Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dat On-liesbart
https://moien.lu/dating-sites-farnborough/ Neiegkeeten

dating med student

Politesch Literatur ass nach eng Seelenheet zu Lëtzebuerg. Mee et

duo matchmaking lawsuit
fade dating
https://moien.lu/dating-sites-farnborough/ Neiegkeeten

Syrien: Den Erdogan fuerdert d‘USA op aus Manbij ofzezéien

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet haut Washington opgefuerdert

Moskau a Kiew hunn d‘Staatsbiergerschaft an der Promotioun
https://moien.lu/dating-sites-farnborough/ Neiegkeeten

Moskau a Kiew hunn d‘Staatsbiergerschaft an der Promotioun

Mëtt leschter Woch hat de Vladimir Putin per Dekret entscheet,

Italien huet seng politesch Kris

Faschisten a Populiste wëllen net méi am gläiche Bett schlofen... wien huet un der Decke gerappt?

Italien huet seng politesch Kris

Eigentlech wollt den italieneschen Inneminister Matteo Salvini scho gëschter d‘Regierung kippen an dee vun him forcéierte Mësstrauensvott géint de Regierungschef Giuseppe Conte erzwéngen. Do hat de Senat awer eng aner Siicht op d‘Saach. Haut dierf weider gezësst ginn…

De Chef vun der rietsextremer Lega Nord huet et op Neiwahlen ofgesinn, dat engersäits well seng Sondage „beschtens“ sinn an de Koalitiounspartner, Movimento 5 Stelle, senger Usiicht no all seng Projeten – ënnert anerem d‘Eisebunnslinn Turin-Lyon – blockéieren. Am léifste wier dem Matteo Salvini gewiescht, hien hätt säi Mësstrauensvott nach an dëser Woch dierfen abréngen, dat huet de Senat awer ënnerbonnen. D‘Fraktiounscheffen am Senat hu sech net op en Zäitplang gëeenegt kritt.

Am Kloertext bedeit dëse kuerzfristege Réckschlag, datt sech d‘Demokraten aus der Oppositioun mat der Regierungspartei M5S an dëser éischter Phas duerchgesat kruten. Eng Victoire wier et awer eréischt, wann haut am Plenum „all“ d‘Senateuren ofgestëmmt hunn a sech op en neien Datum fir de Mësstrauensvott verstännegt hunn. Si sinn och zouversiichtlech hir Senateuren aus dem Congé zréckgeholl ze kréien, a kéinten sech esou am Senat eng Majoritéit géint Neiwahle sécheren.

De Partido Democratico (PD) an de Movimento 5 Stelle (M5S) wëllen, datt sech de Giuseppe Conte eréischt um 20. August dem Mësstrauensvott stellt, mee dorops konnten sech d‘Fraktiounscheffen am Senat gëschter net eenegen. De Problem vun der „Widderstand-Koalitioun“? E kuerzfristegen Termäin fir Neiwahle géif der Lega Nord an d‘Hänn spillen. Eng Iwwergangsregierung wier ganz am Sënn vum PD an och beim M5S géifen sech Volleksvertrieder dësem Zeenario uschléissen.

Eng verluere Schluecht…

D‘Fraktiounscheffin vu Forza Italia (FI) Anna Maria Bernini huet gëschter unerkannt, datt dem Matteo Salvini seng „Géigner“ e Méindeg zumindest eng Schluecht gewonnen hunn. D‘Forza Italia, vum ëmstriddene Silvio Berlusconi ënnerstëtzt d‘Lega Nord. Och si sinn an de Sondage gutt notéiert a kéinten natierlech, bei massiver Zoustëmmung, an eng Regierung mat der Lega goen. Elo hofft de Fraktiounschef Massimiliano Romeo vun der Lega Nord, datt de Vott „séier“ stattfënnt.

„Mir wiere bereet och op Maria Himmelfaart an d‘Parlament ze kommen, wann et derzou bäidréit de Mësstrauensvott hannert eis ze bréngen. Mir kënnen eis net erlaben, datt d‘Land nach méi Zäit verléiert“, esou de Massimiliano Romeo, dee sengem Leader aus dem Häerz geschwat huet. Deen huet dann och no der Sëtzung vun de Fraktiounscheffen nach emol wierksam betount: „Neiwahle sinn den eenzege Wee aus der Kris“. Woubäi et jo awer hien ass deen dës Kris erbäigefouert huet.

…bedeit net d‘Enn vum Krich

Sollt et allerdéngs derzou kommen, datt et am Senat net esou verleeft wéi sech dat d‘Lega Nord an d‘Forza Italia virstellen, mee déi nei „Anti-Salvini Koalitioun“ de Kapp iwwer Waasser behält, da wier de Wee fräi fir d‘Iwwergangsregierung. Dozou de Fraktiounschef vum PD, Andrea Marcucci: „Wann et d‘Méiglechkeet fir eng institutionell Regierung gëtt, dat mam Zil d‘Zäit bis zu den nächste Wahlen ze iwwerbrécken, da sollte mir dat iwwerpréiwen“. Och hien huet vill ze verléieren.

De Vizepremier Luigi di Maio (M5S) huet sech och géint kuerzfristeg Neiwahlen ausgeschwat a gläichzäiteg däitlech gemaach, datt de Partido Democratico net méi den eigentleche politesche Géigner ass, mee ganz kloer dem Salvini seng Lega Nord. An de sozialen Netzwierker huet de Luigi di Maio gepost: „Dir wäert gesinn: den Dolchstouss den d‘Land vun der Lega Nord an de Réck krut wäerten d‘Italiener hinnen a Rechnung stellen“. D‘Sondagë schwätzen awer eng aner Sprooch…

mat indymedia/rom

Foto: ©

Ähnlech Sujeten Giuseppe Conte, Italien, Luigi Di Maio, Matteo Renzi, Matteo Salvini, Neiwahlen, Regierungskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel