriechen. Et geet och ëm d‘Aglidderung an den Aarbechtsmaart.

Dat gesi vill Gewerkschaftler eppes anescht. Si iwwersprangen deen Deel aus deem ervirgeet, datt eeschthaft eppes géint Aarmut gemaach gëtt, a beschäftege sech direkt mat der Zilsetzung. An hei froen d‘Gewerkschaften, wéi dëst Biergerakommes dann am Endeffekt Aarbecht schafe soll? Hinne wier et léiwer wann Aarbechtsplaze géife geschafe ginn. Ass de Projet dann eng Doutgebuert?

All zwieleften Italiener usprochsberechtegt

Wien alles fir dëst Biergerakommes a Fro kënnt, léisst sech net mat Sécherheet feststellen, jidderee presentéiert „seng“ Zuelen. Eng realistesch Zuel dierft bei ronn fënnef Millioune Beneficiaire leien. Dat géif dann awer och bedeiten, datt all zwieleften Italiener usprochsberechtegt wier. De Luigi Di Maio huet et mam Biergerakommes ganz besonnesch op d‘Familljen ofgesinn.

„D‘Biergerakommes bedeit de Familljepappen a -Mammen, déi an dëse Joren hir Aarbecht verluer hunn, immens vill“, esou den italieneschen Aarbechts- a Sozialminister. Mam Biergerakommes gëtt elo séchergestallt, datt d‘Kanner sech net musse froen op mëttes eppes z‘Iessen um Dësch steet, an en Akommes ze hunn, gëtt den Erwuessenen nees eppes Sécherheet an Zukunftsperspektiv.

Keen huet behaapt et géif einfach

Wann ee sech d‘Konditiounen zum Erhalt vum Biergerakommes ukuckt, gesäit et sech zimlech restriktiv un. Mee eigentlech mécht dat ganzt och Sënn. Fir Usproch erhiewen ze kënnen, däerf den Demandeur en Akommes- a Verméigensindikator vun 9.360 Euro net iwwerschreiden. Et dierf een – ausser der eegener Wunneng – keng Immobilie besëtzen déi iwwer 30.000 Euro Wäert huet.

Huet ee gespuert, soll een anescht wéi bei eisen däitschen Noperen net bestrooft ginn, firwat een als Eenzelpersoun (maximal) 6.000 Euro an der Spuerstrëmp, an als Famill 20.000 Euro dierf besëtzen. Héiert sech einfach un, ass um Enn dann awer eng Grëtz méi komplizéiert. Dat läit um Akommes- a Verméigensindikator, deen no engem schwéier verständlecher Verfare berechent gëtt.

Wien opgepasst huet ass däitlech am Virdeel

Beim Biergerakommes, gëtt och d‘Unzuel u Kanner berécksiichtegt. Wëll heeschen, datt eng Famill mat engen Netto-Joresakommes vun 30.000 Euro, d‘Biergerakommes dierft ufroen. Wien „Single“ ass a Loyer bezilt, erhält maximal 780 Euro/Mount, a wien an den eegene véier Wänn wunnt, kritt maximal 500 Euro. Eng Famill mat zwee mannerjärege Kanner erhält bis zu 1.180 Euro/Mount.

Elo kritt een als Beneficiaire an Italien, dëst Geld net einfach op de Kont iwwerwisen. Hei gëtt d‘Biergerakommes op eng Kreditkaart opgelueden, déi een direkt fir finanziell Transaktiounen asetze kann. Mat dëser Kaart kann ee maximal 100 Euro Boergeld de Mount ophiewen (Familljen 210 Euro). Ass d‘Mesure bewëllegt, erhält een 18 Méint laang Geld, duerno muss nei ugefrot ginn.

mat indymedia/rom

Ähnlech Sujeten Biergerakommes, Italien, Luigi Di Maio, Movimento 5 Stelle, Wahlverspriechen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel