Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

G20-Sommet – E Scheitere verhënnert, mee eens ass ee sech och net
https://moien.lu/hook-up-breaker/ Neiegkeeten

https://moien.lu/good-opening-lines-for-dating-apps/

Datt de G20-Sommet vun Osaka net zum Debakel verkomm ass,

cat genie hook up
https://moien.lu/hook-up-breaker/ Neiegkeeten

G5 Sahel: Den Terrorismus soll mat enger neier militärescher Allianz bekämpft ginn

Een Dag nom Sommet iwwert d‘Finanzéierung vum „Klima“, verreent Frankräich

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 3
https://moien.lu/hook-up-breaker/ Neiegkeeten

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 3

Lëtzebuerg huet vill kleng a grouss Uertschaften. Mee et weess

Italien huet nees eng Regierung

Wien wéi eng Roll an der neier Regierung zougestane kritt huet, hei déi wichtegst Detailer

Italien huet nees eng Regierung

Gëschter am Nomëtteg war et endlech esouwäit. Nodeems de Chef vun der Lega Nord a fréieren Inneminister Matteo Salvini d‘Koalitioun mam Movimento 5 Stelle zur Implosioun bruecht huet, konnt sech eng nei Majoritéit mat de Sozialdemokrate vum Partido Democratico fannen.

Déi „net ganz esou“ nei Regierung soll haut de Mueren um 10 Auer vum Staatspresident Sergio Mattarella vereedegt ginn. Uschléissend muss sech déi nei Ekipp dem Vott am Parlament stellen. Wien huet wéi e Mandat erhalen a wéi gesäit d‘Gesicht vun dëser onerwaarter Regierung aus?

De Ministerpresident

Och an der neier Koalitioun bleift de Giuseppe Conte Ministerpresident. De fréier Juraprofesser hat säi Mandat eng éischte Kéier am Juni 2018 ugeholl a war zu dësem Ament deene meeschten Italiener vëlleg onbekannt. De Mann „ouni Partei“ war de Kandidat vum „Kompromëss“ dee vu béide Koalitiounspartner (Lega Nord & Movimento 5 Stelle) als Regierungschef bestëmmt gouf.

Vill „Experten“ hunn dem Giuseppe Conte regelméisseg ënnerstallt d‘Marionett vum Lega-Chef ze sinn. Eng, wéi elo gewosst ass, Feelaschätzung. Hie huet d‘rou behalen a sech geleeëntlech beschtens a Pose gesat. Esou beim G7-Sommet vu Biarritz, wou den US-President hie gelueft huet an als „héich ugesinn“ oder „ganz talentéiert“ ëmschriwwen huet. Elo dann den 2. Streech…

Den Ausseminister

Hei kann een onverhuele vun enger Iwwerraschung schwätzen, well mam Luigi di Maio – dat ass den 33 Joer jonke Leader vum Movimento 5 Stelle – als Ausseminister hat kee gerechent. Dat elo säi Mandat an den italienesche Medien „spëttesch“ behandelt gëtt, ass dorops zréckzeféieren, datt hie seng Studien ofgebrach, kee englesch Schwätzt an et och mat der italienescher Grammatik esou seng Schwieregkeeten huet.

Et gëtt zudeem bezweiwelt, datt hien, deen iwwert kengerlee international Erfahrung verfüügt, säi Land um internationalen Niveau wierdeg vertriede kann. Dat gëtt dem jonken engagéierte Politiker awer net gerecht. An de éischter Regierung war hie Vizepremier an Industrie- an Aarbechtsminister, wou hien sech gutt geschloen huet. An als Virsëtzende vu de stäerkster politescher Fraktioun am Parlament, steet him eng Schlësselpositioun zou.

Nei Inneministesch

Wéi de Matteo Salvini mam Mandat vum Inneminister ëmgesprongen ass, dat ass gewosst an et dierft keng einfach „Ierfschaft“ sinn, dëse Portefeuille ze iwwerhuelen. Hei ass d‘Wiel op déi italienesch Top-Beamtin Luciana Lamorgese gefall. Si war tëscht 2013 an 2017 Kabinettscheffin ënner verschiddene Minister a gëtt an de Medien als Technokratin ausserhalb dem Parteiegeflecht ëmschriwwen.

D‘Luciana Lamorgese kritt déi nächst Woch 66 Joer a wäert sech mat zwee groussen Themen ze beschäftegen hunn. Zum enge geet et drëms nees Rou an dëse vum Salvini op „null Toleranz géintiwwer Migranten“ getrimmte Ministère ze bréngen. Dat heescht et muss nei organiséiert ginn an och un der ugekraazter „Bezéiung“ mat Bréissel geschafft ginn. Leschtes sollt ugesiichts hirer Erfarung déi méi „einfach“ Missioun sinn.

De Wirtschaftsminister

Hei huet d‘Koalitiounsregierung en interessante Kandidat mat vill Erfarung ervirbruecht. Fir de Poste vum Wirtschaftsminister hu sech d‘PD an M5S op de Sozialdemokrat Roberto Gualtieri festgeluecht. Den 53 järege war zanter 2009 am EU-Parlament, wou hie säit 2014 den Ausschuss fir Wirtschaft a Währung geleet huet. Hie war och ee vun de „Chef-Ënnerhändler“ vum EU-Parlament beim Brexit.

Déi international Wirtschaft a ganz besonnesch déi international Mäert dierfte mat Argusaen dem Roberto Gualtieri seng éischt Schrëtt verfollegen. Dat mécht schon dowéinst Sënn, well déi éischt Koalitiounsregierung hat sech mat hirer Budgetspolitik weder zu Bréissel nach op de Bourssen an der Welt „Frënn“ gemaach.

Regierung

Wat een nach wësse sollt

Et ass sécherlech begréissenswäert, datt Italien seng politesch Kris, déi jo vun de rietsextremen ausgeléist ginn ass, intelligent geléist krut, woubäi bei aller Freed, een sech sollt bewosst sinn, datt och datt keng einfach Affär gëtt. Dës Koalitioun ass keng Libesbezéiung, iwwer Joren ewech waren sech de Movimento an d‘Sozialiste Spannefeind an hu sech keng Kaddoe gemaach.

Déi nei Regierung ass also faktesch eng „Regierung vun der Vernonft“ wat zouléisst, datt ee vun enger „kuerzzäiteger Regierung“ schwätzen dierf. Aus der Kris ass eigentlech just de Giuseppe Conte gestäerkt ervirgaangen, fir de Recht steet d‘Land – dat zumindest suggeréieren d‘Sondagen – geschlossen hannert de rietsextremen, wat am Parlament nach fir esou muenchen Tumult suerge dierft.

Zudeem geléngt et dem Matteo Salvini nach ëmmer mat sengem Haass an alternative Fakte bei der Bevëlkerung Ängschten oprecht ze erhalen, déi him am Fall vun neie Wahlen eng zolidd Basis bidden. Zesumme mam Berlusconi senger Forza Italia an de Neofaschiste vun der Partei Fratelli d‘Italia, wieren si déi däitlech Majoritéit. An Italien ass et nach ee wäite Wee bis een nees ka vu sozialer Kohäsioun schwätzen…

mat indymedia/rom

Foto: De Giuseppe Conte ass am beschten ewechkomm. Hie konnt säi Mandat verdeedegen an esouguer stäerken. © G7 official

Ähnlech Sujeten Giuseppe Conte, Italien, Movimento 5 Stelle, Partido Democratico, Regierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel