Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – 3 Joer Weltemseegelung mam Joshua Slocum
calvin dating in the dark Neiegkeeten

how to describe myself on a dating website

No enger dräi järeger Eenhand-Weltemseegelung kënnt den amerikanesche Kapitän Joshua

dating pulsar watches
calvin dating in the dark Neiegkeeten

What the Fakt – De Rembrandt an den Dokter Tulp

D’Bild zur anatomescher Virliesung vum Dr. Tulp ass eent vun

Nei psychiatresch Struktur „De Park“ zu Ettelbréck ageweit
calvin dating in the dark Neiegkeeten

Nei psychiatresch Struktur „De Park“ zu Ettelbréck ageweit

Et gëtt scho laang keng psychiatresch Institutioune méi, déi vun

Italien huet eng nei Regierungskoalitioun

Movimento 5 Stelle a Partido Democratico verstännegen sech op Regierungsbildung, de Giuseppe Conte soll Ministerpresident bleiwen

Italien huet eng nei Regierungskoalitioun

An Italien hunn d‘Faschiste vun der Lega Nord eng grouss politesch Schluecht verluer. Si haten aner Absichten, mee den Accord tëscht dem Movimento 5 Stelle (M5S) a Partido Democratico (PD) huet dem Matteo Salvini seng Pläng op d‘Kopp gestallt. Haut empfänkt de Staatspresident Sergio Mattarella den neien ale Ministerpresident Giuseppe Conte, deen déi nei Regierung soll virstellen.

„Mir hunn dem Staatspresident haut gesot, datt et eng politesch Eenegung mat de Sozialdemokrate gëtt, an de Giuseppe Conte op en neits de Regierungsoptrag kréie kann“, esou de Leader vum M5S, Luigi Di Maio um Mëttwochowend. Dee muss um haidege Mëttwoch entscheeden, ob dës Allianz fir d‘Land gutt ass an ob de Giuseppe Conte mat der Regierungsbildung ka beoptraagt ginn.

Zur geplangter Koalitioun huet de Fraktiounschef vum PD, Nicola Zingaretti, gesot: „Mir léiwen Italien a sinn der Meenung datt et sech lount et ze probéieren“. Wien elo alles an dëser neier, méi ausgewoener Regierung an d‘Verantwortung kënnt, datt ass nach net ofschléissend gekläert ginn. Et brauch fir unzefänken e politesche Programm, iert een iwwert Personalfroen entscheede kann.

De Sozialdemokrat huet awer Ännerungen ugekënnegt: „Mir wëllen der Zäit vum Haass, dem Groll an der Angscht en Enn bereeden. Et gëtt en Italien dat léiert, dat schafft, dat produzéiert… en Italien dat sech Dag fir Dag beweist an aussergewéinlech Erfolleger erziilt“. Vum Movimento gëtt dat nees relativiséiert, de Luigi di Maio huet gesot, datt déi kierzlech beschlosse Gesetzer bestoe bleiwen.

Vun der neier „Oppositioun“, déi sécherlech nach ëmmer gutt Wäerter an de Sondagen Opweises huet et natierlech och eng Stellungnam ginn. Fir de Matteo Salvini handelt et sech bei dëser neier Koalitioun ëm eppes wéi ee Staatsstreech, hei wier zolidd gefuddelt ginn. Dobäi hat hien de Steen un d‘rulle bruecht, mat der Hoffnung Neiwahlen erzwéngen ze kënnen. Mee kee verléiert gären.

Säi Statement: „De Kandidat fir d‘Amt vum Ministerpresident hu se wuel zu Biarritz fonnt. Dat op de Rotschlag vu Paräis, Berlin a Bréissel. Offensichtlech huet si en Italien gestéiert – e Vollek a seng Regierung – dat den italienesche Familljen an Entreprisen Houfert, Würd, Souveränitéit an eng Zukunft zréckginn huet“. Téin déi villen Italiener riicht ewech aus dem Häerz schwätzen…

Op d‘Mandat vum Ministerpresident an eng Koalitioun mat Forza Italia an de Fratelli d‘Italia, muss de Matteo Salvini elo awer emol waarden. Neiwahle sinn – zumindest fir den Ament – elo emol bis op weideres ausgeschloss. Sollten sech den M5S an de PD op eng Politik fir d‘Bierger vun Italien an Europa verstännegt kréien, déi dann och tatsächlech ëmsetzen, steet der Zukunft näischt am Wee.

mat indymedia/rom

Illustratioun: Commedia dell‘Arte

Ähnlech Sujeten Giuseppe Conte, Italien, Lega Nord, Matteo Salvini, Movimento 5 Stelle, Nicola Zingaretti, Partido Democratico, Sergio Mattarella
Nächsten Artikel Virrechten Artikel