Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg wiisst, an dat ëmmer méi
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg wiisst, an dat ëmmer méi

Zum éischte Januar vun dësem Joer huet Lëtzebuerg 590.667 Awunner

Den Etat d’Urgence, erkläert
International Neiegkeeten

Den Etat d’Urgence, erkläert

Demnächst gëtt an der Chamber zum Thema vum Etat d’Urgence

US-President verdeedegt d‘Meenungsfräiheet
International Neiegkeeten

US-President verdeedegt d‘Meenungsfräiheet

Well den Donald Trump der Usiicht ass, datt Online-Plattforme wéi

Italien: Déi konservativ Koalitioun weist sech vereent

Italien: Déi konservativ Koalitioun weist sech vereent

E Sonndeg gëtt an Italien gewielt, Grond genuch fir de Silvio Berlusconi um Donneschdeg nach eng Maniff ze leeden. Eenheet weisen, dat ass et wat de Berlusconi vu senger ongläicher Koalitioun vu riets an extrem-riets verlaangt huet. D‘Populiste vun der 5 Stäre Beweegung (M5S) hunn hirersäits eng virtuell Regierung vun Experte virgestallt.

De fréiere Mediemogul un der spëtzt vu Forza Italia (FI) an der Koalitioun, déi, esou d‘Sondagen, wäit viraus läit, kann sech awer nach net sécher sinn eng absolut Majoritéit ze erhalen. Bei der Maniff ass hien dann och als leschte, ënnert dem Zouruffe vu senge Partisanen, gedroe vu de FI-Jugend, opgetrueden. Bis ewell ass et dem Silvio Berlusconi gelongen, d‘Differenzen innerhalb der Koalitioun kleng ze halen.

Während de Matteo Salvini vun der Liga (extrem-riets) an d‘Giorgia Meloni vun der italienescher Brudderschaft (Fratelli d‘Italia – extrem-riets) d‘Objektiver net aus den Ae verléieren, ass een intern nach wäit vun enger „Eenheet“ ewech. Déi dräi verantwortlech Politiker hunn sech dann och bis ewell, am Laf vun dëser Campagne, nach ni zesummen op enger Bühn gewisen.

De Salvini mécht dann och keen Heel dorausser, d‘Liga viru Forza Italia wëllen ze stellen, an esou d‘Direktioun vun enger spéiderer Regierung ze iwwerhuelen. Dat steet entgéint de Pläng vum Silvio Berlusconi, dee um Donneschdeg ugekënnegt huet, datt wann d‘Koalitioun sollt d‘Wahle gewannen, den aktuelle President vum EU-Parlament, Antonio Tajani, de neie Regierungschef gëtt.

An do sollt ee sech net esou sécher sinn. Och wann de Berlusconi verséchert, datt si sech all Dag um Telefon matenaner ënnerhalen, den Ofschloss vun der Campagne, feiert haut all Lager fir sech. De Salvini viru sengen Unhänger zu Mailand, de Berlusconi wéi gewinnt op der Televisioun, wou hie vun engem Interview zu anere wäert geleet ginn.

En Zweckbestietnes

Säit dem Ufank vun der Campagne, huet dat Zweckbestietnes liicht Onreegelméissegkeeten opgewisen. Esou verfollegt dem Berlusconi seng Forza Italia eng éischter moderat politesch Linn, déi sech zudeem als pro-europäesch wëll verstane gesinn. Déi extrem-riets opgestallte Liga a Fratelli d‘Italia, hunn et mat Bréissel net esou a verpassen och keng Geleeënheet dat ze soen.

Mee vun Europa ofgesinn, gëtt et beim Trio och villes wouriwwer een sech eens ass. Esou beispillsweis d‘Aféiere vun enger eenheetlecher Akommessteier (flat tax), d‘Ofwier vun de Migranten an d‘Ausweisung vun honnertdausenden illegalen Awanderer. Dës dräi Programmpunkte, sollten se ëmgesat ginn, géife laut Ekonomisten, bis zu 310 Milliarden Euro kaschten.

D‘Allianz vun den extrem-rietse Parteien, léisst dann och kee gutt Hoer un der Konkurrenz. Esou gëtt d‘Politik vun der populistescher M5S als amateurhaft duergestallt. De Bilan vun der Demokratescher Partei (aktuell un der Muecht) gëtt genotzt fir nozeweisen, datt si mat hirer Politik eenzeg an eleng erreecht hunn, datt et an Italien elo 3 Milliounen Aarmer méi gëtt.

Eng Ausso déi entgéint den Zuele steet, déi um Donneschdeg verëffentlecht gi sinn. Esou hätt sech de BIP erholl a géif esouguer no uewe weisen. Den ëffentlechen Defizit ass zudeem esou niddreg wéi zanter zéng Joer net méi. Mee déi Zuele kennen eppes net: se kënne kengem d‘Gefill huele vum Opschwong ausgeschloss ze sinn, an och an Italien si just déi Räich, nach méi räich ginn.

A während de Berlusconi op där enger Säit mat der däischterer Säit vun de Muecht spillt, stellt zu Roum de Luigi Di Maio, 31 järege Kandidat vun M5S fir de Posten als Regierungschef, seng Equippe vu 17 Ministere vir. Eng Equippe, déi haaptsächlech aus Leit vun der ziviller Gesellschaft besteet: e Generol vun de Carabinieri, en Ekonomist, en olympesche Champion, eng Kriminologin.

Leit déi, esou de Gedanke bei der 5 Stäre Beweegung, sech dem Argument entgéint stelle sollen, no deem de Luigi Di Maio net genuch Erfarung hätt, fir d‘Land ze leeden. Den Ëmstand, datt de jonke Populist och nach dräi Fraen op déi zentral Poste sëtze wëll (Inneministère, Ausseministère a Verdeedegung), bréngt der Beweegung och vill Zousproch.

Keng einfach Ausgankssituatioun

„Vill hunn der eis ausgelaacht“ well mir de Choix getraff hunn eng virtuell Regierungsequippe virzestellen. Dat hat et esou an Italien nach net ginn „mee mir wäerten déi sinn, déi e Méindeg laachen dierfen, wann eis, wéi ze erwaarden, 40% vun den Italiener den Optrag erdeelt hunn eng Regierung ze bilden“, esou en zouversiichtleche Luigi Di Maio.

An wat d‘Wahlen ubelaangt, esou muss ee sech hei engem dach relativ komplizéierte Modus fir d‘Auszielung unhuelen. Beim zesummeleeë vun de Stëmmen aus dem Proporz an dem Ausziele vun der Majoritéit sollt, esou d‘Experten, eng Prozentsaz tëscht 40 a 45% duergoen, fir a béide Kummeren déi absolut Majoritéit ze erhalen.

Ugesicht de leschte Sondagen (déi dierfen an de leschte 15 Deeg virum Wahldag net méi verëffentlecht ginn) déi engem zur Verfügung stinn, géif dem Luigi Di Maio seng M5S op 28% vun de Stëmme kommen. D‘Koalitioun vum rietse Lager kritt 37% vun de Stëmmen ugerechent, während déi aktuell mëtt-lénks Regierung awer nach mat 27% kreditéiert gëtt.

Zuelen déi allerdéngs net berécksiichtegen, datt et nach Milliounen Italiener gëtt, déi sech nach net konnten entscheeden. An et sollt ee sech bei M5S och drun erënneren, datt 2013, aus den 19% an de Sondagen, um Wahldag 25% gi waren. Do ass also nach Spillraum, woubäi et am Ament net wierklech vill Zousproch fir d‘Demokrate gëtt.

Ass nach ze bedenken, datt déi gesamt Campagne gepräägt war, vun Ausenanersetzungen tëscht der Police an de Militante vun der extrem-lénker. Déi hunn sech doduerch ervirgedoen, datt si d‘Optrëtt vun de Faschiste mat alle Moyene gestéiert hunn. E viraussiichtlech leschten Héichpunkt hat et um Donneschdeg ginn, wou géint d‘Neofaschiste vun der CasaPound demonstréiert gouf.

mam Frank Iovene an dem Terence Daley/AFP

Foto: (v.l.n.r.) Giorgia Meloni, Fratelli d‘Italia; Silvio Berlusconi, Forza Italia; Matteo Salvini, Lega © Alberto Pizzoli/AFP

Ähnlech Sujeten Giorgia Melon, Italien, Luigi Di Maio, Matteo Salvini, Silvio Berlusconi, Wahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel