Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ab dem 1. Mee ass den Internet mat dran!
International Money current dating apps

law of attraction dating tips

Am Kader vun der 51. Generalversammlung vun der Ettelbrécker Kollektivantenn

Editorial: Wat mech déi Zäitëmstellung nervt…
International Money current dating apps

Editorial: Wat mech déi Zäitëmstellung nervt…

Also ech weess jo net wéi dat bei iech esou

FC Red Star: „Et wier un der Zäit de Wierder och Dote follegen ze loossen“
International Money current dating apps

FC Red Star: „Et wier un der Zäit de Wierder och Dote follegen ze loossen“

De FC Red Star Märel/Belair fuerdert an engem oppene Bréif

money

Italien: Facebook bezilt beim Fisk seng Réckstänn

Italien: Facebook bezilt beim Fisk seng Réckstänn

Facebook huet acceptéiert, der italienescher Regierung, eppes iwwer 100 Milliounen Euro ze iwwerweisen. Dat no enger Enquête wéinst Steierhannerzéiung, wéi den italienesche Fisk en Donneschdeg matgedeelt huet. Déi „aner“ dräi (Amazon, Google an Apple) hunn och bezuelt.

Den Accord dee mat Facebook fonnt ginn ass ziilt drop of „d‘Rechtssträitegkeet a Verbindung mat den Enquêten, déi vun der italienescher „Guardia di Finanza“ duerchgefouert, a vum Procureur vun der Republik Mailand koordinéiert goufen, bäizeleeën“, erkläert den italienesche Fisk an engem Communiqué. Ënnersicht gouf den Zäitraum vun 2010 bis 2016.

„Et ass sech op eng Iwwerweisung vun eppes méi wéi 100 Milliounen Euro gëeenegt ginn“. Bezuelt gëtt d‘Rechnung vun „Facebook Italy“, heescht et weider am Communiqué. Facebook ass dann och net déi eenzeg Entreprise déi sech huet misse mam italienesche Fisk eens ginn.

De Ris vum Onlinehandel „Amazon“, hat sech schonn am Dezember 2017, op en Accord mam italienesche Fisk agelooss. Och hei sinn 100 Milliounen Euro „iwwerwisen“ ginn.

Google war schonn am Mee 2017 gebuede ginn a sech ze goen. Och hei ass ee sech eens ginn, a Google huet acceptéiert 306 Milliounen un Italien ze bezuelen. Hei huet de Sträit sech op d‘Benefice bezunn, déi an Italien gemaach, mee an Irland deklaréiert gi sinn (tëscht 2009 an 2013).

Am Dezember 2015, war et Apple. Och dës US-Entreprise hat sech mat der „Guardia di Finanza“ ugeluecht an de Kierzere gezunn. Um Enn gouf sech op e Paiement vun iwwer 300 Milliounen Euro gëeenegt.

Wann den italienesche Fisk, am Kontext vun der Besteierung vun de sougenannte „GAFA“, hei en Erfolleg gemellt huet, esou ass dat an anere Länner vun der Unioun esou net de Fall. Irland hat jo d‘Steierschold vun Apple (ëmmerhin e puer Milliarden Euro) trotz Reklamatioun vu Bréissel, net ugeholl.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Amazon, Apple, Facebook, Google, Guardia di Finanza, Italien, Steieren
Nächsten Artikel Virrechten Artikel