Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Ofso un de globalisteschen UNO-Migratiounspakt!
International Neiegkeeten

Eng Ofso un de globalisteschen UNO-Migratiounspakt!

Ënnert der Leedung vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen,

Et ass Fréijoer d‘Petitioune spréissen…
International Neiegkeeten

Et ass Fréijoer d‘Petitioune spréissen…

Zanter dem leschte Mëttwoch sinn 14 nei an 11 al

Brexit: Bréissel muss nach en Effort maachen?
International Neiegkeeten

Brexit: Bréissel muss nach en Effort maachen?

An 20 Deeg um Mëtternuecht soll den Austrëtt vu Groussbritannien

Italien gëtt Migrante gréng Luucht während nei Problemer um Horizont optauchen

D‘Schëff „Bruno Gregoretti“ vun der Küstewaach dierf d‘Migranten u Land ofsetzen

Italien gëtt Migrante gréng Luucht während nei Problemer um Horizont optauchen

Virun enger Woch hat déi italienesch Küstewaach iwwer 100 Migranten aus dem Mëttelmier opgegraff, an duerft op Uerder vum Inneminister keen Hafen ulafen. De Matteo Salvini huet gëschter annoncéiert datt eng Léisung fonnt gouf an d‘Migrante u Land dierfen.

MigranteFënnef Länner: Däitschland, Frankräich, Irland, Lëtzebuerg a Portugal hunn sech bereet erkläert d‘Migrante bei sech opzehuelen. Och déi kathoulesch Kierch huet Bereetschaft gewisen, a senge Strukturen en deel vun de Mënschen unzehuelen. Den italieneschen Inneminister huet déi „gutt“ Nouvelle direkt via Twitter verbreet. Och Bréissel huet den „Accord bestätegt, méi dann awer net.

MigranteWien der wéi vill bei sech Ophëlt ass den Ament also nach e Geheimnis. De Vatikan soll tëscht 50 a 60 Mënschen a sengen italienesche Strukturen ënnerbréngen, esou d‘Spekulatiounen an de lokale Medien. U Land gelooss goufen d‘Migranten an der Marinebasis vun Augusta.

Méi „Noutwennegkeet“ wéi „Humanitéit“

Et kann allerdéngs net dovunner Rieds sinn, datt den italieneschen Inneminister et engem einfach gemaach hätt. Hien huet mat senger „Aktioun“ massiv Drock op Bréissel ausgeüübt a mam Verbuet dat „eegent“ Schëff net wëllen an den Hafen alafen ze loossen e Prezedenzfall geschafen.

MigranteEn Dënschdeg ware Vertrieder vun der Staatsanwaltschaft, de Carabinieri an Dokteren op der „Bruno Gregoretti“ fir sech e Bild vun de sanitären a medezineschen Zoustänn ze maachen. Den italienesche Staatssender RAI hat matgedeelt, datt et 29 Krankheetsfäll u Bord gëtt. Zwee goufen evakuéiert. An den Deeg virdrun hate 15 mannerjäreger an eng schwanger Fra d‘Schëff verlooss.

Op en Neits huet sech de Matteo Salvini mat senger „haarder“ Linn géintiwwer Bréissel behaapt. A Bréissel huet alt nees missen eng „Noutléisung“ fannen. Esou awer kann et och mëttelfristeg net viru goen. Dees sinn se sech all bewosst an awer ass eng laangfristeg Léisung net a Siicht…

Den nächste „Problem“ ass schonn ënnerwee

Während Bréissel a Roum iwwert d‘Verdeelung vun den uewe genannte Migrante gestridden hunn, ass d‘Schëff „Alan Kurdi“ vun der ONG sea-eye – dat Ufank Juli 65 Persounen opgeholl hat, déi net konnt zu Lampedusa ofsetzen, a schlussendlech zu Malta huet dierfen uleeën – nees an hirem „Asazgebitt“ ukomm. Gëschter huet d‘ONG dann och scho matgedeelt Leit opgeholl ze hunn.

MigranteAn engem éischte Communiqué huet „sea-eye“ informéiert datt d‘Alan Kurdi 40 Persounen aus engem Schlauchboot opgeholl huet. Ënnert de Migrante sollen sech zwou Fraen, en Bëbee an zwee kleng Kanner befannen. Si kéimen aus: Elfebeeküst, Ghana, Kamerun, Kongo an Nigeria.

MigranteNodeems dës Informatioun „eraus“ war a d‘Alan Kurdi Kurs op Lampedusa geholl huet, huet et net laang gebraucht bis sech de Matteo Salvini nees a bekannter Manéier zu Wuert gemellt huet. Dat ersiichtlecht fir d‘éischt: Jo hien huet dem Schëff ënnersot an italienesch Gewässer anzefueren. Et ass folgerichteg nees u Bréissel dem Italiener zäitno eng Léisung fir den neie Problem unzebidden.

mat indymedia/rom/bru

Foto: © sea-eye.org

Ähnlech Sujeten Alan Kurdi, Bruno Gregoretti, Küstewaach, Matteo Salvini, Mëttelmier, Migranten, Sea-Eye
Nächsten Artikel Virrechten Artikel